Interpellation de Mme Semiray Ahmedova au sujet du développement du site Belval

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Als Südler ass natierlech de Site Belval eng Plaz, wou
ech vill Zäit verbruecht hunn. Dofir och merci dem
Semiray Ahmedova fir d’Interpellatioun haut.
(Interruption par M. Dan Kersch)
Péiteng ass am Süden, jo, Här Kersch. Am déifste
Süden!
(Interruption)
An d’Piraten sti jo och ganz …
(Interruption)
… kloer zum Site vum Belval. Net just – wann ech
mech elo zréckerënneren –, well ech do den éischten
Date mat menger Fra hat an dat nach bis haut …
Plusieurs voix | O!
M. Marc Goergen (Piraten) | … hält an ech deementspriechend eng ganz positiv Erënnerung hunn un
de Belval. Mee et ass awer och e ganz gudde Projet
fir d’Minettregioun, deen hir nach méi Liewen agehaucht huet souwéi wirtschaftlech a kulturell eis ganz
Regioun virubruecht huet. Jo, de Belval steet och fir
d’Geschicht vum Süden a fir eis Piraten ass et ganz
wichteg, dass déi och erhale bleift.
Wat mir um Site Belval awer och opfält, sinn déi vill
Flächen, déi leider versigelt gi sinn, dass vill Plazen
zoubetonéiert gi sinn. Do ass de Belval Plaza II e gutt
Beispill. Firwat hätt een do net kënne vill méi Gréngs,
e Park, Gréngflächen, Beem ëmsetzen? Et ass net
wierklech verständlech, firwat do op esou vill Bëton
gesat ginn ass. Och wann d’Theema vum Site d’Industrie ass, där mer ganz dankbar si fir de Wuelstand,
esou hënnert dat eis awer net drun, d’Natur besser
am Site ze integréieren. Fir d’Liewensqualitéit op der
Plaz ze erhéijen, wier et sécherlech net verkéiert gewiescht, der Natur vill méi Plaz ze ginn.
Och an der Energiebilanz ass de Belval sécherlech
nach net nohalteg genuch. Den Energieminister sot
selwer jo och an engem „Wort“-Artikel, dass een hei
mat Solaranlagen d’Bilanz nach kräfteg verbessere
kéint.
De Site Belval ass jo och dofir geduecht, dass vill Besicher empfaange gi fir sech ze amuséieren, wat mir
Piraten och ganz gutt fannen. Och den Akafszenter
mécht Sënn, och wann en an eisen Aen net wierklech
nohalteg ass. D’Konzept ass éischter op Schnäppchen
aus wéi op qualitativ an nohalteg Produiten. Et ass
éischter de bëllege Konsum, fir elo net en Numm ze
nennen, mee de Slogan „Geiz ist geil“.
Vill Geschäfter, virun allem um Belval II, sinn och haut
leider nach ëmmer zou. Hei kéint de Staat eventuell
derzou bäidroen, dass den nohaltege Commerce säi
Wee heihinner géif fannen, well de Site a sech immens vill Virdeeler huet: vun der Rockhal bis hin zum
Kino, Restauratioun. Flott Zäiten, déi een einfach do
verbréngt. Jo, et kann ee souguer heiansdo, wann
een iwwert de Boulevard fiert, mengen, et wär een zu
New York.

