Interpellation de M. André Bauler au sujet de la protection du patrimoine culturel immatériel

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, vill Nimm si scho gefall
haut: d’Schueberfouer, d’Sprangpressessioun, d’Eemaischen, d’Oktav an den Niklosdag. Dat sinn also Elementer vum immaterielle Kulturierwen, déi warscheinlech deene meeschten Awunner hei am Land e Begrëff sinn.
Den Inventaire vum immaterielle Patrimoine hält hei
awer net op. Och eng ganz Rei Aktivitéiten, déi vill
Leit kennen – och wa se da vläicht net offiziell wëssen, datt se zum Patrimoine gehéieren –, sinn hei ze fannen. An den André Bauler, deem ech Merci soe fir d’Ufro vun dëser Interpellatioun, huet der och schonn e puer genannt: d’Konscht vum Baue vun Dréchemaueren, d’Hiewannekonscht oder d’Wanderschéiferei. Alles Saachen, wou een op den éischte Bléck net onbedéngt weess, datt dat en immateriellt Kulturierwen ass, an awer spillt et eng wichteg Roll an eise
Bräich, an eisen Traditiounen.
An da gëtt et awer nieft deene manner bekannten
Traditiounen och nach manner bekannt Traditiounen – muss ee bal soen –, nämlech déi Traditiounen, déi schonns net méi vill Leit kennen, a wann, da virun allem nach d’Lëtzebuergerinnen an d’Lëtzebuerger.
Ech denken do un d’Haupeschbléiser, un d’Fléizen an
d’Haus- an d’Flouernimm. Ech mengen, den André
Bauler hat virdrun dovunner geschwat.
Haus- a Flouernimm, dat ass eppes …, wann ee säi
Liewe laang an där nämmlechter Gemeng gewunnt
huet, an där nämmlechter Gemeng wunnt, da kennt
ee se à la limite nach. Wann een dann awer, wéi hautdesdaags déi meescht, e puermol plënnert a sengem
Liewen, well dat sech eeben och um Wunnengsmaart
quasi esou ergëtt, da geet dat e bëssen ëmmer méi
verluer.
Et muss ee just duerch d’Stad Lëtzebuerg goe fir ze
gesinn, datt déi al Stroossennimm zwar héichgehale
gi vun der Gemeng, awer net onbedéngt nach bei
de Leit am Kapp sinn. Also „um Gruef“ kennen zwar
d’Stater, mee wann een awer iergendee géif froen,
deen do schafft, dee géif warscheinlech soen: „Dat
ass d’Rue du Fossé.“ Do ass d’Iwwersetzung alt nach
ganz no. Et gëtt awer nach aner Stroossen, do ass
dat vill méi wäit ewech. Also, och déi Lëtzebuergesch
Nimm vu Lokalitéiten, vun Haiser, vu Fléier, mengen
ech, ginn ëmmer méi vergiess.
An dann d’Lëtzebuerger Volleksdänz. Ech sinn éierlech: Ech selwer hätt meng Problemer, fir elo e lëtzebuergesche Volleksdanz opzeféieren. Mee vläicht géif sech hei an der Chamber jo nach deen een oder anere fannen, deen dat an Erënnerung géif ruffen.
An dann d’Banne vu Krautwësch zu Léiffrawëschdag –
och do muss ech zouginn: Dat ass mer zwar nach e Begrëff, awer selwer dorunner bedeelegt war ech ni.
An aleng schonns dofir, fir dat alles hei an der Chamber nach eng Kéier an Erënnerung ze ruffen, wollt ech awer dem André Bauler e grousse Merci soen. Well esou konnt ech mech wärend der Preparatioun op dësen Debat dann awer nach eng Kéier eduquéieren, mech eraliesen a mer déi ganz Froen nach eng Kéier
virun Ae féieren.
Dat bréngt mech dann och direkt zu der Fro, wéi een
aner Leit mam Theema vum Patrimoine immatériel
am beschten erreeche kann, fir dass och si méi iwwert d’lëtzebuergesch Traditioune gewuer ginn.
