M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Et ass gutt, dass mir a reegelméissegen Ofstänn an der Chamber iwwert de ländleche Raum schwätzen. Ane- rersäits gläiche sech d’Inhalter vun dësen Debatte vu Joer zu Joer. Mat dëser Debatt ass et e bësse wéi mat Mammen- oder Pappendag: Et soll een net nëmmen op deem prezisen Dag un d’Mamm oder de Papp denken. Si verdéngen dat nämlech all Dag, an esou ass et och mam ländleche Raum.
Ech wéilt dann hei a menger kuerzer Ried op e puer Aspekter agoen. Zum Wirtschaftswuesstum: De länd- leche Raum, jo, brauch Aarbechtsplazen, Commercen, Servicer an e gutt fonctionéierenden ëffentlechen Transport. Mir wëssen, dass ee grad mat méi Teletra- vail derzou bäidroe kann, dass méi Aktivitéite vun der Stad an de Ballungszentrumen eriwwer an de länd- leche Raum verschiibt kënne ginn. Intelligent agesat kann den Homeoffice derzou bäidroen, datt méi Leit sech méi laang doheem an den Dierfer ophalen an net all Dag an d’Stad oder op hir Aarbechtsplaz pil- gere mussen. Dat entlaascht engersäit den Trafick op eise Stroossen a féiert derzou, datt méi Leit sech daagsiwwer an den Dierfer ophalen, vläicht och emol do méi konsuméieren an einfach derzou bäidroen, dass aus enger Schlofgemeng erëm eng aktiv Ge- meng ka ginn. Et ass eng Win-win-Situatioun fir méi Liewensqualitéit fir jiddereen an der Gemeng.
Eng aner Méiglechkeet, déi dem ländleche Raum an eisen Aen nach hëllefe kann, si lokal Aktivitéitszonen, wou sech Betriber kënnen néierloossen. A firwat net och an de Grenzgemenge grenziwwergräifend Aktivi- téitszone schafen, wou ee sech mat den Nopeschge- mengen zesummendeet, fir sënnvoll wirtschaftlech Aktivitéiten hei op d’Plaz ze kréien?
Och d’Aféiere vu Gemeinschaftsbüroen ass an eisen Aen eng Méiglechkeet, fir dass d’Leit net bis an d’Bal- lungszentre fuere mussen, fir eng Aarbecht ze maa- chen, déi ee mam Laptop oder vun iwwerall aus ka maachen.
Et gëtt also genuch Méiglechkeete fir d’Gemengen, fir flott Projeten an hire Gemengen ëmzesetzen. D’Fro ass natierlech hei déi vun der Finanzéierung. Hei kéint ee mam Staat zesumme kucken, wat méiglech ass ze realiséieren, eventuell souguer an Zesummen- aarbecht mat de Patronen.
Dann nach zu de Servicer am ländleche Raum: Et ass utopesch ze mengen, mir kéinten a sämtlechen Uert- schaften hei am Land – an dat sinn der bal 600 – alle- guerten d’Servicer ubidde wéi an deene gréissere Stied. Trotzdeem kann een dës Servicer a sämtlechen Ecke vum Land no an no ubidden. Mir hunn zum Bei- spill d’Iddi, fir dat ze realiséiere mat „mobillen Agen- cen“, vereinfacht gesot. Dir kennt dat vu Foodtrucks, hei just eeben, fir Servicer unzebidden. Déi mobill Agencë géife virun allem deene Leit zeguttkommen, déi net digital ënnerwee sinn. De Stand kéint dann all Dag an eng aner Uertschaft fueren, soudass d’Leit eng Uspriechpersoun an eng Plaz hätten. Hei kéint de Staat mat de Gemengen an zum Beispill mat de Ban- ken zesumme kucken, fir dës Offer auszebauen.
