Interpellation de M. Fernand Kartheiser au sujet des conséquences des sanctions contre la Russie sur le plan poli- tique, économique et social

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, iwwer ee Joer ass et hier, datt Russland – Russland eleng! – eng Inva- sioun a Richtung Ukrain probéiert huet ze lancéieren. Iwwer ee Joer ass et hier, datt d’Ukrainer d’Russen zréckgedréckt hunn an d’Verbriechen, wéi ronderëm Butscha, visibel gi sinn. Den UN-Mënscherechtsbeop- traagte schwätzt vu bis zu 178 Doudegen, déi bis elo fonnt an identifizéiert goufen, eleng zu Butscha. Laut Zuele vun der UN sinn am leschte Joer mindestens 8.317 Ziviliste wéinst deem russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain gestuerwen. Ronn 13.900 goufen der verletzt. Ech mengen, wa mir haut iwwert d’Konse- quenze vum Krich schwätzen, da sinn dat déi wich- tegst Zuelen. Si representéieren dat mënschlecht Leed, dat Leed, dat d’Mënschen an der ganzer Ukrain säit dem Ugrëffskrich vu Russland kennen.

Haut soll et jo ëm d’Konsequenze vun dësem Krich goen, fir eis zu Lëtzebuerg, an Europa, jo, weltwäit. Fir eis Piraten gëtt et kloer politesch Konsequenzen.

Éischtens, d’NATO, déi 2019 nach vum franséische President fir gehierdout erkläert gouf, ass erëm e wichtegt Staatebündnis ginn, op dat mir eis all ver- loossen, a wou mer hoffentlech geschwënn net nëm- men een, mee zwee nei Membere kënnen ënner eis zielen.

Zweetens, d’europäesch Memberstaaten hunn alle- guerten hir Relatioune mat Russland agestallt. A vill Oligarchen hu missen erausfannen, datt hir Konten an hir Yachte saiséiert gi sinn an datt de Shopping op de Champs-Elysées awer net méi esou einfach ass.

Drëttens, d’EU huet zesummegehalen, an zesumme Sanktioune beschloss. Net ëmmer perfekt, net ëm- mer an där Vitesse, wéi ech et perséinlech fir néideg fonnt hätt, mee zesummen. Och wann dësen Zesum- menhalt net méi gradesou staark ass wéi nach am Ufank vum Krich, sou ass en awer nach ëmmer do.

A véiertens, China an Indie konnte sech trotz de Grau- samkeete vu Russland net dervun iwwerzeege loos- sen, fir sech un de Sanktiounen ze bedeelegen. Dat sollt eis ze denke ginn.

Alles an allem muss ee soen, datt Russland sech trotz- deem wäit an d’Aus geschoss huet an dësen Ugrëff op méi wéi enger Front batter wäert bereien. D’erkläer- tent Zil, fir d’NATO-Erweiderung ze stoppen, ass gran- dios no hanne lassgaangen. Méi ee klore Selbstgol huet een, mengen ech, och am Fussball nach ni ge- sinn. Russland deelt sech elo 1.300 Kilometer Grenz mat der NATO, erop vun e puer honnert virdrun.

Russland ass elo méi wéi jee op China ugewisen, fir säin Ueleg ze verkafen a generell seng Ekonomie nach iergendwéi um Lafen ze halen. Dat bedeit, datt aus dem Dram vun enger neier Groussmuecht Russland éischter en Appendix vun enger Groussmuecht China ginn ass. An och d’Spaltung vun der EU, op déi Russ- land gehofft huet, an déi heibannen awer zumindest vun den Instigateure vun dësem Debat nach ëmmer gefuerdert gouf an e bësse probéiert gouf ugefeiert ze ginn, ass net agetrueden. D’EU steet zesummen. D’Konsequenzen treffen also an éischter Linn méi den Aggresseur wéi elo eis oder déi aner EU-Memberstaa- ten.

