Interpellation de M. Marc Spautz ausujet de la situation de la formation professionnelle et des métiers de l’artisanat

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, et ass mer ëmmer eng
Freed, dem Marc Spautz Merci ze soen, fir Interpellatiounen oder Heure-d’actualitéen ungefrot ze hunn,
well d’Theeme si meeschtens ganz pertinent. An hei
huet en u sech erëm eng ganz pertinent Fro op den
Ordre du jour gesat, an dat ass déi vun der Formation
professionnelle a virun allem déi an den Handwierksberuffer. Déi praktesch Ausbildungen am Beräich
vum Handwierk si bekanntlecherweis e ganz wichtege Pilier an eisem Ausbildungswiesen, mee leider,
an dat ass e bësse meng Konklusioun vun den
Owend, kënnt deenen Ausbildungen net ëmmer déi
Valeur, déi Unerkennung zou, déi se u sech verdéngt
hätten.
Eise Schoulsystem ass esou opgebaut, datt d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Secondaire classique
just seele proposéiert, iwwerhaapt emol proposéiert
kréien, enger handwierklecher Tätegkeet nozegoen,
wärend gläichzäiteg d’Schülerinnen an d’Schüler aus
dem Technique quasi gedrängt ginn, e Beruff ze léieren, well hinnen oft net zougetraut gëtt, datt se no
enger Première dann och nach op d’Uni kënne goen.
Also, et si Stereotyppen, déi ëmmer nach vehiculéiert
ginn an déi einfach um Terrain net méi stëmmen!
Mir hu ganz gutt Schülerinnen a Schüler, déi op enger
Première um Secondaire technique sinn – „Secondaire
général“ mëttlerweil –, déi op enger Uni immens opbléien. A mir hunn op där anerer Säit Schülerinnen a
Schüler, déi eng Première classique maachen, deelweis
am klasseschste Modus, deen et nëmme gëtt, eventuell och nach Latäin gewielt hunn, an da besser am
Handwierk opgehuewe sinn, well se u sech mierken,
datt se léiwer mat hiren Hänn wëlle schaffen.
An dat muss een dann och soen, d’Handwierk, do soe
mir ëmmer, dat wier mat den Hänn schaffen, mee dat
ass haut och net méi wierklech wouer. Am Handwierk
brauche mer héich spezialiséiert Leit. Mir brauche
Leit am Handwierk, déi net nëmme mat den Hänn
schaffe kënnen, am Sënn vun: „Ech sinn Informatiker,
et deet mer leed, e Kabel ze zéien …“, mee déi et och
fäerdegbréngen, vläicht dee Roboter ze programméieren, deen ze debuggen, derfir ze suergen, datt en
erëm geet, wann en eng Faille huet. An dat ass,
mengen ech, an allen Handwierksberuffer e bëssen
de Fall. Datt d’Wiel vum Beruff den Interessie vun de
Schülerinnen a Schüler entsprieche muss an net
duerch d’Orientéierung an de Lycée mat zwielef Joer
bestëmmt sollt ginn, schéngt also relativ kloer.
Ech weess, datt och d’Regierungsparteien dëser
Meenung sinn an datt zum Beispill mat der Maison
de l’orientation jo schonn dru geschafft gouf, d’Handwierksberuffer u jiddereen erunzebréngen, deen also
Interessi huet. Mee et bleift awer leider trotzdeem
nach ëmmer eng Seelenheet, datt Schülerinnen a
Schüler aus dem Secondaire classique sech fir den
Handwierksberuff géifen entscheeden, obwuel et sécher net un Interesséierte mangelt. An et ass jo och
eng schwéier Entscheedung, als Jonken eng Handwierksausbildung ze wielen an domat d’Méiglechkeet
ze verléieren, de Bac ze maachen – wann ee sech da
wierklech relativ fréi fir d’Handwierksausbildung entscheet – an domadder och de fräie Choix vun enger
Universitéitsausbildung oder vun allen Universitéitsausbildunge scho fréizäiteg opzeginn, wann een da
just nach e limitéierten Zougang zu verschiddene
Formatiounen huet.
An dat ass sécherlech net de lëtzebuergesche Schoulsystem, deen do responsabel ass. Ech wollt dat guer
net insinuéieren. Do ass et nun emol esou, jee nodeem, wat fir en Ofschloss een huet, kënnt ee méi
einfach oder méi schwéier op auslänneschen Unien
eran.