Eng weider Iwwerleeung, wat um Belval sécherlech
kann nach verbessert ginn a wou nach Potenzial besteet, dat ass d’Synergie mat Esch. Jo, et kënnt zwar
elo eng Vëlosbréck, mee domadder geet et awer
nach net duer. De Projet Belval muss och der Stad
Esch neien Elan bréngen. Et geet net duer ze soen,
déi zwee wäre komplementär. Och wa Wolkenkratzer um Belval entstinn, esou sollte mer kucken, dass
den Escher Stadkär net hannert Belval zréckbleift.
D’Uelzechtstrooss kann ee sécher nach méi attraktiv
maachen, fir dass de Süde mat senger gréisster Stad
allgemeng den Uschloss net verléiert.
De Belval sollt och a sech als Géigepol hei am Land
zum Kierchbierg gëllen. An domadder wëll ech
net soen: d’Feeler kopéiere vum Kierchbierg! Dës
Dezentraliséierung begréisse mir Piraten ganz kloer.
Eng Dezentraliséierung – dat hate mer schonn an e
puer Diskussiounen hei zur ländlecher Entwécklung
gesot – wäert eis a virun allem eiser Natur ganz vill
Guddes bréngen an eist Land e gutt Stéck méi nohalteg a liewenswäert maachen. Wann also net all
Mënsch zur selwechter Zäit op déi selwecht Plaz muss
fueren oder goen, dann hu mer vill geleescht. An dat
hëlleft dann och der Regioun ronderëm de Belval.
Ass de Belval haut schonn e Géigepol vum Kierchbierg? Menger Meenung no nach net. Do ass nach
ganz vill Verbesserungsbedarf. Bei de Geschäfter gesäit ee jo, dass de Shoppingzenter Belval Plaza nach
net déi néideg Attraktivitéit huet, fir mat de Shoppingzentere ronderëm d’Stad matzehalen.
An och am Trafick, dee sech nach ëmmer méi a Richtung Stad konzentréiert wéi a Richtung Belval – dat
weisen d’Zuele vum aktuelle Plan national de mobilité –, ass een um gudde Wee. An et muss ee sech drop
gefaasst maachen, dass de Belval wäert weider wuessen an un Attraktivitéit gewannen. Wat méi Leit an déi
Regioun wunne kommen, virun allem mat Projete wéi
Rout Lëns/Terres Rouges, wat d’Zon ronderëm Esch a
Belval och méi wichteg an attraktiv wäert ginn.
Fir de Wunnengsbau um Belval ass et fir eis u sech
kloer, dass de Staat hei selwer sollt bauen a selwer de
Promoteur sinn. Dat – an dat iwwerrascht Iech elo net –
fir 10 Euro de Meterkaree am Mietkauf.
E Virdeel um Belval souwéi an de neie Quartieren zu
Esch ass, dass een an d’Héicht ka bauen an deemno
vill Plaz optimal notze kann, fir Wunnengsflächen ze
erstellen. Mee do dierf een net vergiessen, och direkt
Crèchen a Maison-relaise matzebauen. Bekanntlech
feelen do nach Plazen. Um Belval misst u sech och
Potenzial do sinn, fir e puer Tierm am Stil vun Déifferdeng opzeriichten, wéi zum Beispill de Gravity Tower.
D’Fro vun der Madamm Ahmedova iwwert d’Entwécklung vum Belval op deenen zwou Säite vun der Grenz
ass eng ganz gutt. Wärend um Belval eng kleng City
entsteet, ginn déi franséisch Gemenge ronderëm de
Belval e bësse vernoléissegt. Dobäi wär et wichteg,
op dëser Plaz ze kucken, fir méi Liewensqualitéit och
an den Nopeschgemengen iwwert d’Grenz eraus ze
erméiglechen.
Jo, dat wär eng europäesch Approche. Well mat der
Abannung vun der Groussregioun kéint een de Belval weiderhi stäerke souwéi d’Grenzgemenge vill méi
matabannen. Firwat zum Beispill net mat enger vun
de Gemenge kucken, fir den TICE oder d’RGTR-Linnen
op d’franséisch Grenzregioun auszebauen, fir dass
déi och – kommt, mer soen all hallef Stonn, all 15
Minutten – accessibel sinn? Well wien haut op mobilitéit.lu kuckt an zum Beispill vum Belval op Villerupt
wëll fueren, dee brauch eng hallef Stonn a muss dräimol ëmklammen. Deemno ass hei och nach Potenzial
do, fir dass d’Nopeschgemengen an d’Grenzregioun
vum Belval besser agebonne ginn. Et wier gutt, hei
eventuell e gemeinsame Fonds de codéveloppement
tëschent de Gemengen op béide Säite souwéi dem
Staat opzestellen, wou Projeten da gemeinsam gestëmmt a finanzéiert kéinte ginn.
Eise Fazit ass, dass de Belval e ganz gudde Projet ass,
dee sécherlech nach an e puer Detailer Verbesserunge ka maachen. De Bëton ass eeben elo do, wéi
en do ass, mee an zukünftege Projeten um Belval sollt
een oppassen, fir méi Natur anzebauen.
Merci.

M. Marc Goergen (Piraten) | Ech komme gären eng
Kéier laanscht. Et ass och virbildlech, dass Der déi
Escher ophuelt. Et ass just: An de Virbereedungen
hate mer mat eiser Sektioun do geschwat an do waren Elteren, déi iergendwéi keng Plaz an der Maison
relais kritt haten. Dofir krut ech déi Info. Deementspriechend sinn awer net genuch Plazen do, fir déi …
Mir kënnen dat awer gären eng Kéier an enger Diskussioun klären, ob genuch Plaze fir d’Leit alleguerten do sinn. Dat ass déi Informatioun, déi ech krut.
Merci.
(Brouhaha et hilarité)

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat