Interpellation de M.Guy Arendt au su­ jet du Plan d’action national d’inclusion numérique

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här Président de séance. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt e grousse Merci un de Guy Arendt fir d’Ufroe vun der Interpellatioun an ech mengen, datt d’Digitalisatioun jo awer e grousst Theema ass. A wie „grouss“ seet, dee mengt domadder meeschtens „wichteg“. An et ass domadder och en Theema, wat eis alleguerten ugeet. Et ass keen Theema, iwwert dat een einfach nëmme schwätzt, well et gutt an den Agenda vun der Chamber géif erapassen, mee et ass en Theema, bei deem mer all Dag mierken, wéi ofhängeg mer sinn a wéi interkonnektéiert eis Welt awer hautdesdaags ass.

Am Alldag kënnt een als Bierger u sech net méi der- laanscht, an iergendenger Form eppes digital ze maachen. Sief dat Onlineshopping, och bei lokale Commercen, d’Sich no engem Restaurant oder d’Buche vu Servicer. An déi meescht vun eis, virun allem déi méi Jonk an digital Verséiert, profitéiere vun de Virdeeler vun der Digitalisatioun. Et mécht eis d’Liewen dacks méi einfach. E Klick hei, e Klick do a schonn ass eng Saach organiséiert, déi virdrun en Appell, zwee, dräi, vläicht och nach eng Kéier e Réckruff gebraucht hätt. Dëst gëllt awer net fir jiddereen. Vill Leit an eiser Ge- sellschaft sinn aus ganz verschiddene Grënn nach ana- log ënnerwee. Mir hunn alleguer bestëmmt schonn eng Kéier eng eeler Persoun begéint, déi nach net mat Smartphone, Internet a Co. vertraut ass: …

Une voix | Très bien!

M. Sven Clement (Piraten) | … de Bopi oder d’Bomi, déi hir Kanner oder Enkele musse froen, fir hinnen In- formatiounen erauszesichen, e Rendez-vous ze fixéie- ren oder Änleches. Ech mengen, jiddweree vun eis erënnert sech un d’Buche vun den Impfrendez-vouse wärend der Covidpandemie, wou mer jo awer alle- guerte warscheinlech fir Familljememberen aushël- lefen hu missen. Dat heescht, déi Delegatioun, déi de Guy Arendt haut schonn ugeschwat huet an an de Raum geworf huet, ass héchstwarscheinlech eppes, wat mer dréngendst bräichten, eng Delegatioun, fir am Numm vu Familljememberen oder och vun Drët- ten, déi eis vertrauen, Demarchë kënnen op MyGuichet ze maachen. Dat ass eppes, wat haut net méiglech ass, wat awer da mat sech bréngt, datt een eventuell op eemol awer e LuxTrust-Toke vun engem Drëtten uver- traut kritt, wat dann net onbedéngt am Interêt vun der Erfindung ass.

E Fait, deen awer och haut dacks unzetreffen ass, an allze dacks gär vu méi jonke Leit belächelt gëtt, ass eeben déi Vertrauensbasis, déi muss do sinn, well soss geet et net. Mee et sinn awer net nëmmen déi eeler Leit, déi net digital ënnerwee sinn. Et gëtt ganz ënnerschiddlech Gruppe vu Leit, déi keen Accès op digital Produiten hunn.

De Guy Arendt huet virdru vu 5G geschwat, deen net iwwerall disponibel ass. Also, …

(Interruption par M. André Bauler)

… net emol 5G … Also, mir hunn tatsächlech …, an ech kann e Lidd dovu sangen, wann ech ënnerwee si vun doheem fir an d’Chamber, da geet d’Verbindung mindestens eng Kéier, jee no Wieder och zweemol fort. Dat ass leider nach ëmmer de Fall an …

M. André Bauler (DP) | Dir kënnt och eppes sangen!

M. Sven Clement (Piraten) | Ech weess net, ob ech esou haart sange kann, Här Bauler, datt ee mech géif bis an d’Chamber héieren.

Mee et falen awer och Leit drënner, net nëmme wéinst der Konnektivitéit, mee och Leit zum Beispill mat enger Behënnerung, déi dowéinst vun der digita- ler Welt ausgeschloss sinn, well déi Saachen einfach net accessibel sinn. Oder Leit mat enger méi niddre- ger Qualifikatioun an dowéinst dacks engem méi niddrege Salaire. Well dat, maache mer eis näischt vir, geet meeschtens Hand an Hand. An och si si ganz dacks mat Problemer aus der digitaler Welt konfron- téiert.

Hinne feelt et allze oft un den néidege Grondkenntnis- ser a vu weiderféierende Kenntnisser emol guer net ze schwätzen. An do bäisst sech den Hond dann dacks selwer an de Schwanz. Opgrond vun hire méi niddrege Qualifikatioune schaffe se dacks a Beräicher, wou méi niddreg Salairë bezuelt ginn. Si selwer hunn doduerch net déi néideg finanziell Mëttel, fir u Formatiounen deelzehuelen. A grad a verschiddene Secteure wëllen d’Patronen oder mussen d’Patronen och net hir Mat- aarbechter an esou Formatioune schécken. Sief dëst aus Angscht, datt de Salarié sech duerno mat dem neie Wëssen eng aner Aarbechtsplaz géif sichen oder well hie kee Meerwäert fir säi Betrib an esou enger Forma- tioun gesäit.