A wa mer éierlech sinn, hu mer e bëssen de Problem,
datt et net un dem Interessi mangelt, mee un där Fro,
datt mer Schülerinnen a Schüler virun de Choix
stellen, an dat relativ fréi: de Bac mat fräiem Zougang
zu villfältegen Ausbildungen oder eng Handwierksausbildung? Esou misst ee vläicht eng Ausbildungsfilière schafe fir Leit mat Bac, mat enger Première, fir
eeben esou och nach Leit, déi schonn e Bac hunn,
weider kënnen ze forméieren.
Hei si mer eis och däers bewosst: Nom Bac wëllen déi
mannst Schülerinnen a Schüler nach eemol zréck an
d’Schoul, fir do dann nach eemol, an dat heefeg op
enger méi niddreger Klass, unzefänken, en Handwierk ze léieren. A fir en Apprentissage adulte si se
nach ze jonk. Dat heescht, mir hunn u sech do Schülerinnen a Schüler, déi eng Première maachen, déi sech
eventuell da bewosst ginn, datt dat fir op d’Uni ze
goen net dat Richtegt fir si ass, fir déi awer de Wee,
fir zréck an eng Ausbildung ze goen, u sech gefillt e
Réckschrëtt wär, wou se dann och mat vill méi Jonken
an enger Klass géife sëtzen, an déi fir en Apprentissage adulte nach guer net eligibel sinn. Ech mengen,
datt mer do nach e Ventill brauchen, fir dee Besoin ze
erfëllen.
Eng gutt Formatioun fir d’Handwierk besteet natierlech och net nëmmen aus der schoulescher Ausbildung, mee virun allem jo och aus der Beruffserfarung
am Betrib. A wat dëse Volet ugeet, wär et an eisen Ae
ganz wichteg, d’Patronen, déi Jonker bei sech ophuelen an ausbilden, besser ze ënnerstëtzen. Mir hunn u
sech eng änlech Iddi wéi dat, wat d’Motioun vum ADR
fuerdert. Et ass ëmmer erëm vun enger Méiglechkeet
vun „Ablösesummen“ geschwat ginn. Et wonnert
mech net, datt de President vun engem Fussballsveräin mat enger Motioun zu deem Theema am
Handwierksberäich kënnt.
Et ass sécherlech esou, datt et schwiereg ass fir de
Privatsecteur, wann een als Éischt ausbilt. An ech hat
selwer och schonn eng Question parlementaire dozou
gestallt, wou ech gefrot hunn: „Ma wéi vill Leit bilt
dann den ëffentleche Secteur aus par rapport zum
Privatsecteur a par rapport zu de Plazen, déi een dann
duerno besetze wëllt?“ An do stellt sech eraus, datt u
sech den ëffentleche Secteur vill méi kéint ausbilden,
wann en da wéilt, mee et net mécht an dovu profitéiert, datt de Privatsecteur haut ausbilt, an déi Leit duerno rekrutéiert. Déi Zuelen erschrecken a mir mussen
do eppes maachen, well iergendwann eng Kéier soe
sech soss d’Handwierker mat Meeschterbréif: „Firwat
soll ech nach ausbilden? Wann ech ausbilden, investéieren ech Ressourcen, Zäit, Nerven, fir ee

auszebilden, ee wëllen u mäi Betrib ze fideliséieren, fir
datt en duerno een, zwee Joer méi spéit bei déi éischt
Gemeng geet, wou en eng Plaz fënnt, oder bei de Staat
oder bei en Établissement public.“
Mir wëssen, datt dat e Problem ass, a gläichzäiteg
wësse mer awer och, datt et ganz vill Handwierkberuffer gëtt, déi haut e Mangel u Leit hunn, déi bei
hinne schaffe wëllen. Dat heescht, mir hunn engersäits
verschidde Pisten, déi mer guer net opmaachen, fir an
d’Formation professionnelle ze kommen. Op där anerer
Säit hu mer e Mangel u Leit, déi an déi verschidde
Pisten heiansdo era wëllen. A ganz um Schluss maache
mer et och nach de Privatpatrone schwéier, fir déi Leit
auszebilden, déi et da bis dohinner ausgehalen hunn.
Also iergendwou, mengen ech, ass de Wuerm net
nëmmen op enger Plaz dran. Mir mussen dee System
definitiv iwwerdenken.
