M. Marc Goergen (Piraten) |
Här President, merci dem Martine Hansen fir d’Ufroe vun der Diskussioun ronderëm d’Landwirtschaft haut. Nodeems mer gëschter iwwert d’Landesplanung geschwat hunn, ass dann haut quasi erëm d’Landes- planung en Theema: Et geet ëm d’Landesplanung fir d’Hierstellung vun eisen Iesswueren.
Mir Piraten wëllen op dëser Plaz och all eise Land- wierte Merci soen, déi all Dag déi wichteg Aarbecht leeschten. Ech hunn et schonn e puermol hei gesot: Bauer sinn ass en immens ustrengende Beruff. Ech géif souguer soen, et ass méi wéi e Beruff, et ass eng Beruffung!
jeudi 19 janvier 2023 10 | 27 Eng wichteg Fro, déi mer eis haut hei stelle mussen:
Wéi soll d’Landwirtschaft vu muer ausgesinn? Wat sinn d’Ziler vun eiser Landwirtschaft? Fir eis Piraten ass d’Äntwert kloer: Et muss drëm goen, eng Land- wirtschaft opzebauen, déi der Natur net wéideet, an där d’Wuel vun den Déieren den héchste Standard ass a vun där d’Bauere mat engem gudde Revenu liewe kënnen. Esou stelle mir eis qualitativ Liewens- mëttel vir, déi den héchste sozialen an ekologesche Standarde gerecht ginn.
Et ass an eisen Aen illusoresch ze mengen, Lëtze- buerg kéint sech zu 100 % selwer mat Liewensmëttel versuergen. Wéi d’Landwirtschaftskummer an engem Avis geschriwwen huet, sinn an de leschte Jore sou- guer Terrainen an der Landwirtschaft verluer gaan- gen. Wärend d’Bevëlkerung an de Rescht vun der Wirtschaft gewuess sinn, goung d’Aktivitéit vun der Landwirtschaft zréck. Do muss een dann och einfach realistesch sinn: Och 50 % Selbstversuergung fir eist Land sinn net emol méiglech. An dofir soe mir och: Mir sollten eis net op d’Selbstversuergung konzen- tréieren, mee d’Baueren hei am Land ënnerstëtzen, fir op d’Qualitéit ze setzen.
Mee wat ass hei zu Lëtzebuerg méiglech? Lëtzebuerg ass e Grénglandstanduert an dofir läit de Schwéi- erpunkt vun eiser Landwirtschaft op der Mëllech- a Rëndfleeschproduktioun. Mir sollten de Baueren net vun uewen erof virschreiwen, wat genee si sollen ubauen, well am Endeffekt kennt de Landwiert seng Méiglechkeeten am beschten.
Et gouf an de leschte Joren a Joerzéngte vill Initiati- ven, fir méi Geméis an Uebst hei am Land unzebauen. An eisen Ae missten nei Initiative vill méi Wäert drop leeën, fir d’Betriber bei der Ëmstellung op Bio ze ën- nerstëtzen. Ëmmerhi soll bis 2050 eis ganz Landwirt- schaft bio sinn. Do mussen d’Baueren deemno nach besser ënnerstëtzt ginn, sief et finanziell wéi och ma- teriell.
Dem Avis vun der Biovereenegung no kéint een net emol d’Hülsenfrüchte ubauen (veuillez lire: kéint een och méi Hülsenfrüchte ubauen), déi een als natier- lecht Düngemëttel kéint verwenden oder als Fudder- mëttel fir eis Déieren. Ierbse sinn och als Proteinquell fir Kéi a Ranner gutt, als Alternativ eeben zum Soja, esou kéint een d’Viehzucht dann och méi nohalteg maachen.
