M. Sven Clement (Piraten) | Also, Här President, ech
hunn nach e bësse méi Hoer, wannechgelift.
M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Ech hat elo kuerz iwwerluecht, meng Ried dann op
Däitsch ze halen, well dat méi Leit verstinn an de Verfechter vun der Lëtzebuerger Sprooch hei um Podium
jo och léiwer op Däitsch schreift wéi op Lëtzebuergesch, awer da seet, mir missten onbedéngt mat
Lëtzebuergesch an der Schoul ufänken.
M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, et geet een all moies
an d’Schoul wéi all déi aner Kanner. Et mécht een
déi selwecht Aufgabe wéi all déi aner Kanner. An et
schreift een déi selwecht Prüfunge wéi all déi aner
Kanner. Heescht dat, datt een automatesch déi nämm –
lecht Chancen huet, d’Prüfung ze bestoe wéi all déi
aner Kanner? Leider net.
Identesch Ramebedéngungen ze schafen, heescht
net, all Kand déi selwecht Chancen ze gi fir eng Reussite, an dat aus deem ganz einfache Grond, well
net all Kand op déi selwecht Ressourcen zréckgräife
kann. Net jiddereen huet doheem eng Famill, déi
engem bei den Hausaufgaben hëllefe kann, déi ee
schonn als Klengkand gefërdert huet, déi ee spéider
bei der Orientéierung tëscht den eenzele Lycéesfilièren ënnerstëtzt, well se de lëtzebuergesche Schoulsystem kennt an och nach déi dräi Nationalsproochen
an am beschten nach Englesch beherrscht. Net all
Kand huet déi nämmlecht kognitiv a sozioemotional
Fäegkeeten. All Kand huet seng eege Geschicht, säi
ganz eegene familiäre Background a ganz verschidde
Ressourcen a sengem Liewen.
Dëser Villfalt gëtt eisen aktuelle Schoulsystem – nach! –
net gerecht. Dat weist sech an den diversen Etüden, a
leider net eréischt zanter gëschter. Et ass e Problem,
dee säit Laangem bekannt ass an dee bis elo net geléist konnt ginn. Nee, leider schéngt e sech souguer ëmmer méi ze bestätegen.
Mat de Centres de compétences gouf probéiert, de
verschiddene Besoine vun de Kanner besser gerecht
ze ginn. Mee d’Resultat um Terrain ass e System,
dee chronesch iwwerlaf ass, well d’Nofro d’Offer bei
Wäitem depasséiert, an e System, deen amplaz op
Inklusioun nees op Segregatioun setzt. D’Schlësselwuert „Inklusioun“, dat esou laang schonn aus dem Vocabulaire vun der Bildungspolitik net méi ewechzedenken ass, weist sech um Terrain wäit manner wéi
an de Rieden.
An dat gesi mer jo och mat den Europaschoulen. Mir
soten et schonns an der leschter Interpellatioun iwwert d’Theema vun den Europaschoulen: Dës Schoule
sinn e wichtege Pilier, fir kuerzfristeg d’Schouloffer ze
diversifizéieren. Mee laangfristeg dierfe mer net op
där enger Säit déi klassesch ëffentlech Schoulen an
op där anerer Säit d’Europaschoulen trennen, wa mer
wierklech eng inklusiv Gesellschaft wëllen.
Mir brauche Schoulen, déi d’Mënschen zesummebréngen an net scho vu klengem un a Gruppe kategoriséieren, déi sech duerno just nach seele mëschen.
Mir brauche Schoulen, an deene sech Persoune mat
an ouni Migratiounshannergrond, mat verschiddenste Sproochekenntnisser a mat an ouni Handicap eng
Zukunft zesummen opbaue kënnen. An dat ass leider
nach net de Fall.
Dat läit net un den Enseignanten, déi all Dag hiert
Bescht ginn an trotzdeem mat schwéierem Häerz
musse feststellen, wéi verschidde Schülerinnen a Schüler den Uschloss verléieren oder ganz decrochéieren.
Dat läit un engem System, dee primär op Kanner zougeschnidden ass, déi gesond sinn, déi Elteren hunn,
déi se ënnerstëtzen, an déi doheem Lëtzebuergesch
schwätzen. Dat gesäit een och an de Schoulbicher.
Wéi eng rezent Etüd vun der Uni Lëtzebuerg weist,
feelt et an eise Schoulbicher ëmmer nach un der
Duerstellung vun net wäisse Persounen. An och Persoune mat Handicap gi just an de Bicher traitéiert,
wann et ëm den Handicap geet, mee net wann et ëm
d’Duerstellung vun Alldagssituatioune geet.
Esou gesäit gelieften Inklusioun net aus! An dat huet
och en Afloss op d’Chancëgläichheet. Déi genannten
Etüd konnt kloer weisen, datt et an eise Schoulbicher
primär heteronormativ Identifikatiounsfigure mat
wäisser Hautfaarf gëtt. Fir all déi aner bleift wéineg
Fläch fir Projektiounen. U si gëtt eeben net geduecht!
Dat ass vläicht dann dat nämmlecht, wéi wann ee
seet: „Déi eng sinn eebe geneetesch net predisponéiert, fir Schoulen ze maachen.“ Ech mengen, den Här Kersch huet dat ganz richteg thematiséiert. An ech war genausou erschreckt, wéi ech hei op der Tribün vun der Chamber Theesen héieren hunn, déi virun 80
Joer zu grujelegen Dote gefouert hunn, …
Une voix | Haha!
M. Sven Clement (Piraten) | … an dat vun engem,
dee sech heibannen „honorabelen Deputéierten“
nennt!
M. Fred Keup (ADR) | Lige-Clement! Du hues keng
Anung vu Geschicht!
M. Marc Spautz, Président de séance | Wannechgelift!
M. Sven Clement (Piraten) | Här President, ech géif
Iech bieden, fir den néidegen Toun heibannen ze suergen. Well mir duzen eis, mengen ech, nach net heibannen. Zumindest déi Persoun wëll ech op kee Fall duzen, well ech wëll och eng Kéier ganz kloer soen: Wann ech mech hei un Iech alleguerten adresséieren, léif Kolleeginnen a Kolleegen, gëtt et eng Persoun, déi ech explizitt ausschléissen. An dat ass mäi Virriedner!
M. Fred Keup (ADR) | O Mamm, o Mamm!
M. Sven Clement (Piraten) | Mee bref!
M. Fernand Kartheiser (ADR) | Dierf ech eng Fro
stellen, Här President?
M. Sven Clement (Piraten) | Nee, ech wëll keng Fro
vum Här Kartheiser. Dat ass mer …
M. Fernand Kartheiser (ADR) | Dat ass och besser.
Dir kritt se net, well Dir kéint net drop äntweren, Här
Clement.
(Hilarité)
M. Sven Clement (Piraten) | O, Här Kartheiser, …
M. Marc Spautz, Président de séance | Den Här
Clement huet d’Wuert a soss keen.
M. Sven Clement (Piraten) | … ech wousst, datt
wann ech „heteronormativ“ géif soen, wann ech „net
wäiss Persoune“ géif soen, …
(Interruptions)
… wann ech Är eege Partei géif mat Äre rassistesche
Prejugéë konfrontéieren, …
(Interruptions)
… datt Der dann de Bak net kéint halen. Mee jo …
M. Fernand Kartheiser (ADR) | … Här Clement!
M. Sven Clement (Piraten) | … dat ass eben esou.
(Brouhaha et coups de cloche de la présidence)
M. Marc Spautz, Président de séance | Wannechgelift, den Här Clement huet d’Wuert. An Här Clement
wannechgelift, kommt zréck bei den Ordre du jour.
Merci.
M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Ech sinn nach beim Ordre du jour, well ech schwätzen eebe genau dovunner, datt wéinst esou steilen
Theese wéi där, déi mäi Virriedner hei ausgedréckt
huet, datt e gesot huet, datt eebe genau wéinst
deene mangelnde Projektiounsflächen a well et esou
Theesen nach gëtt, och am Enseignement manifestement nach gëtt …! Well et däerf een net vergiessen,
datt déi Persoun och Enseignant ass vu Formatioun.
(Interruption)
Glécklecherweis net Geschichtsproff, mee Geosproff –
well soss wären déi Theesen nach méi schwéier ze erklären. Mee bref.
(Interruption)
Wann een dann och nach e Schoulsystem huet, dee
Kanner scho ganz fréi no hirer Leeschtung kategoriséiert, dann dierf ee sech net wonneren, wa Stereotyppen a Virurteeler weider Bestand hunn – a mir
mierken et jo souguer heibannen – an d’Ongläichheeten doduerjer wuessen, wärend vill Kanner hiert
schoulescht Potenzial net ausschëpfe kënnen, well se
vun eenzelen Enseignanten dann och nach net richteg gefërdert ginn. Dat ass eebe mat d’Realitéit.
Här President, wa mer haut vun Ongläichheete
schwätzen, da schwätze mer vun Ongläichheeten
tëscht de Geschlechter, tëscht de sozioekonomesche
Gruppen, tëscht Persoune mat oder ouni Migratiounshannergrond, tëscht de Sproochegemeinschaften an
tëscht Persoune mat oder ouni Handicap. An all dës
Ongläichheete sinn noweislech an eisem Schoulsystem
ze fannen.
