Interpellation de M. Fred Keup au sujet de l’évolution de et de la lutte contre la criminalité

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Virun zwou oder dräi Woche krute mer an der Chamberskommissioun vun der Police neutral an ob- jektiv Zuele presentéiert, wou jidderee wuel eng aner Lecture huet, wéi déi Zuelen herno ze interpretéiere sinn, an och herno d’Parteien eng aner Vue haten – an et huet een haut och nach eng Kéier héieren, mee och schonn deemools an der Press –, wéi d’Sécher- heet am Land gestalt ass.

Jo, ganz objektiv gesot: D’Zuele soen, et gëtt méi Fäll. Op der anerer Säit muss een dann awer och soen: D’Police mécht méi eng effikass Aarbecht. Et gi méi Fäll doduerjer opgeholl. Eis Police kënnt net no, jo, dat ass och e Constat. Et sinn net genuch Beamten, et sinn net genuch Méiglechkeeten do fir déi Krimi- nalitéit, déi mer am Land hunn. Dat ass awer nun emol op déi ganz, ganz Schnell net ze behiewen. Ech kommen do awer herno nach eng Kéier drop zeréck.

Dann ass dat anert e Sécherheetsgefill. Dat ass net neutral an objektiv an Zuele gemooss, mee dat ass fir jiddereen och anescht. Et hänkt vum Hannergrond of, et hänkt vun der Kierpergréisst heiansdo of, et hänkt vum Alter of, wéi sécher ee sech spiert, wann een duerch seng Gemeng geet, wéi sécher ee sech spiert, wann een owes ënnerwee ass. An do ass et och en Discours vun der Gesellschaft, awer och vun der Politick, deen derzou bäidréit, ob d’Sécherheetsgefill eng Kéier méi staark oder méi schlecht ass.

Wann ëmmer eng Schwaarzmolerei ass, wat ech net kann deelen, ech ka just deelen, dass d’Kriminalitéit an d’Luucht geet, mee ech kann awer op där anerer Säit deelen, dass mer e Policecorps hunn, deen alles mécht, awer wierklech alles, wat en am Moment ka maachen, fir déi Kriminalitéit anzedämmen, an ech weess, dass et och fir si net ëmmer einfach ass, dann ass et net un der Politick – oder verschiddene Kommentaren och op Social Media, heiansdo kënnt sech dat zimmlech no –, fir no baussen dann ze maa- chen, wéi wann déi Sécherheetssituatioun hei zu Lëtzebuerg vill méi düster wär, wéi se eigentlech an deenen objektiven Zuelen duergestallt ass.

Jo, wann een e schlecht Sécherheetsgefill huet, bedeit dat och eng Aschränkung vun der Fräiheet. Et geet ee vläicht owes eng Kéier net anzwousch eppes iessen oder et geet een net op en Evenement oder et bleift ee vläicht doheem, well ee soss fäert, dass ee soss op eemol Besuch huet. Jo, dat ass och fir jiddereen e ganz schlëmmt Erliefnis. Et ass awer och net, dass een do elo mat ganz einfache Léisungen – oder soe mer: Léisungen, déi ganz einfach géife kléngen – eng Son- derléisung op eemol esou hätt, esou aus dem Zau- berhutt, esou wéi bei enger Zaubershow.

Dorënner fält zum Beispill fir mech elo dat fir mech schonn huelt Verspriechen, einfach eng kommunal Police dohinnerzesetzen an da wär op eemol alles ge- léist. Et ka kee soen, wou déi Beamte sollen hierkom- men, wéi eng Struktur et soll sinn. Mir hunn elo mol nach net genuch Policebüroe fir den nationale Corps. Wou solle mer dann op eemol nach kommunal all déi Saachen hierhuelen? Dat kléngt alles einfach, dat kritt een och gutt op eng Affiche elo fir d’Wale postéiert …

Une voix | Très bien!

M. Marc Goergen (Piraten) | … mat enger kommu- naler Police, awer et ass e falscht Verspriechen. Et muss een och esou éierlech sinn a soen, dass dat ein- fach net op d’Schnell esou realiséierbar ass. A wann et realiséierbar ass, ass et en Echec. Da seet een ein- fach, dass dat, wat ee bei der Fusioun vu Police a Gendarmerie 1999 gemaach huet, en Echec ge- wiescht wär. Et kann een als Partei sech dat agestoen, jo, mee da soll een awer och esou éierlech sinn a soen: „Mir hunn dat deemools gemaach, dat war de falsche Wee.“

Déi Beamten, déi elo do sinn am nationale Police- corps, déi brauchen eis voll Ënnerstëtzung. Et sinn déi, déi elo Büroe brauchen, déi d’Aarbechtsmaterial brauchen, déi endlech eng IT brauchen.

M. Sven Clement (Piraten) | Genee esou!

M. Marc Goergen (Piraten) | Firwat verléiere mir esou vill Zäit am Moment? Ma ganz einfach, well mer eng schlecht Informatik hunn. Schwätzt eng Kéier mat de Beamten! Anstatt dass se kënnen de Gangste- ren nolafen, musse se sech emol erëmklappe mat der IT. Mir hate virun dräi, véier Joer eng Visitt, déi ech ugefrot hat, fir de Policefichier. Et ass nach näischt geschitt! Et gëtt ëmmer Etüden, mee et ass nach näischt do. Wou sinn déi Tablets oder déi Laptoppen, déi een herno kann hunn? Wou sinn déi Smartpho- nen? Déi sinn an der leschter Diskussioun virun engem Mount jo nach eng Kéier erwäänt ginn. Mee wou sinn dann déi Tablets? Alles dat ass eppes, wat um Terrain direkt géif derzou bäidroen, dass mer d’Kriminalitéit kënnen andämmen. Dat bréngt vill méi, wéi op engem Plakat ze schreiwen, dass een ier- gendeng kommunal Police wëll hunn.

Jo, eis Gesetzer mussen och méi streng ginn. Jo, d’Jus- tiz muss och op verschiddene Punkten nobesseren. Ech verstinn och de Frust vun eenzelne Beamten, wa se sech dann Zäit geholl hunn a se hunn ee gepëtzt an deen ass herno erëm fräi. Dee wénkt hinnen nach herno beim Laanschtfueren, a méi war et net. Jo, dat ass e Frust, an do musse mer eng Kéier ganz kloer eng Analys maachen – awer iwwergräifend, well et ass net der Police hire Problem! Et ass herno der Justiz hire Problem. Et sinn aner Gesetzer, déi mer mussen änneren. Et ass net de Policeminister, deen do eleng an der Responsabilitéit ass.

Jo, et gëtt och ëmmer méi Aarbechten, wat de Cyber ubelaangt. A sech misst een do schonn extra Unitéi- ten nach eng Kéier extra ausbilden, déi sech just géi- fen ëm de Cybercrime këmmeren, well dat jo erëm eppes ganz aneres ass, wéi de Gangster ze fänken op der Strooss. Et ass awer immens zäitintensiv, well wann ee mat de Beamte schwätzt, wann déi déi ganz Recherchë musse maachen, a wann et heiansdo just ass fir e Scam, wou ee geklickt huet fir 50 Euro, geet esou vill Zäit drop bei de Beamten, wéi wa se herno géifen e ganze Fall léisen. Dat ass e bëssen de Pro- blem.

Mir musse kucken, dass mer déi ganz Cyberkrimina- litéit bei der Police anescht organiséiert kréien, de Beamten do méi Zäit ginn, méi Dossieren. Vu mir aus kënne mer dat och op administratiivt Personal aus- bauen, dat muss net onbedéngt de Beamten herno sinn. An der Kommissioun hat ech dat jo och gefrot. Souguer an Europa kréien déi Leit, déi dann Affer ware vun esou engem Cybercrime, seltenst d’Geld erëm. Mol net, wann Der op eng IBAN iwwerwisen hutt. Ech hat an der Kommissioun extra nach noge- frot, well ech mer dat kaum konnt virstellen. D’Ban- ken hei zu Lëtzebuerg hunn Honnerte Kontrollen. Wann een e Konto opmaache geet, muss een All- méigleches hannerleeën, an dann iwwerweist een

engem Täter, well een op engem Social Media eng Annonce gesinn huet, déi ze verlockend war, fir iergendee Produit, mee da fanne se awer mat enger IBAN dat emol net erëm. Do musse mer och nach eng Kéier noschaffen. Et ka jo net sinn, dass d’Banken alleguerten dat mussen hannerleeën, mee eis Police awer hei, déi där Kriminalitéit wëll nogoen, net un déi eenzel Daten do kënnt!

Jo, d’Kriminalitéit ass och e Problem vum Wuelstand. Wa mir an eisem Land e gewëssene Wuelstand hunn, wou anerer awer duerch dat sougenannt Netz rutschen an d’Sozialpolitick déi net opgefaange kritt, gëtt et och Täter, déi keng aner Wiel méi haten – et entschëllegt ni, wann ee kriminell gëtt, mee et gëtt awer och Täter, déi keng aner Wiel méi haten –, fir ze iwwerliewen oder fir hir Famill ze ernären, wéi eeben eppes ze klauen, eng Auer ze klauen oder iergend- zwousch anzebriechen.