Här President, den Ubau vun Uebst a Geméis brauch Waasser. Meeschtens geet d’Reewaasser hei net duer an et muss eng zousätzlech Bewässerung gemaach ginn, grad bei Dréchenten. Elo kann een natierlech soen: Firwat sech déi Méi an Aarbecht maachen an net einfach op d’Viehzucht setzen, déi jo vum Gréng- land profitéiert? Mee well och bei der Viehzucht um Gréngland vill Waasser verbraucht gëtt: bis zu 70 Li- ter pro Dag fir eng Kou, a munche Fäll souguer 200 Liter den Dag!
Dofir ass den Ubau vun Uebst a Geméis grad bei grousse Waasserreserven a Flëss interessant. Do hu mer zu Lëtzebuerg leider nëmmen e puer Plazen, déi dofir a Fro kommen: ronderëm d’Musel, d’Sauer an d’Uelzecht. Wat ee méi wäit vun de Flëss fort ass, wat et méi schwéier gëtt, fir Uebst a Geméis unzebauen.
DokommemerdannopdeProblemvumWaasserma- nagement. Doriwwer hate mer schonn d’lescht Joer ge- schwat no den Extreemwiederen am Summer mat den extreemen Dréchenten an Iwwerschwemmungen.
Et kéint een der Entwécklung vum Geméisubau wei- derhëllefen, wa mer et fäerdegbréngen, d’Reewaas- ser besser ze späicheren. Mir brauche grondsätzlech eng aner Approche, wat d’Evakuéierung vum Waas- ser ugeet. Bis elo war et esou, dass mer dat Waas- ser, dat vum Himmel fält, esou schnell wéi méiglech
evakuéiere wëllen, dat heescht meeschtens: Fort der- mat an de Kanal! Mir mussen an déi Richtung goen, fir en Deel vum Waasser an eise Stied an Dierfer ze halen. Dat gespäichert Waasser musse mer da just nach zum richtegen Zäitpunkt bei d’Felder kréien.
D’Waasser ass net déi eenzeg Erausfuerderung beim Ubau vun Uebst a Geméis. Et brauch een nämlech och Hänn, also Aarbechter, fir dat Uebst ze séien, ze flee- gen an duerno ze plécken, an déi sinn aktuell hei am Land schwéier ze fannen.
Bauer sinn ass en immens ustrengenden Job an et brauch een dofir eng gutt Fitness a Gesondheet, fir déi Belaaschtung matzemaachen. Hei muss eng Re- gierung kucken, wéi ee méi Leit an d’Landwirtschaft kritt – a mengen Aen och eng Fro vum Salaire. Hei kann ee sécherlech higoen a mat der ADEM zesumme kucken, fir Aarbechtsmoossname wärend der Saison ze schafen, wou fit Mënsche bei der ADEM der Land- wirtschaft kënnen hëllefen an dofir eng gutt Entschie- degung nieft hirem Chômage kriten.
Aktuell gëtt dat scho bei der Drauwelies änlech ge- maach, en Ausbau op aner Betriber wier eng Propos. Esou stäerke mer d’Baueren a gläichzäiteg brénge mer de Leit d’Landwirtschaft als Beruff erëm méi no, an dat zu faire soziale Konditiounen.
Fir de Problem vun de Saisonen ze ëmgoen, kann een och op d’Notze vu méi Gewächshaiser setzen. Och hei kann de Staat op sengen Terraine gréisser Pilotprojet- en zesumme mat de Landwierte plangen a virfinan- zéieren.
Här President, et gëtt nach vill aner Punkten, déi ech haut hätt kënnen uschwätzen, dorënner och de Punkt, dass de Staat selwer méi Bioprodukter kéint ofhuelen – ech erënneren do un d’Geschicht mat Restopolis –, oder de Punkt, wéi ee Bauere bei der Ëmstellung vun hire Betriber besser ënnerstëtzt a wou een och vläicht d’Ackerbauschoul besser inte- gréiere kann.
Et bleift op jidde Fall nach vill ze maachen, fir d’Diver- sifizéierung vun der Landwirtschaft virunzedreiwen. Merci.