M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif
Kolleeginnen a Kolleegen, eise Bildungsminister sot
an engem Interview am Kader vun der Ouverture vun
enger neier Europaschoul eng Kéier, datt d’Schoulen
als Spigelbild vun der Gesellschaft kéinte gesi ginn,
datt eis Gesellschaft ëmmer méi heterogeen a multikulturell géif ginn an et dofir nëmmen normal wier,
datt och de Schoulsystem méi heterogeen géif ginn.
An ech kann där Ausso nëmmen zoustëmmen. Leider
spigelt sech awer net just d’Multikulturalitéit an eise
Schoulen, mee och eng ganz Rei vun de gesellschaftleche Problemer, déi gesamtgesellschaftlech existéieren.
Och wuessend sozial Ongläichheeten an e Mangel u
gesellschaftlecher Kohäsioun sinn an eisem Schoulsystem leider nach ëmmer siichtbar. Jo, eis Gesellschaft
gëtt ëmmer méi heterogeen. Mee déi eenzel Gruppen
hu leider net déi selwecht Chancen a liewen zum Deel
och laanschteneen a ganz verschiddene Liewenswelten.
Dat ass e grousse Problem an och een, dee bis elo och
duerch d’Europaschoulen nach net geléist konnt ginn.
Mee dat soll net heeschen, datt mer de Modell vun
den internationale Schoulen net gutt géife fannen. Mir
hunn aktuell e grousse Besoin un engem alternative
Schoulparcours fir Kanner a Jonker, déi am traditionelle Schoulsystem wéinst de Sproochen duerch de
Raster falen.
An et ass gutt, datt d’Europaschoulen dëse Schülerinnen a Schüler eng Optioun bidden. Wa 75 % vun de
Schülerinnen a Schüler aus der Stad an den Alentouren
tëschent 2014 an 2020 an de Lycée classique orientéiert goufen a manner wéi 20 % zu Wolz, Déifferdeng
oder an der Fiels et gepackt hunn, da weist dat ganz
kloer, wou et nach zu Ongläichheete kënnt.
D’staatlech Europaschoulen, déi fir jiddereen op sinn
an an deene keng héich Studiegebüren ufalen, kënne
sécher e Wee sinn, fir Schülerinnen a Schüler, un déi
den aktuelle Schoulsystem net ugepasst ass, besser
Bildungschancen ze bidden. An dofir hu se aktuell
sécherlech hir Daseinsberechtegung.
Laangfristeg muss ee sech awer iwwerleeën, wéi
een dës zwee Schoulmodeller, engersäits den traditionelle Lëtzebuerger Modell an anerersäits déi nei
international Schoulen, méi no unenee réckele kann.
Mir beobachten net eréischt zanter gëschter, datt sech
bestëmmte Liewenswelten am Land esou wäit vunenee
getrennt hunn, datt déi eenzel Gruppen ënnerenee
keen oder nëmme wéineg Kontakt hunn an dowéinst
och leider heefeg de Versteesdemech fir d’Situatioun
vun deem enge fir deen anere feelt.
(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)
Do wären zum Beispill d’Lëtzebuerger Fonctionnairen an d’Staatsemployéen an d’Aarbechter aus Privé, déi fir de Mindestloun schaffen; déi international héich qualifizéiert Mataarbechterinnen a Mataarbechter aus dem Finanzsecteur an den europäeschen
Institutiounen um Kierchbierg an d’Handwierker an
d’Aarbechter/innen aus der Industrie; d’Frontalieren
an d’Residenten; d’Bierger/inne mat Migratiounshannergrond a Familljen, déi zanter Generatiounen hei
liewen; an nach ganz vill weiderer, déi ech elo net all
hei opziele muss. Ech mengen, Dir gesitt, wéi e Bild
ech zeechne wëll.
Schonn an eisem ale Schoulsystem huet et mat der
Opdeelung tëscht Technique a Classique zu enger
gewëssener Trennung gefouert, déi doduerch, datt
verschidde Lycéeën och just déi eng oder just déi aner
Spart ugebueden hunn, nach verstäerkt gouf. Elo ass
mam Ausbau vun den Europaschoulen nach e weidere
Pilier entstanen. An do musse mer natierlech oppassen, datt dës Differenzéierungen net laangfristeg derzou féieren, datt mer d’Spaltung vun der Gesellschaft a Gruppen nach méi verstäerken.
Mir Piraten sinn dofir der Meenung, datt d’Europaschoulen als eng temporaire Léisung solle gesi ginn,
mee laangfristeg awer d’Zil sollt sinn, de Schoulsystem
ze harmoniséieren, ouni dobäi natierlech Optiounen ze
verléieren.
Am Moment trenne mer Schüler op no Classique,
Technique a Modulaire an dann och nach emol no
Sproochen, an deene se ënnerriicht ginn, mat der
Differenzéierung tëscht den Europaschoulen an den
anere staatleche Schoulen. Muss dat an där Form sinn?
Natierlech ass et organisatoresch net méi einfach,
wann all Schoul alles muss ubidden. Et ass ganz kloer
méi einfach, wann all Schoul just eng bestëmmten Ausbildungsform ubitt an dat dann am beschten och nach
ëmmer fir Kanner, déi all änlech Kompetenzen hunn.
Et ass méi einfach mat enger homogeener Grupp ze
schaffe wéi mat heterogeene Besoinen. Well da kann
een e Programm opsetzen an dee gëtt alle Schülerinnen a Schüler méi gerecht a muss net méi ugepasst
ginn, well déi Schüler a Schülerinnen, deenen en eventuell net gerecht géif ginn, huet ee vun Ufank u guer
net an dës Schoul orientéiert oder si si souguer esou
séier duerch de Raster gefall, datt se fräiwëlleg erëm
gaange sinn. Mee dat ka jo awer och net d’Zil vun
enger inklusiver Bildungspolitik sinn.
Laangfristeg musse mer also dofir dréngend den
Opbau vun eisem ganze Schoulsystem iwwerdenken.
Wisou trenne mer am Lycée ëmmer nach konsequent
tëschent Technique a Classique, amplaz de Schüler/
innen hir Kompetenzen an den eenzele Fächer entspriechend ze fërderen? Firwat kann e Schüler aus dem Technique, deen zum Beispill besonnesch gutt am Engleschen ass an an deenen anere Fächer vläicht Problemer huet, net an deem Fach d’Coursë vum
Classique suivéieren? Firwat muss deen duerch seng Orientéierung an den Technique an all senge Kompetenze limitéiert ginn, obwuel en an eenzele vläicht ganz staark wier?
Firwat hale mer ausserhalb vun den Europaschoulen
ëmmer nach steif dru fest, datt et am klassesche Lycée, fir eng Première ze kréien, esou wichteg ass, d’Niewefächer fir d’éischt op Däitsch an dono op Franséisch ze suivéieren an an der Primärschoul eng Alphabetiséierung haut nach gréisstendeels muss, mat klengen Ausnamen, op Däitsch gemaach ginn?
Wa manner wéi d’Hallschent vun der Populatioun hei am Land nach ausschliisslech Lëtzebuergesch doheem schwätzt, da kann et net sinn, datt mer e Schoulsystem bäibehalen, deen exklusiv op Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger zougeschnidden ass.
Wann eisen aktuelle Schoulsystem ëmmer manner
Kanner gerecht ka ginn, da läit dat net un de Kanner,
mee dorunner, datt de System muss ugepasst ginn.
Eis Gesellschaft ass extreem am Wandel, an eis
Schoulen hunn do e bëssen e Problem nozekommen,
well de Wandel geet immens séier. Wann ee kuckt, wéi d’Schoule virun 20 Joer ausgesinn hunn, et domadder vergläicht, wéi et virun 10 Joer ausgesinn huet an et domadder vergläicht, wéi et haut ausgesäit, da gesäit een, datt dee gesellschaftleche Wandel
an de Schoulen do ass a vum Gefill hier – dat ass natierlech ganz subjektiv – acceleréiert oder zumindest ëmmer méi séier ausgesäit.
D’Europaschoule kënnen hei, an dat sot ech virdru
schonn, kuerzfristeg sécherlech Ofhëllef schafen. Mee
laangfristeg mussen och déi aner ëffentlech Schoulen
hei am Land hir Offer erweideren. Déi international
Schoule si schliisslech och haut nach net fir jiddereen
zougänglech, och wann hir Diere fir jiddereen opstinn.
Datt prinzipiell sech jiddereen umelle kann, heescht
jo net, datt och all Kand déi selwecht Opportunitéiten huet, an esou eng europäesch Primärschoul oder an e Lycée ze kommen. Dat hänkt schliisslech och ganz dovunner of, ob d’Elteren d’Offer kennen, ob
d’Léierpersonal bei der Orientéierung drun denkt, och
dës Schoulen als Optioun ze nennen oder ob d’Schoul
no genuch beim Wunnuert läit, well ënner anerem am
Norde gëtt et der nach net ganz vill.
Natierlech kéint een och soen, datt een dann eeben
nach méi Europaschoule baue muss, fir se nach méi
visibel an nach méi einfach zougänglech ze maachen.
Mee dat wär an eisen Aen dann awer iergendwou
dee falsche Wee. Dat géif just derzou féieren, datt
mer op eemol zwee komplett getrennte Gesellschaftsgruppen duerno hätten, déi sech weeder als
Kand nach als Jugendleche begéint sinn a sech domadder och net austausche konnten.
Wann ee sech just nach an der Fräizäit begéint – an
och do gesi mer an de Sportsveräiner, zumindest an
deenen, an deenen ech aktiv sinn, datt ee ganz kloer
Ekippe gesäit, déi ëmmer méi reng aus Europaschoule
rekrutéiert ginn an anerer, déi reng aus de staatleche
Schoule rekrutéiert ginn, well dann déi Ekippen och
méi nobäi leien –, féiert dat awer zu enger ganz, ganz
geféierlecher Situatioun.
Mir brauchen also méi déifgräifend Upassungen an
eisem Schoulsystem an net just einfach ëmmer méi
Europaschoulen. An ech weess, datt esou Reformen
net einfach sinn an d’Oppositioun mécht et dem Minister och net ëmmer ganz einfach, wa se dann och
nach ëmmer iwwerall probéieren, d’Hoer an der Zopp
ze fannen, dat ginn ech dann och gären zou. Mee
dat ass nun emol de Rôle vun der Oppositioun, fir no
deenen Hoer ze sichen, se ze markéieren an dann ze
soen: Kéint een dat net nach besser maachen?
Schliisslech sinn déi Persounen, déi haut am Enseignement do um Bildungsministère schaffen, nëmme
seelen déi Kanner gewiescht, déi am aktuelle Schoulsystem Problemer haten. Wien haut entscheede kann,
wéi d’Bildung zu Lëtzebuerg ausgesäit, ass deen, deen
et gepackt huet, mat der Dräisproochegkeet an eise
Schoulen eens ze ginn a seng Première oder Treizième
ze packen a potenziell duerno nach weider ze studéieren.
An all déi aner, all déi, déi eeben net mam Schoulsystem eens gi sinn, si vill manner siichtbar an deem Debat. Mee och si sinn do an och fir si mussen eis Schoulen eng Offer hunn, an dat net isoléiert vun
deenen aneren, mee mattendran. Well Léiere kann ee schliisslech net nëmme vu senge Proffen, mee och grad a vläicht heiansdo souguer méi vu senge villfältege Matschüler.
Ech soen Iech Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!
Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Merci och der Madamm Closener fir déi Motioun,
déi eis ganz sympathesch ass. Ech hunn ee … Nee,
kee „Mee“, keng Angscht! Ech hunn ee klenge Souci,
bei deem ech vläicht eng Klarifikatioun bräicht, woubäi d’Madamm Closener eis vläicht ka soen, ob dat
matgemengt ass oder ob se bereet wär, dat mat opzehuelen.
Dat ass beim véiertleschten Invite: Do steet „à veiller
à ce que les conditions d’accès aux écoles internationales publiques soient transparentes“, Stréchpunkt.
An eis feelt do u sech „et égalitaire“, am Sënn, datt
se fir jiddwereen opstinn an net nëmmen transparent
sinn. Well et kann een e ganz restriktive System hunn
an dee ganz transparent maachen. Dat ass, mengen
ech, deen eenzege Souci, dee mir hunn. All de Rescht
wär fir eis ok a mir géifen dat da matstëmmen