Ofgelaafe Vaccinen – Nofro

Den 22te November 2021 hat ech eng dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister gestallt (n°5271), fir gewuer ze ginn, wéi vill Covid-19 Impfstoff, deen no um Oflafsdatum ass, zu Lëtzebuerg nach am Stock ass. Trauregerweis hunn dunn iwwer 13.000 Dosen Enn November missten zerstéiert ginn. Weider Dosen sinn nokomm. Aus Read more…

Solaranlagen a Gréngzonen

Déi aktuell Majoritéit fërdert iwwert verschidden Instrumenter de Bau vu Solaranlagen zu Lëtzebuerg. Vill Leit sinn iwwerzeegt vun der Sonnenenergie a wëllen dofir och eng Photovoltaikanlag bauen. Mir gouf awer zougedroen, dass et speziell bei Gebaier, déi a Gréngzone stinn, méi komplizéiert ass, fir Solarpanels z’installéieren, well een hei nach Read more…

Nominatioun vun der Madame Wickler

An engem Artikel vu reporter.lu vum 12te September geet et ëm d’Madamm Wickler, déi wärend der Coronapandemie duerch d’Verbreede vu Verschwierungstheorien opgefall war an 2021 vun der Regierung an de Verwaltungsrot vu Cargolux genannt gouf, mat der Begrënnung, dass d’Madamm Wickler eng “dynamesch Geschäftsfra” wier mat enger „wirtschaftlecher Erfarung, déi Read more…

Wéi eng Luetstatiounen sinn eligibel fir Subventiounen?

Eng Persoun krut eng Subventioun fir eng privat Luetstatioun net accordéiert, well déi vun där Persoun ausgewielte Luetstatioun net de Krittäre vum groussherzogleche Reglement vum 19ten August 2020 iwwert d’staatlech Bäihëllefe fir d’Installatioun vu private Luetstatioune fir elektresch Autoen entsprécht. Den Investissement ass awer gemaach an d’Luetstatioun kann net méi Read more…