D’Websäit vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg, den iki.lu, gouf e puermol ernimmt an ass
sécher eng gutt Informatiounsquell. Mee leider muss
een dann awer och soen, datt sech op dës Säit wuel
just déi Leit veriren, déi ganz bewosst eng Recherche iwwert dëst Theema maachen, wéi dann haut all d’Riednerinnen an d’Riedner an dësem Debat.
Persounen, déi nach guer net wëssen, datt nieft
historeschen oder industrielle Gebaier och immateriell Gidder als Patrimoine geschützt kënne ginn, ginn aleng mat der Websäit wuel éischter net erreecht.
Méi eng breet Populatioun kéint sécher iwwert
d’Ophuele vu verschiddenen Traditiounen an de
Schoulprogramm informéiert ginn, woubäi sech dann
d’Fro stellt, a wéi engem Fach dës Sujete sollen traitéiert ginn. Sécher kënne gewëssen Traditiounen zum
Beispill an der Geschicht oder am Civiquescours behandelt ginn, mee da gi se och als dat wouergeholl: als Deel vun der Geschicht an net als lieweg Traditioun.
Insgesamt dierf een nämlech net vergiessen, datt et
ganz schwéier ass, Traditiounen a Bräich iwwer Bildung oder staatlech Fërderprogrammer um Liewen
ze halen. Eigentlech mussen Traditiounen aus der Gesellschaft eraus um Liewe gehale ginn, well just esoulaang, wéi et Mënsche gëtt, déi eppes mat dëse Bräich verbannen, si se och nach lieweg. Anescht kann een zwar aus historeschem Interessi verschidde Bräich
ëmmer nees widderhuelen, mee wa se fir d’Mënschen
näischt méi ausdrécken, verléiere se awer e wichtegt
Stéck vun hirer Bedeitung.
Aus deem Grond kéint et eventuell méi interessant
sinn, verschidden Aktivitéiten, Bräich an Traditiounen,
déi amgaange sinn, verluer ze goen, nees méi op
Gemengenniveau duerchzeféieren an och do ze zelebréieren. Och do gouf jo e Beispill aus dem Süde genannt mam Bärbelendag. Ech kommen net aus dem Süden, ech hu mer awer vu mengem Kodeputéierten,
dem Marc Goergen, soe gelooss, datt dat bei hinnen
nach grouss zelebréiert géif ginn; eppes, wat sécherlech och immens wäertvoll ass a genau dohinner gehéiert an net an d’Schoulbicher oder op d’Uni.
M. André Bauler (DP), interpellateur | Och zu Uewermaartel, Här Clement!
M. Sven Clement (Piraten) | Jo, och Uewermaartel,
Här Bauler, ass net mäi Gebuertsuert, wéi Dir wësst.
Dat heescht, mat deenen Traditiounen, sou schéi wéi
se och sinn, huet meng Fra méi ze di wéi ech selwer.
Natierlech muss dat eent dat anert net ausschléissen,
mee et ass dach awer eppes aneres, ob een aus engem
Buch léiert, datt iergendwellech Virfaren, zu deenen
een net onbedéngt eng Bindung huet, iergendwann
eemol eppes gemaach hunn, oder ob ee selwer en
angeneeme Mëtteg zum Beispill mat Frënn a Famill op
der Gemengeplaz verbréngt, wou een d’Traditioun selwer erliewe kann.
Déi perséinlech Erfarunge spille jo sécher eng Roll derbäi, firwat d’Sprangpressessioun, d’Oktav an natierlech
d’Schueberfouer nach méi Leit e Begrëff si wéi d’Krautwësch vu Léiffrawëschdag.
(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)
Wien erënnert sech net drun, als Kand op den Oktavmäertchen oder op d’Fouer gaangen ze sinn, fir als
Éischt warscheinlech eng Int ze fëschen an dobäi
iergend e Plastikskrëppeng aus China ze gewannen,
deen engem dann natierlech als Kand immens gutt
gefall huet, wärend een duerno, spéider dann, op
d’Fouer op d’Knuppautoe gaangen ass an dann nach
e bësse méi spéit mat de Frëndinnen a Frënn op
d’Fouer gaangen ass, fir vläicht deen een oder aneren
Thüringer ze iessen a gläichzäiteg vläicht och deen
een oder deen anere Patt ze drénken?
Ech verbanne mat der Fouer zum Beispill den traditionelle Fësch mat de Grousselteren. An ech mengen,
dat ass et: Mir mussen déi Traditioune mat Perséinlechem fëllen, wa mer wëllen, datt se erhale ginn.

Wat eng Traditioun nämlech méi enk mat der Gesellschaft verbonnen ass a sech esou iwwert d’Zäit och
mat hir wandelt, wat se och méi bestänneg an der
Kultur bleift.
Mir hunn alleguerten erlieft, wéi d’Pandemie eng
ganz Rei Fester an Traditiounen temporär annuléiert
oder zumindest verännert huet. Mee déi Traditiounen, déi de Leit wichteg sinn, déi, mat deene sech
schéin Erënnerungen oder besonnesch Momenter
verbannen, waren doduerch trotzdeem net a Gefor.
Keen huet Bedenken, datt d’Leit iergendwann an
noer Zukunft kéinten ophalen, Chrëschtdag mat der
ganzer Famill ze feieren, just well dat wärend der
Pandemie net méiglech war, an dee Brauch elo a Vergiessenheet kéint geroden.
Wa mir also haut dovu schwätzen, wéi een Afloss
d’Pandemie op eisen immaterielle Patrimoine huet,
da muss ee sech bewosst sinn, datt déi Traditiounen,
déi vun der Pandemie tatsächlech getraff kënne ginn,
och déi sinn, déi schonns viru Covid net méi richteg
bei de Leit am Kapp oder an hirer Liewenswelt verankert waren. Hei gëtt et da just nach zwou Méiglechkeeten: Entweeder et gëtt ee Wee fonnt, d’Traditioun nees méi lieweg ze gestalten, zum Beispill duerch en neit Oplieweloosse vun de Bräich an de Gemengen,
wéi ech proposéiert hunn, oder, falls dat net klappt,
well d’Leit einfach keng Verbindung méi fannen an
et just kënschtlech wierkt, et konservéiert een de
Brauch als Deel vun der Geschicht, deen et wichteg
ass weiderzeerzielen, mee deen awer net méi gelieft
gëtt.
Schliisslech kann een och net einfach all Brauch
duerch politesche Wëllen um Liewen halen, geneesou
wéi een net einfach nei Bräich politesch erzwénge
kann. Traditioune brauche Mënschen, déi eppes mat
hinne verbannen an dat kann d’Politik net erzwéngen. D’Politik ka probéieren, esou gutt et geet de
Kader ze setzen, mee schlussendlech ass et d’Gesellschaft, déi hir Bräich wielt, an net d’Chamber oder
d’Regierung.
Datt dat esou ass, gesi mer aktuell jo och um Beispill
vum Europadag, engem a mengen Ae schéinen a
wichtege Feierdag, deem et aktuell awer och kuerz
no senger politescher Asetzung nach u Liewe feelt,
well d’Gesellschaft en nach mat Bedeitung fir sech
selwer muss fëllen. Ob a wéi dat wäert geschéien,
kënne mer als Politiker net viraussoen. Mir kënnen de
Kader setzen, mee ob d’Leit an deem Dag just en Dag
gesinn, op deem se net musse schaffen, oder awer en
Dag, un deem si de Wäert vun Europa a vläicht souguer e Gefill vun Unitéit an der EU verspieren, kënne
mir net decidéieren.
An esou ass et och beim Versuch, de Patrimoine immatériel um Liewen ze halen oder souguer en nees
nei ze beliewen. D’Politik kann de Kader setzen, mee
um Enn bréngt et awer och näischt, un der Authentizitéit vun engem Brauch festzehalen, wann d’Leit einfach keen Zougang méi dozou hunn.
Eist ganzt Land sollt um Patrimoine immatériel kënnen
deelhuelen an dat ouni onnéideg Sproochebarriären.
Dofir si mir an enger multikultureller Gesellschaft och
verflicht, eis Traditiounen esou ze kommunizéieren,
datt jiddweree se versteet. A vläicht kënnt duerch den
Interessi um immaterielle Patrimoine dann och en
Interessi un eiser Sprooch – en Interêt, deen ni kann
opkommen, wa vun Ufank un eng Sproochebarriär
gëllt. Dat heescht, och Haus- a Flouernimm, wat zwar
den Erhalt vun der Lëtzebuerger Sprooch sécherlech
begënschtegt, mussen esou encadréiert sinn, datt se
fir jiddwereen zougänglech sinn.
Eis Traditioune sollten Traditioune vu ganz Lëtzebuerg ginn an net just vun de Lëtzebuergerinnen an
de Lëtzebuerger. Dat wär zumindest mäin Zil.
Ech soen Iech Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Ech sinn och net der Meenung, datt et onbedéngt
um Staat wär, fir nach eng weider Datesammlung an
deem Beräich opzebauen, wann ee weess, datt de
Conservatoire eng ganz extensiv Bibliothéik huet, wou
d’nationaalt Liddergutt u sech repertoriéiert ass mat
Nouten, mat Partituren: Wann eng Musek et brauch,
ka se do gären …, also déi verschidde Conservatoiren,
wuel gemierkt, net nëmmen deen an der Stad, mee
och d’Conservatoiren zu Esch an zu Ettelbréck, dat ass
dat eent. D’Nationalbibliothéik des Weideren och. Ech
ginn dervun aus, datt d’Archive-nationallen och nach
iergendeppes hunn.
An da schlussendlech wëll ech awer eng Lanz briechen: Et gëtt e ganz schéint gratis Lidderbuch, wat et
och digital gëtt, mat lëtzebuergeschem Patrimoine.
An dat gëtt vun der ACEL editéiert. Et huet mech bal
gewonnert, datt den Héichschoulminister Claude
Meisch déi net erwäänt huet. Mee wie sech also fir
d’Liddergutt aus Lëtzebuerg interesséiert an do en
handlecht Lidderbuch wëllt hunn, wou och de Patrimoine héichgehale gëtt, deem recommandéieren ech
entweeder d’Bichelche vun der ACEL oder d’App, …
(Hilarité)
… déi Lidderbuch heescht, déi ass dann och einfach
an deene jeeweilegen App-Storen ze fannen. Mir
wäerten dergéint stëmmen.
M. Fernand Etgen, Président | Merci, Här Clement.
An ech ginn d’Wuert dann un d’Madamm Nathalie
Oberweis.
Mme Nathalie Oberweis (déi Lénk) | Merci, Här
President. Merci och der ADR fir dës Motioun. Ech
muss soen, eis zwee war se spontan ganz sympathesch, well mer eis allen zwee dran erëmfonnt
hunn. Mir hunn allen zwee scho méi oft no Lidder online gesicht, wann een déi wollt mat de Kanner sangen oder esou. An effektiv ass et net evident, déi esou ze fannen.
Effektiv hat ech dat Buch vun der ACEL, natierlech
kennt all Mënsch dat, denken ech. Mee, bon, si ass
eis sympathesch. Ech verstinn dat och, dass d’Ministesch seet, dass et net un der Regierung ass, dat ze maachen, dass een awer kéint esou Initiativen ënnerstëtzen.
Dofir, mir géifen eigentlech mat op de Wee goen,
fir dat hei ze ënnerstëtzen. Och ënner enger anerer
Form, wann et och nëmmen ass, fir eng Initiativ an
déi Richtung ze ënnerstëtzen.
Villmools merci.

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat