Juegdtrophäen: kloer nee!

Zu Lëtzebuerg suergen Annoncen vu verschiddenen Immobilien reegelméisseg fir Empörung. Oft leit et un de Präisser, déi fir ee Bien gefrot ginn. Bei enger rezenter Annonce op enger bekanntener Immobilieplattform um Internet war et awer net de Präis vum Haus, dee schockéiert, mee de Fakt, dass op gewësse Fotoen vun de Räimlechkeeten, an deenen ausgestopften, deels exotesch, deels heemesch, Wëlldéieren exposéiert sinn. Ënnert den exoteschen Déieren fënnt een haufeweis ausgestopfte Kadaveren vun Zebraen, Antilopen ee Krokodilsteppech, also Déierenaarten, déi an der Washingtoner Artenschutzübereinkommen (CITES) opgelëscht sinn.

D’CITES-Konventioun huet als Ziil den Erhalt vu gefährdeten Aarten sécherzestellen. Dës Konventioun gouf och zu Lëtzebuerg mam modifizéierte Gesetz vum 19te Februar 1975 ugeholl. Zënter 1985 existéieren och Strofen, déi zënter dem ofgeännerte Gesetz vun 1975 agebaut sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Juegdtrophäen vun Aarten, déi am EU-Reglement op de Lëschten A, B an C opgelëscht sinn, goufen an den leschten 10 Joren hei zu Lëtzebuerg zougelooss?

  2. Wéi vill Strofen, opgelëscht no den 13 Ënnerpunkten aus dem Strofekatalog vum modifizéierte Gesetz vum 19te Februar 1975, goufen an de leschten 3 Joeren zu Lëtzebuerg ausgeschwat? (Gesetzesännerung 2018)
    Wéi vill Strofen goufen insgesamt ënnert dem virrëchtem Artikel 12 vum Gesetz ausgeprach? (Gesetzesännerung 1985)

  3. A wéi engem Ëmfang ginn d’Dispositiounen vum Gesetz, wat den Import vu Juegdtrophäen ugeet, kontrolléiert? Wéi vill a wéi eng Mëttelen stellt d’Regierung heifir all Joers zur Verfügung?

  4. Wéi kann d’Regierung sécherstellen, dass d’Déieren, déi hei als Juegdtrophäen importéiert ginn, no de Prinzippien vun eisem Déiereschutzgesetz dout gemaach goufen?

  5. Wéi steht d’Ministesch zum Import vun exotesche Juegdtrophäen? Géif d’Ministesch de Wée goen, fir een Import vun Wëlldéieren, am Numm vum Déiereschutz, ze verbidden?
    Bewäert d’Ministesch d’Trophäejuegd op anere Kontinenter als eng Fräizäitaktivitéit?

  6. Ee Wort-Artikel vum 3ten August 2015 beriicht doriwwer, wéi Juegdreesen vu Lëtzebuerg aus organiséiert ginn:
    “Hinter der Safari-Industrie mit garantiertem Abschuss von bedrohten Tierarten steckt System. Schlimmer noch, selbst in Luxemburg wird online Werbung für solche zweifelhaften Jagdaktionen betrieben. Auf der Internet-Seite jagen.lu werden Jagdreisen in afrikanische Staaten als Entwicklungshilfe angepriesen und auch angeboten. Im Programm sind Burkina Faso, Benin, Namibia und Kamerun. Nicht nur die Länder, sondern auch die Wildarten kann man sich selber aussuchen. Wer meint, hier würden nur ein paar Antilopen zum Abschuss angeboten, der irrt: In der Liste findet man auch geschützte Arten wie Elefant, Gepard, Flusspferd, Leopard, Löwe oder Wolf. ”

    Ass et zu Lëtzebuerg nach ëmmer erlabt, kommerziell Juegdreesen op geschützte Wëlldéieren an anere Länner unzebidden? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4717

D’Pirate sinn der Meenung, dass d’Juegd op d’Déiere keen Hobby soll sinn, mee eng seriéis a sënnvoll Aktivitéit duerstellt, mat der Bedéngung d’Wiert vum Déier ze respektéieren. Aus dësem Grond wëlle mer Juegdtropheeë bannent der EU verbidden an domadder generell Spaass- an Amateurjuegten ënnerbannen.

Méi Inhalter fir ee staarken Déiereschutz fannt dir hei:

https://web.piraten.lu/wahlprogramm-eu-2019/den-deiereschutz-an-europa-staeerken/

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023