Sven Clement:
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, Inklusioun amplaz Integratioun, Uschloss amplaz Ausschloss, Chancëgläichheet duerch Differenzéierung, individuell Entwécklung duerch innovativ Kompetenzfërderung: Wann et drëms geet, sech Ziler ze setze mat Begrëffer, déi eppes hierginn da ka keen eisem Bildungsministère eppes virmaachen! Nach ni war d’Schoul esou inklusiv, innovativ a modern ewéi haut – zumindest um Pabeier.
Wann déi lescht Jore blo Bildungspolitik eppes erreecht hunn, dann d’Schoul besser kléngen ze loossen. Ob sech awer wierklech méi wéi d’Begrëfflechkeet zum Bessere gewant huet, dat ass méi wéi zweifelhaft.
Ëmmer méi Kanner fält et schwéier, konzentréiert de Coursen an de Schoulen ze folgen, an ëmmer méi Kanner leide schonn a jonke Joren ënner Aggressiounen, well se mat hire Suergen an Ängschten net opgefaange ginn.
D’Enseignantë ginn all Dag hiert Bescht, fir all Kand am Land déi selwecht Chancen op eng gutt Bildung ze bidden. Mee wann d’Centres de compétences aus allen Néit platzen an d’Enseignanten an d’Kanner, och wa schwéier Fäll gemellt ginn, keng Ënnerstëtzung kréien, da sinn hinnen d’Hänn gebonnen.
Enseignantë si keng Psychologen. An dat ass hinnen net virzewerfen! Wann d’Enseignantë Problemer mat Kanner an hirer Klass hunn, déi Unzeeche fir e sozioemotionalen Trouble hunn, da musse se dat kënne weiderginn, ouni Angscht ze hunn, gesot ze kréien, datt se just ze schlecht an hirem Beruff wären an d’Kand eeben net ënner Kontroll hätten. Oder datt se eeben einfach nach niewent der Aarbecht eng Zousazformatioun maache sollten.
All Kand muss gehollef kréien. Ech mengen, jiddereen heibanne kennt mindestens een Enseignant, dee vun engem Kand erziele kann, deem hätt misse gehollef ginn, mee wou einfach näischt geschitt ass. Oder – an dat ass zwar méi seelen, mee dofir ëmsou méi dramatesch – wou zwar eng Prise en charge vum Kand gemaach gouf, mee wou d’Kand du just vu Service zu Service geschiibt ginn ass, bis et schlussendlech am Ausland gelant ass, well mer zu Lëtzebuerg net déi néideg Hëllefsstrukturen haten. Dat ass eng Katastroph!
Eis Enseignantë sinn haut mat ganz anere Realitéiten um Terrain konfrontéiert wéi nach virun zwanzeg Joer. Et gouf haut scho gesot: „D’Schoul vun haut ass net méi déi vu gëschter.“ De Problem ass: E gudden Deel vun eisen Infrastrukture sinn awer nach déi vu gëschter. De Beruff ass sécher net méi einfach ginn. Datt et an esou enger Situatioun net déi beschten Iddi ass, de Secteur och nach ze iwwerschwemme mat engem ganze Koup nach net qualifizéierte Chargéen a Quereinsteiger, déi einfach an d’kaalt Waasser gehäit ginn, misst eigentlech op der Hand leien. De Fait, datt jiddereen, deen eng Première gemaach huet, elo zu Lëtzebuerg virun enger Klass stoe kann, ouni virdrun an iergendenger Form an engem Stage evaluéiert ginn ze sinn, dréit sécher net derzou bäi, d’Ausbildung vum Enseignant méi attraktiv ze maachen.
Mir sinn aktuell an enger Situatioun, wou d’Aarbecht um Terrain ëmmer méi haart an d’erwaarte Qualifikatiounen ëmmer méi héich, mee déi reell Ausbildungsqualifikatiounen ëmmer méi niddreg ugesat ginn. D’Léierpersonal leeft op de Felgen. An déi Kanner, déi och just e wéineg aus dem System erausfalen, bleiwen op der Streck. An da gëtt sech awer gewonnert, datt de Beruff un Attraktivitéit verléiert.
Eng Schoul ass eebe keng Entreprise, och wann eise bloe Minister dat vläicht mengt. D’Schoule solle fir dës Regierung lafe wéi Betriber: Direktiounen un der Spëtzt, déi d’Responsabilitéit droen, da muss de Minister dat net maachen. D’Enseignanten, déi als fläisseg Aarbechter schaffen, an d’Kanner, déi als fantastescht Endprodukt zum Schluss d’Schoul verloossen, fir dann, am beschten a MINT-Fächer, smart an innovativ Startuppen zu Lëtzebuerg ze grënnen, fir den Nation Branding virunzedreiwen. A wien deem net gerecht gëtt, gëtt eeben esou laang mat duerchgezunn, bis en iergendwann d’Schoul awer verlooss huet. Wat dann aus em gëtt, interesséiert d’Regierung net weider, et war schliisslech kee Leeschtungsträger. Deen eenzege Grond dofir, datt eise Schoulsystem sech trotz dëser reng kapitalistescher Approche ëmmer nach eng gewësse Mënschlechkeet erhale konnt, ass wéinst dem onbeschreiflechen Engagement vun den Enseignanten um Terrain. Mee si gi midd. A si kënnen net éiweg esou weidermaachen.
D’Attraktivitéit vum Enseignantsberuff hëlt net of, well de Beruff u sech net extreem erfëllend wär, mee well d’Kaderkonditioune lues a lues net méi ze erdroe sinn. An dat ass net d’Schold vun de schwierege Kanner oder vum Personal, wat keng Kontroll huet, mee et ass d’Schold vun der Politik. Et ass d’Schold vun enger Politik, déi probéiert, e Mangel ad hoc ze léisen. Et ass d’Schold vun enger Politik, déi probéiert, e Mangel, deen iwwer Jore konnt gesi ginn, ganz séier aus der Welt ze schafen. Et ass d’Schold vun enger Politik, déi joerzéngtelaang dat e bësse stéifmütterlech behandelt huet. Et ass d’Schold vun enger Gesellschaft, déi déi eng Beruffsgruppe géint déi aner ausspillt. An och dat gouf haut gesot. Wou d’Arméi mat schéine Jeepen a mat Waffe Werbung an de Schoule mécht, fir eebe Leit unzezéien, wou d’Handwierk an d’Schoule geet, fir Werbung ze maachen a wou den Enseignement keng Werbung fir de Beruff mécht.
U sech misst jo all engagéierte Schoulmeeschter an all engagéiert Joffer déi beschte Werbung fir de Beruff sinn. U sech kéint een also dervun ausgoen, datt d’Kanner, esou wéi de Gilles Baum dat virdru gezielt huet, duerch hir Schoulmeeschteren a Jofferen dervunner iwwerzeegt géife ginn, fir selwer an den Enseignement ze goen. Mee wéi ech virdru sot, ass déi Situatioun fir vill Enseignanten, déi am aktiven Déngscht stinn, haut eebe gradesou, datt se net Werbung fir hire Beruffsstand maachen. An dat ass schued! Well et wär déi beschte Werbung, déi ee ka maachen, wann Enseignantë selwer hire Schülerinnen a Schüler soe géifen: „Ma gitt Enseignant!“ „Du bass ee vun deene Beschten, deen ech hunn, an dech géif ech gutt als Enseignant gesinn.“
A fir datt d’Enseignantë genau dee Reflex hunn, musse mer hinnen d’Liewe méi einfach maachen. Mir mussen ophalen, Schoule wéi Entreprisen zegesinn, mee mir musse se nom Humboldtschen Ideal gesinn, wou ee léiert als Selbstzweck, wou ee léiert fir weiderzekommen. Wou een net léiert just mam Zil, fir herno e funktionellt Element vun enger Gesellschaft ze sinn. Mir brauche keng Schoul, déi iergendengem Back-on-track-Fetischismus vu viru 50 Joer noleeft, wou vun uewen erof ex cathedra Schülerinnen a Schüler Vokabelen agedrummt kréien, déi se souwisou haut méi séier op hirem Handy kënnen nokucken, wéi se se fréier konnte léieren.
Jo, Liesen, Schreiwen, Mathé, dat ass wichteg. Mee dat Auswennegléieren aus de vergaangene Joerzéngten, dat brauch een haut ëmmer manner. Gefuerdert gi Kompetenzen, fir eebe grad dat Geléiert kënnen unzewenden, an och do ass et leider esou, datt mer d’Enseignanten heiansdo aleng dostoe loossen. Mir loosse se aleng dostoen. Mir soen hinnen zwar: „Hei ass e Leitfaden, hei ass e Guide, wannechgelift setzt dat ëm! Mee wann Der et gutt wëllt ëmsetzen, dann, wannechgelift, maacht nach zousätzlech Formatiounen.“ An ëmmer weider Formatiounen …
D’Fro ass: Wéi kréie mer dat besser encadréiert? Ech si ganz éierlech, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech kann Iech dorobber keng Äntwert ginn. An ech mengen, mir alleguerten hunn net déi eng eenzeg richteg Äntwert dorobber. Ech mengen, datt et en Zesummewierke vu ganz villen Elementer ass. Eng Simplification administrative an de Schoulen, eng Méiglechkeet, fir de Beruff kënnen ze liewen, ouni direkt ëmmer nëmmen evaluéiert ze ginn a virun allem eng Méiglechkeet, fir de Schülerinnen a Schüler dat ze vermëttelen, wat wichteg ass, fir de Beruff vum Enseignant attraktiv ze maachen, nämlech d’Freed drun, de Beruff auszeüben.
Ech soen Iech Merci.
- September 21, 2023
- 5:26 pm
- Programm 2023, Uncategorized @lb-lu
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.