An ech erënnere mech ganz gutt un eng Formatioun, déi eng Kéier offréiert gouf, fir Kompetenzen am Social-Media-Beräich ze kréien, wou ech d’Dozentin ganz gutt kennen. An déi huet mer du gezielt, wien dann déi Leit waren, déi an där Formatioun souzen. Et waren 2 Leit do vun 18, déi wollten do sinn, déi wollte sech weiderbilden. An da 16 vun deenen 18 ware Leit, déi vun hirem Patron wéinst engem Plan de maintien dans l’emploi oder wéinst engem Ofbau vun Aarbechtsplazen, wou Formatioune verhandelt goufen, dohinnergeschéckt goufen. Do war eng Per- soun da vun 58 Joer, déi do dann op eemol an där Formatioun souz, fir sech zum Social-Media-Expert weiderzebilden.

Ech bezweifelen, datt dat där Persoun wierklech dat bruecht huet, wat se gebraucht huet, fir um Aar- bechtsmaart ze bestoen. An ech mengen, dofir musse mer och, wann et Formatioune gëtt – an déi Forma- tioune maache meeschtens Sënn –, och oppassen, datt déi Formatioune Sënn fir déi Persoune maachen, déi se maachen. Well, just well d’Formatioun Sënn mécht oder d’Participatioun un enger Formatioun Sënn mécht, heescht dat net, datt béides ëmmer och op eng Persoun zoutrëfft.

Änlech, an ech wollt domadder e bëssen d’Bréck schloen, geet et och de Chômeuren. Dacks feelt et hinnen un digitale Grondkenntnisser, déi awer eng Viraussetzung fir vill Aarbechtsplaze sinn. Ouni dës wichteg Grondkenntnisser kënne se zwar probéieren, sech fir Plazen ze bewerben, mee mir wëssen hei, mengen ech, ganz gutt, datt se dann eng Ofso kréien, well d’Checkbox „Microsoft Word“ oder „PowerPoint“ oder soss iergendee Programm net ginn ass.

Awer och Demandeuren oder Beneficiairë vun der Protection internationale hunn dacks keng bis ganz

wéineg Grondkenntnisser, zumindest, wann et drëm geet, op méi formalen IT-Programmer ze schaffen.

E Grupp vu Leit, deen an dësem Projet awer guer net virkënnt, sinn dann d’Sans-abrien. Si gi guer net consideréiert. An och do stellt sech d’Fro … Majo, och déi hunn e Besoin, fir digital ze participéieren. A grad do kéinte mer ganz vill administrativ Problemer léi- sen, wa mer se géifen digital inkludéieren. Well ech mengen, all déi Froe ronderëm de Courrier an esou kann een natierlech digital zu engem gewëssene Grad léisen, ouni datt een nach eng Boîte brauch, sous condition, datt Kompetenzen do sinn. Do musse mer och dru schaffen.

Natierlech zielen an éischter Linn wichteg Saache wéi en Ënnerdaach – Stéchwuert Housing First – an den Zougang zu medezinnesche Soinen, mee och den Zougang zu digitale Medien a Servicer däerfe mer net vergiessen. Schliisslech geet et jo hei laut dem Titel ëm eng digital Inklusioun. An och an der Einleitung heescht et, datt et drëms geet, fir – an ech zitéieren aus dem Projet –: „en Aktiounsplang opzestellen, deen d’Inklusioun vu jidderengem an der digitaler Transformatioun vun der Gesellschaft soll garantéie- ren.“ Do steet jo ganz däitlech dat Wuert „jidderen- gem“ an net „jidderengem, deen eis geneem ass“. Also jo, och Sans-abrie sollen hei net vergiess ginn, well och si hunn als eis Matbiergerinnen a Matbier- ger en Urecht op eng ganz Rei vu Servicer.

Här President, et gëtt héich Zäit, datt dës Problemer ugaange ginn. Et ass längst iwwerfälleg, datt endlech méi dofir gemaach gëtt, fir dës Problemer unzegoen an ze léisen. Mir bretzen eis dach dacks mat enger moderner Gesellschaft, vergiessen dobäi awer oft Randgruppen, déi net ëmmer an eist Bild oder an den Narrativ passen. Awer och si sinn en Deel vun eiser Gesellschaft an däerfen net vergiess oder aus- geschloss ginn.

