Interpellation de M. Dan Biancalana au sujet des peines et mesures alternatives à l’emprisonnement

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Merci dem Dan Biancalana fir déi Interpellatioun.
D’Prisongsstrof ass sécherlech eng vun de mächtegste Moossnamen, déi de Staat huet, fir dass d’Leit sech u seng Reegelen halen. De Fräiheetsentzuch ass an eisem Rechtsstaat déi ultimativ Strof, well domadder de Bierger a sech a senger Onofhängegkeet ageschränkt gëtt a seng Verantwortung entzu kritt. De Bierger gëtt zu engem Gefaangenen, dee vum Staat versuergt gëtt.
Et ass selbstverständlech, dass et sech ëm eng dramatesch Moossnam handelt, déi nëmmen an de schlëmmste Fäll soll zum Asaz kommen. Mir schwätzen hei vu Persounen, déi anerer duerch hir Aktiounen a Gefor bréngen a wou all aner Moossnamen net
méi duerginn, fir d’Verhalen ze änneren.
Fir eis Piraten ass d’Prisongsstrof och déi lescht Moossnam, déi de Staat dierf huelen, wann eng Persoun duerch aner Moossnamen net zur Asiicht ka bruecht ginn. Logescherweis handelt et sech dobäi ëm e ganz klengen Deel vun der Gesellschaft, dee sech net kann oder net wëllt un d’Reegelen halen.
Generell musse mer eis d’Fro stellen, wat den Zweck
vun engem Prisong soll sinn. An eisen Ae muss de Prisong zu engem Biergerentwécklungszentrum ginn, fir dem Häftling, wann en erauskënnt, eng zweet Chance fir d’Liewen ze bidden.
Eng zweet Chance, wat bedeit dat?
(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)
Fir eis bedeit déi zweet Chance, dass den Exprisonéier
eng Krankeversuergung, psychologesch Betreiung,
eng Iwwergangswunneng an eng Beschäftegung
kritt, an dat esou schnell wéi méiglech. D’Leit sollen
hir Prisongsvergaangenheet hannert sech kënne
loossen. Mee dofir muss hiert Liewen nom Prisong
och e Sënn erginn.
Jo, natierlech kascht dat alles Suen. Mee wat ass besser? De Steierzueler bezilt jo schonn de Prisong mam
Risiko, dass duerno d’Resultat net besser ass. Dofir
wär et besser, wann een am Prisong géif iwwerleeën,
wéi d’Leit herno besser erauskommen.
Här President, meng Virriedner si schonn all op déi
verschidden Zuelen iwwert d’Häftlingen hei am Land
agaangen. No den Zuele souzen den 1. Januar 2021
eng 548 Leit zu Lëtzebuerg am Prisong. Op 100.000
Leit gekuckt, sinn dat der 86. Sécherlech si mer domadder nach net um Niveau vun de Vereenegte Staaten ukomm, wou iwwer 600 Häftlinge pro 100.000 Awunner sinn.
Wat een och muss soen: A Länner, wou méi Leit an de
Prisonge sëtzen, si sécherlech net nëmmen déi ganz
Béis agespaart, mee och déi Klengkriminell. Ënnert
den Häftlinge fanne mer eng grouss Partie vu Mënschen, déi am Drogenhandel aktiv sinn. Zu Lëtzebuerg
sinn dat der eng 100, wann ech d’Zuele vun der Regierung kucken. Do dierft ee sech sécherlech d’Fro stellen:
Mussen all déi Mënschen an engem Prisong sëtzen?
Mir haten d’lescht Joer hei an der Chamber am Juli
eng Diskussioun iwwert d’Kriminalitéit a Verbindung
mat Drogen. Vu verschiddene Riedner gouf gesot,
dass et nieft de klassesche Prisongsstrofen a Geldstrofen, déi ee bei Drogendelikter riskéiert, och wichteg wär, fir alternativ Strofen ze fannen.
Mir Piraten hannerfroen dofir, ob déi Leit fir Drogendelikter wéi Drogenhandel an Drogekonsum mussen
am Prisong asëtzen. Well oft sinn et dës Leit, déi an
der Drogenzeen gelant sinn, well se keng aner Optiounen an hirem Liewen haten. Verschiddener sinn
drogenofhängeg, also krank. Ech widderhuelen dofir
meng Ausso vum leschte Joer: Drogenofhängeger
dierfen net wéinst hirem Krankheetsbild kriminaliséiert ginn an an de Prisong kommen. Suchtverhalen
ass eng Krankheet, déi behandelt muss ginn, ouni
dass d’Affer aus Angscht viru Strofen am Prisong op
Behandlung verzicht. Dës Leit sinn an enger Situatioun gelant, wou se selwer guer net wollten dra sinn.
Dat verdéngt eist Matgefill an eis Solidaritéit an net
eisen Haass.
Déi repressiv Mesurë vum Code pénal, déi iwwert
d’Deale mat Drogen handelen, mussen dofir iwwerpréift ginn. Dat géif zum Beispill schonn emol domadder ugoen, endlech de Verkaf an de Konsum vu Cannabis ze legaliséieren.
Ech hätt nach kënnen op déi vill aner Punkten agoen,
déi d’Virriedner scho gutt dokumentéiert hunn, mat
den alternative Strofe wéi d’Foussfessel oder generell
d’Situatioun an de Prisongen. Et war eis awer wichteg, fir haut virun allem d’Theema vun den Drogen ervirzebréngen, well fir eis déi Leit net an de Prisong gehéieren, mee an alternativ Moossnamen.
Merci

Zesummenhang posts

Dës Motioun gouf mat Hëllef vun enger kënschtlecher Intelligenz (KI) erstallt. Als KI weisen ech op potenziell Risiken hin, déi mam Asaz vu kënschtlecher
Context: Interpellation n°4461 : Enjeux liés à la digitalisation et à l’intégration de l’intelligence artificielle dans les services publics D’Chamber vun den Deputéierten stellt
PEGASUS: dat ass eng Software, déi vu Staaten kaf gëtt fir Mënschen op hiren Handyen z’iwwerwaachen. Dës Software gouf schons vu Regierungen agesat, fir