Interpellation de Mme Semiray Ahmedova au sujet du développement du site Belval

Marc Goergen:

Merci, Här President. Als Südler ass natierlech de Site Belval eng Plaz, wou ech vill Zäit verbruecht hunn. Dofir och merci dem Semiray Ahmedova fir d’Interpellatioun haut.

(Interruption par M. Dan Kersch)

Péiteng ass am Süden, jo, Här Kersch. Am déifste Süden!

(Interruption)

An d’Piraten sti jo och ganz …

(Interruption)

… kloer zum Site vum Belval. Net just – wann ech mech elo zréckerënneren –, well ech do den éischten Date mat menger Fra hat an dat nach bis haut …

Plusieurs voix | O!

M. Marc Goergen (Piraten) | … hält an ech deem- entspriechend eng ganz positiv Erënnerung hunn un de Belval. Mee et ass awer och e ganz gudde Projet fir d’Minettregioun, deen hir nach méi Liewen age- haucht huet souwéi wirtschaftlech a kulturell eis ganz Regioun virubruecht huet. Jo, de Belval steet och fir d’Geschicht vum Süden a fir eis Piraten ass et ganz wichteg, dass déi och erhale bleift.

Wat mir um Site Belval awer och opfält, sinn déi vill Flächen, déi leider versigelt gi sinn, dass vill Plazen zoubetonéiert gi sinn. Do ass de Belval Plaza II e gutt Beispill. Firwat hätt een do net kënne vill méi Gréngs, e Park, Gréngflächen, Beem ëmsetzen? Et ass net wierklech verständlech, firwat do op esou vill Bëton gesat ginn ass. Och wann d’Theema vum Site d’Indus- trie ass, där mer ganz dankbar si fir de Wuelstand, esou hënnert dat eis awer net drun, d’Natur besser am Site ze integréieren. Fir d’Liewensqualitéit op der Plaz ze erhéijen, wier et sécherlech net verkéiert ge- wiescht, der Natur vill méi Plaz ze ginn.

Och an der Energiebilanz ass de Belval sécherlech nach net nohalteg genuch. Den Energieminister sot selwer jo och an engem „Wort“-Artikel, dass een hei mat Solaranlagen d’Bilanz nach kräfteg verbessere kéint.

De Site Belval ass jo och dofir geduecht, dass vill Be- sicher empfaange gi fir sech ze amuséieren, wat mir Piraten och ganz gutt fannen. Och den Akafszenter mécht Sënn, och wann en an eisen Aen net wierklech nohalteg ass. D’Konzept ass éischter op Schnäppchen aus wéi op qualitativ an nohalteg Produiten. Et ass éischter de bëllege Konsum, fir elo net en Numm ze nennen, mee de Slogan „Geiz ist geil“.

Vill Geschäfter, virun allem um Belval II, sinn och haut leider nach ëmmer zou. Hei kéint de Staat eventuell derzou bäidroen, dass den nohaltege Commerce säi Wee heihinner géif fannen, well de Site a sech im- mens vill Virdeeler huet: vun der Rockhal bis hin zum Kino, Restauratioun. Flott Zäiten, déi een einfach do verbréngt. Jo, et kann ee souguer heiansdo, wann een iwwert de Boulevard fiert, mengen, et wär een zu New York.

Eng weider Iwwerleeung, wat um Belval sécherlech kann nach verbessert ginn a wou nach Potenzial be- steet, dat ass d’Synergie mat Esch. Jo, et kënnt zwar elo eng Vëlosbréck, mee domadder geet et awer nach net duer. De Projet Belval muss och der Stad Esch neien Elan bréngen. Et geet net duer ze soen, déi zwee wäre komplementär. Och wa Wolkenkrat- zer um Belval entstinn, esou sollte mer kucken, dass den Escher Stadkär net hannert Belval zréckbleift. D’Uelzechtstrooss kann ee sécher nach méi attraktiv maachen, fir dass de Süde mat senger gréisster Stad allgemeng den Uschloss net verléiert.

De Belval sollt och a sech als Géigepol hei am Land zum Kierchbierg gëllen. An domadder wëll ech net soen: d’Feeler kopéiere vum Kierchbierg! Dës Dezentraliséierung begréisse mir Piraten ganz kloer. Eng Dezentraliséierung – dat hate mer schonn an e puer Diskussiounen hei zur ländlecher Entwécklung gesot – wäert eis a virun allem eiser Natur ganz vill Guddes bréngen an eist Land e gutt Stéck méi no- halteg a liewenswäert maachen. Wann also net all Mënsch zur selwechter Zäit op déi selwecht Plaz muss fueren oder goen, dann hu mer vill geleescht. An dat hëlleft dann och der Regioun ronderëm de Belval.

Ass de Belval haut schonn e Géigepol vum Kierch- bierg? Menger Meenung no nach net. Do ass nach ganz vill Verbesserungsbedarf. Bei de Geschäfter ge- säit ee jo, dass de Shoppingzenter Belval Plaza nach net déi néideg Attraktivitéit huet, fir mat de Shop- pingzentere ronderëm d’Stad matzehalen.

An och am Trafick, dee sech nach ëmmer méi a Rich- tung Stad konzentréiert wéi a Richtung Belval – dat weisen d’Zuele vum aktuelle Plan national de mobi- lité –, ass een um gudde Wee. An et muss ee sech drop gefaasst maachen, dass de Belval wäert weider wues- sen an un Attraktivitéit gewannen. Wat méi Leit an déi Regioun wunne kommen, virun allem mat Projete wéi Rout Lëns/Terres Rouges, wat d’Zon ronderëm Esch a Belval och méi wichteg an attraktiv wäert ginn.

Fir de Wunnengsbau um Belval ass et fir eis u sech kloer, dass de Staat hei selwer sollt bauen a selwer de Promoteur sinn. Dat – an dat iwwerrascht Iech elo net – fir 10 Euro de Meterkaree am Mietkauf.

E Virdeel um Belval souwéi an de neie Quartieren zu Esch ass, dass een an d’Héicht ka bauen an deemno vill Plaz optimal notze kann, fir Wunnengsflächen ze erstellen. Mee do dierf een net vergiessen, och direkt Crèchen a Maison-relaise matzebauen. Bekanntlech feelen do nach Plazen. Um Belval misst u sech och Potenzial do sinn, fir e puer Tierm am Stil vun Déiffer- deng opzeriichten, wéi zum Beispill de Gravity Tower.

D’Fro vun der Madamm Ahmedova iwwert d’Entwéck- lung vum Belval op deenen zwou Säite vun der Grenz ass eng ganz gutt. Wärend um Belval eng kleng City entsteet, ginn déi franséisch Gemenge ronderëm de Belval e bësse vernoléissegt. Dobäi wär et wichteg, op dëser Plaz ze kucken, fir méi Liewensqualitéit och an den Nopeschgemengen iwwert d’Grenz eraus ze erméiglechen.

Jo, dat wär eng europäesch Approche. Well mat der Abannung vun der Groussregioun kéint een de Bel- val weiderhi stäerke souwéi d’Grenzgemenge vill méi matabannen. Firwat zum Beispill net mat enger vun de Gemenge kucken, fir den TICE oder d’RGTR-Linnen op d’franséisch Grenzregioun auszebauen, fir dass déi och – kommt, mer soen all hallef Stonn, all 15 Minutten – accessibel sinn? Well wien haut op mobi- litéit.lu kuckt an zum Beispill vum Belval op Villerupt wëll fueren, dee brauch eng hallef Stonn a muss dräi- mol ëmklammen. Deemno ass hei och nach Potenzial do, fir dass d’Nopeschgemengen an d’Grenzregioun vum Belval besser agebonne ginn. Et wier gutt, hei

eventuell e gemeinsame Fonds de codéveloppement tëschent de Gemengen op béide Säite souwéi dem Staat opzestellen, wou Projeten da gemeinsam ge- stëmmt a finanzéiert kéinte ginn.

Eise Fazit ass, dass de Belval e ganz gudde Projet ass, dee sécherlech nach an e puer Detailer Verbesse- runge ka maachen. De Bëton ass eeben elo do, wéi en do ass, mee an zukünftege Projeten um Belval sollt een oppassen, fir méi Natur anzebauen.

Merci.

M. Fernand Etgen, Président | Merci, Här Goergen. A leschten ageschriwwene Riedner ass déi honora- bel …

Mme Simone Asselborn-Bintz (LSAP) | Här Presi- dent!

M. Fernand Etgen, Président | … Madamm Martine Hansen.

Une voix | Et ass eng Fro hei!
M. Fernand Etgen, Président | Madamm Simone

Asselborn-Bintz.

Mme Simone Asselborn-Bintz (LSAP) | Erlaabt Der, dass ech dem Här Goergen eng Fro stellen, wann- echgelift?

M. Fernand Etgen, Président | Selbstverständlech, wann hien d’accord ass.

Mme Simone Asselborn-Bintz (LSAP) | Ech wollt just froen, Här Goergen, ob Der wësst, dass um Belval och eng Crèche an eng Schoul an eng Maison relais sinn. Ech hunn et virdru gesot. Dir hutt nëmme vum Belval op der Escher Säit geschwat. Et gëtt och eng aner Säit Belval, mat zwee Drëttel Territoire, just fir ze soen! Et mécht mech e bësse rosen, wann Der just schwätzt vun der Ubannung vun Esch u Belval. Dat mécht mech awer e bësse rosen, wann ech hei pro- béieren, de Belval als e gemeinsame Site vun zwou Gemengen duerzestellen an Dir sot, dass net genuch Plaze fir Crèchen oder Maisons relais do sinn. Déi gëtt et. An en plus hëlt d’Suessemer Gemeng och Escher Kanner an der Maison relais an an der Schoul op, fir dass de Belval als Site zielt. Voilà. Ech wollt Iech froen, ob Der dat wësst. A wann net, géif ech Iech invitéie- ren, dohinner ze kommen.

M. Marc Goergen (Piraten) | Ech komme gären eng Kéier laanscht. Et ass och virbildlech, dass Der déi Escher ophuelt. Et ass just: An de Virbereedungen hate mer mat eiser Sektioun do geschwat an do wa- ren Elteren, déi iergendwéi keng Plaz an der Maison relais kritt haten. Dofir krut ech déi Info. Deement- spriechend sinn awer net genuch Plazen do, fir déi … Mir kënnen dat awer gären eng Kéier an enger Dis- kussioun klären, ob genuch Plaze fir d’Leit alleguer- ten do sinn. Dat ass déi Informatioun, déi ech krut.

Merci.

(Brouhaha et hilarité)

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a