Ech sot et virdrun: D’Digitaliséierung ass eng Realitéit
och am Handwierk a mir sollen net nëmme vu manuelle Beruffer schwätzen. Dat sollte mer u sech ganz
séier aus eisem Kapp verbannen. De Schräiner muss
haut mindestens esou gutt mat engem Computer
eens gi wéi de Grafiker, wéi deen um Büro. An ech
mengen, datt souguer déi meescht Handwierker vill
méi spezialiséiert IT-Kenntnisser brauche wéi déi
meescht Leit, déi an enger Verwaltung op engem
Büro schaffen.
Do, wou bei anere gängeg Office-Programmer heefeg
duerginn, gëtt et am Handwierk ganz spezialiséiert
Logiciellen, déi ee perfekt beherrsche muss, wann ee
säi Metier haut nach wëll adequat kënnen ausféieren,
ob dat de Schräiner, den Installateur respektiv och just
de Plätterchersleeër ass, dee jo och drop aus ass, fir
datt en esou mann wéi méiglech Bëtz mécht, datt en
esou mann wéi méiglech CO2 produzéiert beim
Bestelle vu senge Paletten, datt mer also eng Chaîne
de valeur hunn, wou et esou mann wéi méiglech
Verloscht gëtt. Well och do sinn d’Margen, vläicht net
op de geleeschte Stonnen, mee awer sécherlech op de
Produiten, déi agesat ginn, op der Matière première,
esou dënn, datt et sech lount, op all Cent ze kucken, an
do ginn Experte gebraucht! Do muss een haut och mat
Computeren eens ginn an do muss ee virun allem och
bereet sinn, sech permanent fortzebilden, well d’Handwierk vun haut ass net d’Handwierk vu virun zéng Joer
a sécherlech net d’Handwierk vu virun 30 Joer.
Deementspriechend brauche mer och eng Formation
continue an der Formation professionnelle, déi e gutt
Stéck méi wäit geet, déi et vill méi einfach mécht, och
wéi ech et virdru sot, fir Leit, déi vläicht op engem
zweete Bildungswee an d’Handwierk era wëlle fannen,
déi vläicht iwwert de Wee vun enger dualer Ausbildung
wëllen an d’Handwierk erafannen, datt mer deene Leit
Pisten opmaachen, ouni hinnen déi Piste vu vireran ze
verbauen.
M. André Bauler (DP) | Vergiesst d’Konschthandwierk net!
M. Sven Clement (Piraten) | A schlussendlech
mengen ech, …
M. André Bauler (DP) | Vergiesst d’Konschthandwierk net!
M. Sven Clement (Piraten) | An d’Konschthandwierker natierlech och. Merci, Här Bauler. Ech hätt déi
sécherlech vläicht vergiess ze ernimmen, mee ech hu
se awer net vergiess ze valoriséieren.
Vläicht e leschte Punkt, Här President. Mir mussen et
och interessant maachen, net nëmmen fir d’Initialausbildung ze maachen, mee och fir vum Gesell
zum Meeschterbréif ze kommen, datt een also wierklech déi Ausbildung net als ofgeschloss ugesäit dee
Moment, wou een den éischten Diplom an de Grapp

gedréckt kritt, mee datt u sech dat Ganzt och eng liewenslaang Aufgab ass. Mir soen ëmmer esou schéin
op Englesch „lifelong learning“, mee dat ass u sech
am Handwierk nach vill méi akut. Do ass et nämlech
net nëmme „lifelong learning“, do ass et „lifelong
doing“.
Ech soen Iech villmools Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Also ech ginn dem Minister absolutt Recht, datt et definitiv nach Diskussiounsbedarf gëtt. Ech hätt mech
gefreet, dat doten an der Kommissioun mat ze diskutéieren.
Ech verstinn awer, datt et do grad keng grouss Géigeléift fir d’Propos vum Marc Spautz gëtt. Mir dinn eis
elo schwéier domadder, se tel quel unzehuelen, well
eeben eng Rëtsch Froen op sinn an, ech mengen, de Minister zu Recht och ugemierkt huet, datt hei awer
och d’Fro sech stellt – an ech hunn dat net fir näischt
an der Ried gesot –, ob de Staat net méi muss ausbilde respektiv och op deene richtege Plaze muss ausbilden. An deementspriechend géife mir eis zu dësem
Zäitpunkt bei där heite Motioun enthalen, well et eeben e bëssen u Fleesch op de Schanke feelt

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat