Interpellation de Mme Carole Hartmann au sujet de la revalorisation du statut de l’indépendant

M. Sven Clement (Piraten) | Madamm Presidentin, léif Kolleeginnen a Kolleegen, fir d’alleréischt wëll ech enger anerer Madamm Merci soen, nämlech der Madamm Hartmann fir d’Ufroe vun dëser Interpella- tioun.

Wéi jiddereen heibanne weess, sinn ech selwer Inde- pendant an ech kennen dofir d’Problemer, mat deenen d’Leit all Dag, all Mount confrontéiert sinn, vum Ufank vun der Aktivitéit un an och wärend der Aktivitéit.

Dat fänkt u mat der Autorisation d’établissement, déi an den Ae vun de Piraten dréngend misst un d’digi- taalt Zäitalter ugepasst ginn. Mir Piraten stinn zur Iddi vun engem Guichet unique, datt all d’Informatiounen,

déi een als Independant muss uginn a brauch, inter- operabel ginn, datt déi ganz Prozedur also esou wäit et geet automatiséiert gëtt. Well eleng eng Autorisatioun unzefroen, ass den éischte Schrëtt, fir als Independant ze starten – an deen éischte Schrëtt ass, jee nodeem, a wéi enger Aktivitéit een ënnerwee ass, schonns kom- plizéiert, guer net ze schwätze vun deene Schrëtt, déi duerno kommen: Affiliatioun beim CCSS, Umelle bei der TVA, et j’en passe.

Desto méi schwéier mir dës éischt Schrëtt maachen, ëmsou manner Leit wäerte sech selbstänneg maa- chen an eis Lëtzebuerger Ekonomie mat neie Betri- ber, mat neien Aktivitéite beräicheren.

Dee Moment, wou een dann Independant ass, si mir Piraten der Meenung, datt ee – Stand haut – net ge- nuch ofgeséchert ass. Hei kënnt virun allem den CCSS an d’Spill. D’Prozedure vun dem CCSS sinn dach net ëmmer ganz transparent. D’Leit kënnen oft net no- vollzéien, firwat se mussen déi Avancë bezuelen, op wat fir enger Basis hir Base cotisable festgeluecht ginn ass, well dat gëtt oft net erkläert.

Et kritt een eemol d’Joer e Bréif, wou dann eng Assiet- te annuelle dropsteet, déi een dann och zwar ännere kann, erëm per Bréif – do froen ech mech och, firwat dat net digital geet –, a wann ee probéiert, d’Zesum- mesetzung erauszefanne vun deenen Assiette-cotisa- blen, déi scho festgesat sinn, da steet just do mat enger Foussnout, datt dat vun der Steierverwaltung esou kommunizéiert gouf. Et weess een awer net, wann een d’Steierverwaltung freet, wat dat da mécht. Da seet d’Steierverwaltung: „A jo, ma dat ass dat, wat hei deklaréiert ass, wat hei am System steet.“ Wa Fee- ler geschéien, weess keen, wie fir de Feeler responsa- bel ass. An ech kommen nach op esou e Feeler zréck.

Mir sinn der Meenung, datt hei en éischte Schrëtt ass, datt den CCSS den Independantë kloer a senger Kom- munikatioun erkläert, wéi hir Base cotisable gerechent gëtt – an zwar all Mount mat all Cotisatiounsrechnung! Et géif ee Feld méi op deem Cotisatiounsziedel aus- maachen, dee souwisou, mengen ech, nach aus dem Zäitalter virum Internet kënnt, deen d’ADR haut jo hei entdeckt huet. Mee ech mengen, deen Ziedel ass dach e bëssen optimiséierungsfäeg.

(Interruption)

Wann dann och Recalcullen op deenen Ziedele statt- fannen, wann déi méi wéi eng gewëssen Unzuel vu Méint iwwerschreiden, wat reegelméisseg ka vir- kommen, da gëtt einfach dee leschte Recalcul zesum- megefaasst, da steet do net: „Dëse Mount ass esou recalculéiert ginn“, mee da steet einfach drop: „Jo, d’Méint x bis y, dat mécht eng Zomm.“

Also, ech muss Iech ganz éierlech soen, wa mer wëllen de Leit erklären, woufir se hir Cotisatioune bezuelen, musse se och wëssen, wéi déi Cotisatioune sech ze- summesetzen, an ech fäerten, datt mer hei ganz vill In- dependanten heiansdo zur Verzweiflung bréngen, wa se net verstinn, firwat se dann elo mussen nobezuelen, well et ass meeschtens zu hiren Ongonschten, wéi de Recalcul geschitt!

An da kommen natierlech ëmmer déi Fäll – an do wollt ech drop erauskommen –, datt d’Leit deelweis Avancë gefrot ginn oder Recalculle gefrot ginn, déi u sech net gescholt sinn. An dat ass net dem CCSS säi Feeler – also net direkt. Si stelle just den Ziedel aus, komplett auto- matesch op Basis vun deem, wat d’Steierverwaltung hinne seet, an d’Steierverwaltung seet hinnen dat, wat deklaréiert gëtt – heiansdo awer och zweemol! Also, eis si Fäll bekannt vun Independanten, deenen hire Jo- ressalaire wéinst iergendengem informatesche Feeler bei der Steierverwaltung duebel imputéiert gouf. A wat ass d’Resultat? Den CCSS mécht e Recalcul op d’ganzt

Joer a behaapt einfach emol, Dir hätt duebel esou vill

verdéngt wéi Der a Wierklechkeet verdéngt hutt!

Wann ee weess, datt d’Cotisation-socialle ronn 25 % vum Joresakommes ausmaache fir en Independant, an op eemol de Salaire oder de Revenu als duebel esou héich consideréiert gëtt, da kënnt Der Iech vir- stellen, datt dat ganz séier e ganz, ganz décke Batz vum Akommes gëtt, wann ee 50 % vun engem Jores- revenu muss un den CCSS iwwerweisen; iwwregens dann och meeschtens innerhalb vu ganz secken De- laien, esou datt no zéng Deeg dann och scho kann déi betreffend Persoun ganz frëndlech vun engem Huissier – soe mer et emol esou – gebiede ginn, déi Suen ze bezuelen, an all dat wéinst informatesche Feeler, wou sech dann op eemol kee Mënsch méi fir zoustänneg hält!

A jo, da rifft een un, et rifft ee bei dem CCSS un, et rifft ee bei der Steierverwaltung un an déi verweisen alleguerten dann op … Deen ee weist op deen aneren an et geet net wierklech weider. Da gëtt gesot: „Dir kënnt jo Är Assiette cotisable ännere fir d’Joer.“ Dofir muss een dann e Bréif ufroen, da kritt een e Bréif ge- schéckt, dee Bréif muss een ausfëllen, dee Bréif muss een zréckschécken, dee muss encodéiert ginn – also, ëm Gottes Wëllen, dat dauert heiansdo dann awer schonn emol eng gutt Woch. An der Zwëschenzäit ass de Huissier dann natierlech do.

Bei der Steierverwaltung esou e Feeler ze rectifiéie- ren – an ech weess, d’Madamm Finanzministesch sëtzt net hei –, ass nach méi komplex. An et ass guer net dem CCSS säi Feeler. Am Fong misst een awer vläicht, wann esou Feeler, déi manifest sinn, duer- geluecht ginn …, da sollt een do eng gewësse Kulanz gëlle loossen!

Mir Piraten sinn dann och der Meenung – an da blei- wen ech weider bei de Cotisation-sociallen –, datt d’Co- tisatioun méi flexibel muss gestalt ginn. Haut si mer an der Situatioun, datt ee mindestens um Niveau vum Salaire social minimum muss bezuelen, cotiséieren. Et kann een op en Drëttel dovunner goen, sous condition, datt een dat beweist, mee do derzwëschent gëtt et kee Choix. Et kann een net soen: „Ech hunn dat éischt Joer nëmme fir d’Hallschent, ech hu vläicht fir 75 %, mee 100 % vun de Cotisatiounen, dat geet net! Ech hunn nach net genuch Clienten, fir dat ze maachen!“ An da gëtt ee penaliséiert, andeem ee gesot kritt: „Du muss automatesch fir en Drëttel bezuelen!“, mee ech kann net soen, … Ech hu keng Marge de manoeuvre an deem binäre System!

An ech mengen, datt een hei eng gewësse Flexibili- séierung zwëschent engem Drëttel vum Mindestloun an engem ganze Mindestloun awer misst de Leit zu- mindest an deenen éischte Jore ginn, well verschidden Independantë liewen am Ufank vun hirer Karriär als In- dependant vu Reserven a wëllen esou vill wéi méiglech an hire Betrib oder an hir Aktivitéit stiechen. A wa se sech also hei keng 25 % iwwerweise kënne vum Min- destloun, da gi se automatesch penaliséiert. Hei sollt also e flexibele Regimm geschaaft ginn an dann dozou vläicht och d’Propos, all Mount online kënne seng Coti- satioun unzepassen.

Oder – soyons fous –, datt ee ka méi cotiséieren, méi iwwerweisen. Et freet een en Drëttel un, mee wann ee méi iwwerweist, datt dat da richteg imputéiert gëtt, anstatt datt een dann e Kreditt kritt, sou datt mer u sech och kënnen evitéieren, datt um Enn vum Joer … An, nee, kommt, si mer éierlech: Et ass net um Enn vum Joer, wou de Recalcul kënnt. De Recalcul kënnt zwee, dräi Joer méi spéit, wann dann d’Steierverwaltung endlech d’Steiererklärung traitéiert huet, da kritt den CCSS zwee Joer méi spéit dann endlech d’Donnéeë vun der Steierverwaltung, vläicht och eréischt dräi

Joer méi spéit, an da gëtt e Recalcul gemaach vu Jo- ren, wou een u sech mental komplett domadder of- geschloss huet!

Ech mengen, datt mer hei kengem Independant hëllefen, an ech hu virdru gesot, déi Contraintes de corps, déi do deelweis exekutéiert ginn, sinn awer e bësse sec, wou deelweis sech d’Leit däers och net be- wosst sinn. A jo, ech si mer bewosst, et soll een net soen … Mir soen ëmmer: „Nul n’est censé ignorer la loi.“ Mir kéinten u sech dovunner ausgoen, datt all In- dependant perfekt informéiert ass, datt all Indepen- dant seng Gesetzer liest. Mir wëssen awer och, datt dat net ëmmer de Fall ass.

Firwat kënnt den Dekont net och op de MyGuichet stoen? Dat weess ech net. Et kann een dat uklicken, mee et fonctionéiert manifestement net. Meng CNS- Ofrechnung kënnt do un, den Dekont vun dem CCSS kënnt net do un.

En anere wichtege Punkt ass dann de Congé parental, dee jo elo geschaaft gëtt. Dat ass eng gutt a wichteg Etapp. Ech fannen et awer e bësse problematesch, datt mer, anescht wéi bei den normale Salariéen, de Leit soen: „Dir musst en d’office Vollzäit huelen!“

Wann een dann Independant ass, wann een am- gaangen ass, eng Aktivitéit opzebauen, a wann een dann och nach wëllt eng Famill grënnen an et wëllt ee fir seng Kanner do sinn, da kritt ee gesot: „Entweeder du häls deng Aktivitéit elo op“ …, grad an der Jugend, well si mer éierlech, déi meescht Eltere sinn awer nach éischter um Ufank vun hirer Karriär wéi um Enn vun hirer Karriär! „Hal deng Aktivitéit elo op, fir dee Congé parental ze huelen oder huel en net!“ Dat ass e Choix, wou ganz vill Independantë ganz éierlech da soen: „Ma dann huelen ech en net. Ech arrangéiere mech, well ech ka mer net erlaben, meng Aktivitéit opzehalen.“

Mir gesinn och net den Interêt vun engem Vollzäit- Congé-parental fir Patrone vun enger Firma. Hei muss eng Gläichberechtegung bestoen tëscht de Salariéen an den Independanten.

An da ganz kuerz nach zur Mutualitéit, Madamm Pre- sidentin, an da sinn ech fäerdeg: Bei der Mutualitéit si mer och éischter fir en Opt-out, voire fir e System vun enger Karenzzäit, well haut – an och do gi Frae benodeelegt, méi wéi d’Männer – ass et esou: Et muss een innerhalb vun deenen éischten dräi Méint no der Aktivitéit decidéieren, sech ze affiliéieren – oder et kann ee sech eréischt zum 1. Januar vum Joer drop affiliéieren. Mir géifen eis wënschen, wann et scho keen Opt-out gëtt, datt een da wéinstens eng Karenzzäit vun dräi Méint hätt.

A ganz zum Schluss wär et dach eng ganz verréckt Iddi, wann de Staat géif Kontrakter, déi e mat Independantë mécht als Freelancen, déi vläicht géif d’nämmlecht in- dexéieren, wéi en och Salairen indexéiert. Well hei sti keng grouss Firmen hannendrun, déi sech den Index einfach esou leeschte kënnen, mee de Staat misst hei seng Verantwortung iwwerhuelen!

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Patienten, déi medezinesche Cannabis brauchen, mussen perséinnlech an eng Kliniksapdikt goen, fir hire medezinesche Cannabis ze kréien. D’Rezepter
D’Europäesch Kommissioun huet am Dezember 2021 en Aktiounsplang adoptéiert, deen d’Promotioun vun Zuchtrajeten iwwer laang Distanzen an domat eng méi nohalteg Mobilitéit virgesäit (Action
An enger Sëtzung vun der Commission des Finances ass eisem Representant op Nofro confirméiert ginn, dass déi temporär Baisse vun der TVA zum 1.