A sech begréisse mir Piraten dëse Projet also ganz kloer, ass d’Digitaliséierung dach eent vun eise wich- tegsten Theemen. A vill vun de geplangte Mesurë kléngen à la base och ganz gutt. Mir fuerderen awer vehement, datt och wierklech keng Ënnerscheeder gemaach ginn tëscht de Regiounen. Et ass längst bekannt, datt grad – an do si mer erëm bei der Kon- nektivitéit – Norden an Osten dacks, ech wëll elo net zweetklassesch soen, mee awer zumindest net „au premier rang“ mat anere Regioune stinn. Jo, esou kann een dann awer schonn nees bal vun Zweetklas- segkeet schwätzen.

Loosst eis hei net nees den nämmlechte Feeler maa- chen. Wann et hei heescht, „jiddereen“, da soll dat och fir jidderee sinn, an dat ouni, datt e Mënsch op- grond vu sengem Wunnuert benodeelegt gëtt.

Gläichzäiteg musse mer och verstäerkt derfir suer- gen, datt och wierklech jiddereen Zougang zu den entspriechende Geräter kritt. Net jidderee ka sech en deieren an neie Smartphone, Tablet oder Computer leeschten. Loosst eis net vergiessen, datt den Zou- gang zu esou Geräter déi éischt Viraussetzung ass fir d’Digitaliséierung.

D’Aféierung vun engem Programm, mat deem all so- zial méi schwaache Menage hei am Land e Second- handcomputer kéint zur Verfügung gestallt kréien, wier eng gutt Iddi. Gëtt et schonn, jo. Mee fir esou ee Computer ufroen ze kënne bei deem Veräin, deen eng exzellent Aarbecht mécht, Digital Inclusion, muss een eng E-Mail schécken. Jo, Dir héiert richteg: Fir e Computer unzefroen, muss een eng E-Mail schécken, an och soss ass de Kontakt just per E-Mail méiglech! Uruffe kann een do net, et gëtt keng ëffentlech zou- gänglech Telefonsnummer.

Elo sich iergendeen hei emol de Feeler, wéi dat da soll goen!

Obwuel d’Ëmsetzung vun enger ganzer Rei vun hei

presentéierte Mesuren net am Detail duergeluecht gëtt, hoffe mer, datt déi ganz Mesurë séier an onbüro- kratesch ëmgesat ginn, well d’Digitaliséierung muss weider op de Leescht geholl ginn.

Vill Demarchë kann een nach ëmmer net online maa- chen. A wann, da meeschtens just mam LuxTrust-Pro- duit oder mëttlerweil mat der GouvID, déi awer fir staatlech Administratioune limitéiert ass.

Mir brauchen endlech intelligent Servicer, déi op alle Plattforme fonctionéieren, an dat net just mat kom- merzielle Produiten oder just ënner verschiddene Viraussetzungen. Dofir mussen d’GouvID-Applika- tiounen endlech opgemaach gi fir net staatlech Prestatairen. Och wann dat Aarbechten un der Appli- katioun bedeit, sou ass den Notze fir d’Populatioun dach ginn.

Lëtzebuerg muss endlech e puer Schëppe bäileeën, fir och eis staatlech Institutioune méi séier, perfor- mant a virun allem méi accessibel fir jiddereen ze maachen.

Nach de Moie gouf ech vun engem Kolleeg ugeruff, dee mech gefrot huet, ob et normal wär, datt säi Steierbüro him seng digital agereechte Steierer- klärung zréckgeschéckt huet, well hie se aleng ënner- schriwwen hätt. Dobäi wär et jo awer eng Imposition conjointe mat senger Partnerin an deementsprie- chend missten zwou Ënnerschrëften drop sinn. Dat geet awer mat MyGuichet zum Beispill net. Wat muss de Kolleeg elo maachen? E muss seng Steiererklärung nach eng Kéier erausprinten, zu zwee ënnerschrei- wen a se op den zoustännege Steierbüro schécken.

(Interruption par la présidence)

Dat ass also Digitaliséierung!

Här President, ech kommen zum Schluss. E lescht Beispill vläicht nach, wat weist, wéi digital Inklusioun kéint fonctionéieren. Wien d’Allocation de vie chère ufreet an de REVIS kritt, muss extra mat engem For- mulaire noweisen, datt en de REVIS kritt, obwuel béi- des de Fonds national de solidarité ass, deen u sech scho weess, dass de de REVIS kriss, mee du muss et nach eng Kéier noweisen.

An en anert Beispill nach ganz zum Schluss, Här Presi- dent, ass d’Gebuert vun engem Kand. Fir d’Allocation prénatale, d’Allocation de naissance an d’Allocation postnatale gëtt et dräi Formulairen, fir déi een aacht Stempele brauch, léif Kolleeginnen a Kolleegen, a wou de Formulaire och nach ënnerschiddlech struk- turéiert ass op der éischter Säit, obwuel déi nämm- lecht Donnéeën dräimol ofgefrot ginn.

Wie mer elo erkläert, datt d’Digitaliséierung schonn zu Lëtzebuerg ukomm ass, sollt sech vläicht déi Pro- jeten als Alleréischt virhuelen, well domadder géife mer ganz ville Leit hëllefen!

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a