Datt hei Reformbedarf besteet, sollt also ausser Fro
sinn. An deem Constat si mer eis alleguerten eens.
D’Piraten ënnerstëtzen dofir d’Iddi, d’Alphabetiséierung an Zukunft a méi wéi just enger Sprooch unzebidden, dëst a verschiddene Klassen, déi awer innerhalb vun där selwechter Schoul zesumme
léieren a sech fir aner Fächer wéi d’Sproochen och
ënnerenee mëschen, fir esou ze garantéieren, datt et
en Austausch tëscht deenen engleschsproochegen,
franséischsproochegen a Lëtzebuergesch schwätzende
Kanner gëtt.
Des Weideren hoffe mer, datt et esou séier wéi méiglech zu enger Upassung vun de Schoulbicher komme
wäert, déi der Verfestegung vu Geschlechterstereotyppen an der Ausgrenzung vu Persoune mat net
wäisser Hautfaarf an/oder engem Handicap en Enn
setzt.
Wat dann d’Reformiddi ugeet, d’Schoulflicht op 18
Joer eropzesetzen, fir dem Décrochage scolaire entgéintzewierken, muss ech soen, si mir Piraten skeptesch. Natierlech ass et um Pabeier eng exzellent Mesure. D’Zuel vu Mannerjäregen, déi d’Schoul ofbriechen, géif sech mat esou engem neie Gesetz op
ee Coup dramatesch reduzéieren. Mee wär domat
de Problem, datt verschidde Schülerinnen a Schüler
esou een Degoût vis-à-vis vum Schoulsystem kréien,
datt se d’Chance op e flotte Beruff einfach net wouerhuele wëllen, geléist? Ech fäerten net. An zwar aus
deem einfache Grond, dass dës Mesure un deene
ville Problemer, déi ech elo scho genannt hunn, jo
näischt ännert.
D’Schülerinnen an d’Schüler ginn dofir net besser
encadréiert. Si gi just méi laang duerch e System
geschleeft, an dee se net erapassen. Wann een also
iwwer eng Verlängerung nodenkt, dann dierf dat
net ouni eng generell Reform vum Schoulsystem
geschéien. Engem 16-Järegen, deen absolutt keng
Loscht méi huet op d’Schoul, op eng Ausbildung oder
iergendeppes, wat an iergendenger Form mat Léieren ze dinn huet, ze soen, datt en elo awer nach zwee
Joer méi laang muss an der Schoul bleiwen, verbessert seng Chancen op en Diplom warscheinlech just
an deene seelenste Fäll.
M. Claude Meisch, Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse | Dat si bal genau
meng Wierder.
M. Sven Clement (Piraten) | Vill méi warscheinlech
ass et, datt dës Persoun da gezwongenermoossen
nach zwee Joer an eisem Schoulsystem mat schlechten Notte ronderëmgereecht gëtt, nach zwee Kreesser dréit …
M. Claude Meisch, Ministre de l’Éducation nationale,
de l’Enfance et de la Jeunesse | Dat däerf net sinn.
M. Sven Clement (Piraten) | … an dann awer ouni
Diplom dosteet.
Och wann dat op den éischte Bléck um Pabeier e
wéineg besser ausgesäit a mer an de Statistike besser ofschneiden, well dës Persoun net als Mineur d’Schoul ofgebrach huet, huet et dem Betraffenen awer näischt bruecht an et huet um Niveau vun den
Ongläichheeten, déi iwwerhaapt eréischt zu dësem enormen Degoût vis-à-vis vun der Schoul gefouert hunn, och näischt geännert.
Hei erhoffe mir eis also, vum Minister nach méi ëmfaassend Pisten ze héieren, déi d’Reform vun der
Dauer vun der Schoulflicht begleede wäerten, well
mer fäerten, datt een anescht déi vun den Ongläichheete verursaacht Problemer just verschiibt, mee net léist. Wéi den SEW/OGB-L an deem Kontext richteg soen, sollt een de Problem léiwer bei der Wuerzel paken, dat heescht, schonn an den éischte Schouljoren ugoen an net eréischt um Enn vum schoulesche
Parcours, wou et heefeg schonns ze spéit ass.
Eise Schoulsystem ass fir ganz vill Mënschen hei am
Land eng Hürd, déi hinnen d’Chance op e Beruff,
deen hinne Freed mécht, nach ëmmer verbaut. Dat
ass extreem schued an dat muss sech änneren. A jo,
dat heescht, datt mer e Schoulsystem, dee mir heibanne wuel all duerchlaf hunn an dee wuel och méi
oder manner gutt op eis 60 plus d’Regierungsbänk
gepasst huet, well mir hunn e jo schliisslech alleguer
gepackt, musse lassloossen, fir eis kënnen anzegestoen, datt vläicht net alles gutt ass, wat gutt fir eis war.