Dat trëfft net op déi zou, déi an organiséierte Banden duerch ganz Europa zéien, well et däerf een och net vergiessen: Kuckt een eis Statistiken, do sinn och Banden derbäi, déi hei op Duerchzuch waren an dann hir Dote begaangen hunn. An do ass et ganz wichteg, dass mir als Lëtzebuerg weiderhin esou eng enk Kooperatioun mat Europol hunn. Europol ass näm- lech eng vun de Méiglechkeeten, wéi mir iwwerhaapt d’Kriminalitéit kënnen andämmen, well mir als Lëtze- buerg si ganz kleng an all d’Gangstere si méi schnell iwwert d’Grenz, wéi heiansdo d’Police geruff ass. Deementspriechend ass et wichteg, dass mer eis Kooperatioun mat Europol weider ausbauen.

Dann nach zu dem Sozialen: Fir eis Piraten ass et im- mens wichteg, dass mer, ier d’Kriminalitéit entsteet, an dat Soziaalt investéieren. Dozou gehéiere fir eis och Streetworker. A mir sinn do der Meenung, dass mer sollten a Streetworker investéieren an net a pri- vat Sécherheetsfirmen, déi fir eis am ëffentleche Raum guer näischt verluer hunn. Dat ass erëm reng, fir dobaussen ze soen: „Hei, mir maachen eppes.“ An dobäi ass et géint d’Gesetz, well am ëffentleche Raum dierf keng Sécherheetsfirma patrulléieren a scho guer net Rapporte schreiwen a wat net nach alles war. Mee ech mengen, an der Stad Lëtzebuerg gëtt dat jo elo erëm nei opgerullt an elo wäert erëm eng Sécherheetsfirma, leider, och do hire Wee goen.

Anstatt do hinzegoen an dat Geld a Sécherheets- firmen ze investéieren, wat fir eis nach ëmmer net ge- setzlech ofgedeckt ass – wat gutt ass, wat gutt ass, also mir wëllen op kee Fall, dass dat Gesetz geännert gëtt, mee et ass net gesetzlech ofgedeckt, et ass net erlaabt –, misst ee méi an dat Soziaalt a méi an d’Streetworker am Viraus investéieren, anstatt hinze- goen an déi Sécherheetsfirmen … Bon, dat selwecht kéint ech elo a mengem Discours maache mat dem Reglement géint d’Heescherei, dat och deementsprie- chend zu näischt féiert.

Jo, d’Statistik kann engem och e bësse Suerge maa- chen, wann ee kuckt, wéi d’Statistiken elo mat de Kriminalitéitsfäll an d’Luucht gaange sinn. Déi vun der Cyberkriminalitéit, wéi virdrun erkläert, musse mer e bëssen eraushuelen aus de Statistiken, well déi och inflationär … Mat ëmmer méi Social Media gëtt et méi einfach, un d’Leit ze kommen, fir … Dir musst haut emol kengem méi uruffen, fir en unzeschmie- ren. Mee den eenzege Wee ass eeben herno iwwert d’Police, an deementspriechend kommen déi an eise Statistiken da vir.

Jo, de Minister – an dat muss ech och unerkennen – huet an de leschte Jore villes ëmgesat, fir neit Perso- nal ze fannen an dann auszebilden. Jo, et komme keng 200 eraus, wann der 200 ufänken, mee dat läit nun emol op der Hand. Mee de Minister mécht awer

deementspriechend do, wat aktuell méiglech ass, an ech géif mech och freeën, wann e weider Jore géif derbäisetzen, wéi dat jo ugekënnegt war, fir op fënnef, sechs eropzegoen. Well wa mer den Netto herno rechnen, brauche mer vill méi Beamten. A wann d’Kriminalitéit deementspriechend steigt an den nächste Joren, musse mer och deementsprie- chend Beamten do hunn, nieft dem Material, den Aarbechtsbedéngungen, déi alleguerte musse ver- bessert ginn, fir dass d’Police och weiderhin attraktiv bleift.

Dofir e grousse Merci un eise ganze Policecorps a merci.

Zesummenhang posts

Dës Motioun gouf mat Hëllef vun enger kënschtlecher Intelligenz (KI) erstallt. Als KI weisen ech op potenziell Risiken hin, déi mam Asaz vu kënschtlecher
Context: Interpellation n°4461 : Enjeux liés à la digitalisation et à l’intégration de l’intelligence artificielle dans les services publics D’Chamber vun den Deputéierten stellt
PEGASUS: dat ass eng Software, déi vu Staaten kaf gëtt fir Mënschen op hiren Handyen z’iwwerwaachen. Dës Software gouf schons vu Regierungen agesat, fir