Dann zu der Fro, wat déi wirtschaftlech Konsequenze vun dësem, jo, och Wirtschaftskrich sinn. D’europä- esch Staaten hunn endlech verstanen, datt een net nach weider kann op russesche Gas a russeschen Ueleg setzen, dëst am Sënn vun enger strateegescher Onofhängegkeet, awer och ganz kloer am Sënn vum Kampf géint de Klimawandel. Dëse Krich huet eis nach eng Kéier en Ustouss ginn, fir eis Energiepolitick ze iwwerdenken an op méi dezentraliséiert, méi onof- hängeg Energien, wéi Solarenergie a Wandenergie, ze setzen.

Dës abrupt Ëmstellung huet eis Geld kascht. Et huet eis als Staat Geld kascht, jo, et huet all eenzele Stot do- bausse Geld kascht. A ganz kloer, dofir huet de Lëtze- buerger Staat missen agräifen an de Leit dobausse mat hire Rechnunge fir den Heizungsmasutt, d’Elektresch an de Gas hëllefen. Déi Hëllefe ware wichteg, a mir Pi- raten hu kloer gesot, datt mer trotzdeem net mat allem averstane waren, well mir eis et plazeweis méi, plaze- weis anescht gewënscht hätten.

Mir hu géint de Gaspräisdeckel bis 25.000 kWh ge- stëmmt, well dat fir eis ee vill ze héije Plaffong war. Den Deckel vu 25.000 kWh pro Joer geet duer, fir e 24-Persounen-Haushalt mat Stroum ze versuergen. Fir eis war den Tankrabatt och e Feeler. Déi Mil- liounen hätt ee misse méi sozial gerecht zum Bei- spill an e Klimabonus fléisse loossen. Mir hätten eis Automatisme gewënscht bei der Energieprimm, bei der Allocation de vie chère, fir esou sécherzestellen, datt all d’Leit Hëllefe kréien, déi en Urecht drop hunn. Bref, all dës Fuerderungen hu mir hei an der Cham- ber schonn e puermol diskutéiert.

Eise Fazit bleift, datt d’Energieaiden deelweis rich- teg waren, deelweis awer mat der Géisskan iwwert d’Land gefuer gouf an de Pëtrolsfirmen europawäit Rekordgewënner erméiglecht gi sinn.

Nieft de Konsequenze fir eis huet et natierlech och d’russesch Wirtschaft kascht. Eng russesch Wirtschaft, där hire PIB ëm 2,1 % gefall ass, wärend d’Lëtze- buerger Ekonomie zwar net ganz dynamesch 2022 war, mee trotzdeem ëm 1,5 % laut de rezentsten Zue- le gewuess ass. Dat heescht, nee, keng Rezessioun. Dat ass net deen Effekt, dee mer eis als Westen er- hofft haten. No de strenge Sanktioune musse mir éierlech sinn, hätte mir eis eng méi staark Rezessioun a Russland erhofft. Mee eleng d’Tatsaach, dass Russ- land elo d’EU net méi ka mat engem zouene Gas- krunn erpressen, ass vill wäert fir d’Zukunft.

Zum Schluss dann nach d’Fro no de soziale Konse- quenze vun dësem Krich. Komme mer dann erëm op den Ufank vu menger Ried. D’gesellschaftlech Konsequenzen droen zum gréissten Deel d’Ukrainer: déi, déi am Land bliwwe sinn, déi, déi geflücht sinn, d’Famillje vun deenen, déi haut net méi ënner eis sinn. D’russesch Arméi an hir Sëldner maachen net Halt virun Zivilisten. D’Leed an d’Angscht hu si nëm- men engem Mënsch ze verdanken, dem Wladimir Putin. Déi Leit, déi an Europa konnte flüchten, hunn net dat gëllent Lous gezunn. Wéi mir eréischt virun zwou Wochen am Fall vun de Wunnengen zu Dikrech konnte liesen, liewen dës Leit nach ëmmer an der On- sécherheet.

Si kréien hei am Land en Daach iwwert dem Kapp, mee dat ass net dat Liewen, dat si sech fir sech oder fir hir Kanner virgestallt haten. Si wëssen och ni, wéi laang si deen Iwwerdaach nach hunn. Et kann zu all Moment ugekënnegt ginn, datt ee säin Daach awer muss opginn an enzwousch anescht erëm hi muss. Et ass een tributaire. Dës Leit wëllen zréck an hir Hee- mecht, esoubal et geet. An deen eenzege Mënsch, deen dat erméigleche kann, ass deen, deen dee ganze Misär ugefaangen huet! An dat ass de Putin, well et ass deen Eenzegen, deen dee Krich kann hei ophalen. A mir sollten dat net gleewen, wa se soen, Fridde wär eng Saach vun deenen zwou Säiten. Ma et gëtt hei nëmmen een, deen Aggresseur ass. An et gouf oft gesot: Wann d’Ukrain ophält mat kämpfen, da gëtt et keng Ukrain méi! Wann de Putin ophält mat kämpfen, dann ass de Krich eriwwer! A genau dohi musse mir kommen, léif Kolleeginnen a Kolleegen!

De Krich betrëfft natierlech net nëmmen d’Ukrainer, mee och déi méi sozial schwaach Stéit hei am Land. D’Zuele vun de Leit, déi vun den Office-socialle musse gehollef kréien, klammen. D’Covid-19-Kris an duerno de Krich hunn d’Inflatioun staark ugekuerbelt – keen zweifelt dorunner – an et gëtt ëmmer méi schwéier fir ëmmer méi Leit, fir d’Enner um Enn vum Mount beieneenzekréien.

Dofir fuerdere mir Piraten op en Neits, datt een deene Leit direkt an onkomplizéiert hëllefe muss. Duerch Crédit-d’impôten, déi net méi mussen uge- frot ginn, mee direkt op de Paiziedel applizéiert ginn, duerch Hëllefen, déi direkt ausbezuelt ginn an net eréischt d’nächst Joer. Amplaz vum Tripartitt-Ac- cord 3.0, an dat hu mir gesot, hätte mir Direkthëllefe proposéiert. 1.500 Euro fir d’Leit, déi de Mindestloun kréien, an dann degressiv erof, wat ee méi verdéngt. Dat Geld hätt een de Leit direkt sollen iwwerweisen, fir datt se haut kéinten hire Kafkraaftverloscht kom- penséieren an hir Rechnunge bezuelen.

Am Géigesaz zu aneren Erausfuerderungen, déi ech haut hei genannt hunn, kënne mir als Lëtzebuerger Staat nämlech do direkt hëllefen. Nieft de Léisungen, déi ech grad genannt hunn, mussen nach aner Me- süre geholl ginn, andeems mir endlech eng gerecht Steierreform an d’Weeër leeden, fir esou d’Scheier tëschent Aarm a Räich erëm méi no beieneen ze kréien, andeems mir deene Leit hëllefen, déi Hëllef brauchen.

Ech hoffen, ech konnt an deene leschte Minutte kloermaachen, datt eis wierklech näischt verbënnt mat deenen, déi dës Diskussioun ugestiwwelt hunn. Et ass ganz kloer, datt fir eis deen eenzege Wee, fir dee ganze Misär hei ze stoppen, deen ass, datt d’Rus- sesch Federatioun, datt hire President, dee menger Meenung no zu Recht vun Den Haag gesicht gëtt, mat deem Misär ophält, sengen Truppe seet, se sollen zréck op russeschen Territoire kommen an datt d’ter- ritorial Integritéit vun der Ukrain erëm hiergestallt gëtt, andeems och dee leschte russeschen Zaldot a Sëldner erëm de Wee heem untrëtt. Nëmmen esou stoppe mer de Misär, hei zu Lëtzebuerg, an Europa, an der Welt an an der Ukrain!

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier
D’Situatioun an den USA weist elo schonns alarméierend Entwécklungen am Beräich vun der Wëssenschaft. Wéi aus dem Artikel “Wie Trump den Wissenschaftsstandort USA in