Dann nach zur Medezinn am ländleche Raum: Mir erënneren eis och un d’Problemer an eise Klinicken, grad am ländleche Raum. Och hei gëtt d’Offer vun de Servicer ausgedënnt, d’Urgencë sinn net korrekt besat an et feele Basisservicer. E Beispill dofir sinn d’Dokteschcabineten. Mir hunn a verschiddene Be- räicher en Doktermangel. Ech hu mer de Weekend de Site pediatres.lu ugekuckt, wou een eng Lëscht vun de Pediatere fënnt. Vu 75 Pediateren hei am Land sinn d’Hallschent um Territoire vun der Stad Lëtze- buerg ugesidelt. Och wa Lëtzebuerg eis Haaptstad ass, zielt si ronn 20 % vun der Landesbevëlkerung. An de fënnef Nordkantoner – just als Vergläich – wun- nen zesummen awer 100.000 Awunner, dat sinn och 15 % vun der Landesbevëlkerung. Gläichzäiteg sinn am Norden dofir awer nëmme knapps zéng Kanner- dokteren, a vun deene befanne sech der dräi vu véier am Raum Ettelbréck/Dikrech. Dat geet einfach net duer!
Dat eent ass, wéi vill Doktere mir zu Lëtzebuerg hunn, dat anert ass, wéi se sech regional verdeelen. Et kann net sinn, dass ee mat engem kranke Kand vill Kilo- metere bis an d’Stad oder de Süde muss fueren, fir gehollef ze kréien! Mir Piraten si ganz kloer fir eng Dezentraliséierung vun de medezinnesche Servicer. Et ass falsch, ëmmer ze probéieren, alles op ee Site ze setzen.
Hei proposéiere mir Piraten ganz kloer: Et muss eng Mindestdensitéit un Dokteren an engem Kanton ginn. Bei den Apdikten oder Nottäre schreiwen d’Gesetzer eng maximal Unzuel pro Awunner vir. Firwat net per Gesetz eng Mindestunzuel fir Doktere festleeën? Mir wären och ganz domadder averstanen, wann déi Dokteren, déi bereet sinn, méi wäit wunnen ze goen, dat och finanziell kompenséiert kréichen.
Ech kommen zu mengem leschte Punkt, deem vun der grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht an der Groussregioun. Der Kooperatioun an der Grouss- regioun sinn u sech keng Limitte gesat, ausser dem politesche Wëllen, fir eppes draus ze maachen. Déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht ass fräi- wëlleg. Si kann net vun uewen erof diktéiert ginn. Et gëtt eeben nun emol kee grousse „Chef“ iwwert d’ganz Groussregioun. Et geschitt entweeder alles fräiwëlleg an der Ekipp oder et geschitt guer näischt.
Allgemeng gëtt net genuch iwwert d’Grenzen eraus geschafft, grad am ländleche Raum. An dobäi gëtt et Beräicher, wou et wierklech Sënn mécht, op d’mannst e reegelméissegen Austausch ze hunn. Et kann een net zesummeschaffen, wann ee sech net kennt, an dat ass de Problem, soubal een iwwert d’Grenz kuckt. Mee dat alles ass kee Grond, fir net emol seng Füler auszestrecken: Wat maacht Dir zum Beispill an der Grenzregioun fir Är Leit vum Drëtten Alter? Wéi man- aget Dir Äert Veräinsliewen? Wéi vermaart Dir Är lokal a regional Produkter? Solle mir eis net zesummen- dinn?
Méi Kooperatioun an der Grenzregioun kéint ville vun eisen Noperen hir Problemer léisen, an och eis, grad am ländleche Raum. Mee d’Initiativ muss vun der Politick kommen. An och national kann ee mat der Groussregioun fir Verbesserunge suergen. Och hei ass d’Medezinn erëm e gutt Beispill. Eng reng na- tionalistesch oder zentralistesch Gesondheetspolitick bréngt eis net weider, wa mer den Accès op d’mede- zinnesch Versuergung wëlle verbesseren.
Mir Piraten géifen de Wee goen, zesumme mat eisen Nopeschlänner an der Groussregioun Synergien ze schafen. Vu Wäiswampech aus ass ee méi schnell zu St. Vith an der Belsch wéi zu Stroossen, vu Veiane méi schnell zu Bitburg oder vu Berdorf méi schnell zu Tréier. Firwat net e gemeinsame Pool un Dokteren an
un Infirmiere fir d’Grenzregioun am ländleche Raum, bezuelt aus engem gemeinsamen Dëppen an ëmmer fir d’Leit do?
Et gëtt vill ze verbessere fir de ländleche Raum an déi politesch Verantwortlech mussen et nëmme wëllen ugoen, op Gemengenniveau souwéi an de Ministè- ren. Merci.