D’Reforme vum Schoulsystem ziele wuel mat zu
deene schwéiersten iwwerhaapt, well schliisslech
jiddereen eemol an der Schoul war an dofir eng Meenung huet, an déi Meenung da ganz oft och nach déi
ass: „Wann ech et hu misse packen, da sollen déi aner
et och packen.“ Mee wann deen Debat vun haut eis
eppes virun Ae gefouert huet, dann dach dat, datt
mer et, hätte mir net eis Sproochekenntnisser, eise
Gesondheets- an eise familiären Hannergrond gehat,
vläicht och net gepackt hätten.
Ech hoffen dofir, datt mer an Zukunft eng parteiiwwergräifend Reformbereetschaft an deem Dossier fanne
wäerten an et dann endlech fir jiddereen heescht:
„Wann ech et duerft packen, da sollen déi aner et och
dierfe packen.“
Ech soen Iech Merci.
M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Also an der Motioun vun déi Lénk steet jo eng ganz
Rëtsch Invitten dran, woubäi ech fir den Deel, fir generell d’Ganzdagsschoul ze promouvéieren, ganz vill
Sympathien hunn, woubäi ech mer awer dann d’Fro
stelle muss, ob grad am Precoce – do hunn d’Kanner
dräi Joer – aacht Stonnen den Dag an der Schoul scho
richteg sinn. Ech weess, vill Eltere sinn drop ugewisen, datt hir Kanner aacht Stonnen den Dag oder
méi an der Crèche sinn. Dat mécht et net onbedéngt
besser. Dat heescht, et wär vläicht gutt, wa se och an
engem Precoce kéinte sinn, do wou et méiglech ass.
Ech mengen awer, wat fir eis net iwwerschaubar ass,
an duerfir wäerte mer eis och bei dëser Motioun
enthalen, ass dee leschten Invite, nämlech deen,
an deem et ëm d’Cours d’intégration linguistique fir
Eltere geet, wou ech a) guer net iwwerblécke kann,
wat dat fir en Opwand wär, b) net gesinn, wien dat
géif organiséieren an c) och guer net ka gesinn, wat
dat kaschte géif a wou déi Enseignanten dann och
géifen hierkommen. An duerfir kann ech mech do
nëmmen enthalen.
M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Ech schléisse mech de Wierder vum Martine Hansen
un. Den éischten Tiret ass eis ganz sympathesch.
Beim zweeten Tiret weess ech net genau, wéi et soll
ausgesinn. An ech ka mer och net wierklech virstellen, datt dat mat deene Fuerderungen, déi ech virdrun a menger Ried developpéiert hunn, kompatibel
wär. Wann deen drableift, da stëmme mer dergéint.
Wann deen ewechfält, da kënne mer derfir stëmmen.
M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Wann een dat hei kombinéiert nach mat enger Verlängerung vun der Schoulflicht bis 18 Joer, da géif
herno nach genau ee Joer Spezialiséierung eraussprangen. Dat ass eis Piraten definitiv ze kuerz. Mir
sinn éischter fir eng Flexibiliséierung vun der Schouloffer. Deementspriechend stëmme mir och hei dergéint.
Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Merci och dem Minister fir d’Erklärung. Ech selwer hu
mech och gewonnert, firwat et déi zwee gëtt, an ech
hu mech dunn och e bësse schlau gemaach an et gëtt
wuel Grënn, déi wäit doriwwer erausginn, wat een
hei kéint an zwou Minutten elaboréieren.
Wat mech un der Motioun e bësse stéiert, ass den
éischten Invite, nämlech datt eebe grad dra steet „à
intégrer l’utilisation des outils d’orientation susmentionnés dans la procédure d’orientation“. Dat géif
nämlech bedeiten, datt et eebe grad déi zwee sinn.
Ech stéiere mech e bëssen drun, datt explizitt déi
zwee genannt ginn. Ech ka mer virstellen, datt et
vläicht och Schoule gëtt, déi aner Outile wéilte benotzen.
Wou ech awer absolutt mat der CSV d’accord sinn,
ass, datt et soll staatlech finanzéiert ginn, wann et
och an de staatleche Schoulen zum Asaz kënnt. Deementspriechend hu mir … wann déi dräi Invitten dra
sinn, wäerte mer eis enthalen, bei deenen zwee, beim
zweeten a beim drëtten Invite, si mer awer absolutt
mat der CSV d’accord a géifen dat matstëmmen.