Busparking beim Lycée Mathias Adam

Zu Rodange gëtt aktuell d’Gare ganz frësch gemaach an ausgebaut. Am Kader vun dësen Aarbechte gëtt och d’Busgare aktuell nei gemaach an erweidert. Bis dës Aarbechte fäerdeg sinn, mussen d’RGTR-Busser anzwousch anescht stoe goen. Verschidde Busser fueren deemno queesch duerch d’Gemeng op der Sich no enger Parkplaz.  De Busparking beim Read more…

Kënnt eng nei Eisebunnsënnerféierung zu Péiteng?

An der Äntwert op parlamentaresch Fro n°5766 zum Wunnprojet am Zentrum vu Péiteng huet de Logementsminister geschriwwen, dass aktuell iwwerluecht gëtt, fir d’Eisebunnsënnerféierung duerch e méi groussen Ouvrage z’ersetzen.  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Kann de Minister Informatiounen dozou ginn, wéi dës Ënnerféierung herno soll Read more…

Kaméidi am Kordall – wat maachen géint den Traffic op der Collectrice?

Esou wéi den Ëmweltministère et gefuerdert hat, hunn 9 Südgemenge viru kuerzem een Aktiounsplang géint Kaméidi ausgeschafft an dësen a verschiddee Gemengerotssëtzunge schonns thematiséiert an diskutéiert. Esou wéi a villen anere Gemengen, gouf och zu Péiteng de Stroossen – a Schinneverkéier als Haaptquell vum Kaméidi identifizéiert. Zu Péiteng ass et Read more…

Covid-Test-Statioun zu Péiteng

Am Kader vum Large Scale Testing si verschidden Zentren zäitweis un hier Limitte komm. Elo gouf op verschidde Platzen opgestockt an deelweis néi Test-Statiounen (LST) opgemaach wéi zum Beispill zu Stroossen. An deem Kader hunn mir Piraten d’Gesondheetsministesch op de Site vum Carena an der rue Eucosider zu Péiteng opmierksam gemaach, deen eiser Meenung no eng gutt Read more…