Interpellatioun iwwert de Suicide zu Lëtzebuerg

Marc Georgen:
Här President,
d’Theema vun der mentaler Gesondheet a vum Suicide ass ëmmer nach e Sujet, iwwert dee ganz wéineg geschwat gëtt, an dat souwuel am ëffentleche Raum, wéi och am privaten.
Et ass e ganz perséinlecht Theema, dat fir jidderee mat ganz verschiddenen, mee ëmmer mat héich emotionalen Erfarunge verbonnen ass. Jidderee un eis huet scho Mënschen aus sengem méi oder manner noen Ëmfeld verluer, well hiert Leed esou grouss ginn ass, dass si sech keen aneren Auswee méi woussten, wéi sech d’Liewen ze huelen.
Mee ganz egal, wéi grouss d’Leed ass, wéi vill Uspanung oder wéi vill Angscht een an engem bestëmmte Moment och verspiert, et gi Mëttel a Weeër, fir dës schrecklech Zäiten ze iwwerstoen a sech nees wuel ze spieren.
Wichteg ass just, dass ee sech traut, a sengen donkelste Momenter no Hëllef ze froen, an dass een net aleng bleift. Dofir och dem honorabele Gilles Baum villmools merci, dass hien dës Interpellatioun haut, an enger schwiereger Zäit, ugefrot huet.
D’sanitär Mesuren, déi geholl goufen, fir d’Ausbreedung vum Covid ze limitéieren, reduzéieren d’Sozialkontakter op e Minimum. Dat ass wichteg, fir d’Infektiounszuelen op engem Niveau ze halen, deen eis Spideeler net iwwerlaascht, mee dat bedeit fir vill Mënschen och, dass si sech säit elo schonns bal engem ganze Joer vill méi oft aleng fillen oder mat Ängschte liewen.
Ausserhalb vun den eegene véier Wänn huet een nëmmen nach déi wichtegst Kontakter, an nei Frëndschafte schléisst een net, a wann awer, dann online. Famill oder Frënn, mat deenen een zesumme wunnt, ginn esou zum wichtegste soziale Kontakt.
Mee wat ass, wann een aleng wunnt oder d’Partnerschaft, an där een ass, een net glécklech mécht, mee just ënner Drock setzt? Wat ass, wann ee mat deene Mënschen, mat deenen een zesumme wunnt, zwar en Daach deelt, mee ni seng perséinlech Gefiller oder Gedanken? Da kann dat eegent Doheem séier zur Fal ginn.
Suicidaire Persounen a Mënsche mat Depressiounen neigen dozou, sech zréckzezéien, well hinnen d’Kraaft feelt, um Alldag deelzehuelen, oder well se d’Gefill hunn, dass kee si versteet. Grad dëst Verhale verschlëmmert hir Situatioun awer ganz oft, well si esou net un déi Hëllef kommen, déi si bräichten.
Dat war scho viru Covid e grousse Problem, ass mat dëser Pandemie, an där jiddwereen noutgedrongen e wéineg méi zréckgezu lieft, awer nach méi akut ginn. Wien doheem keen huet, mat deem en en éierlecht Gespréich féiere kann, oder wann
d’Situatioun doheem genee dee Problem ass, iwwert deen en esou dréngend schwätze misst, dee fillt sech ganz séier aleng.
An Zäiten, wou Onsécherheeten an och Existenzängschte souwisou schonns den Alldag prägen, de Betrib vläicht net méi esou leeft, wéi geduecht, ee mat de Kolleegen op der Aarbecht kee gutt Verhältnis huet oder déi finanziell Scholde wuessen, ka professionell Hëllef dofir ëmsou méi wichteg sinn. Dofir ass et wichteg, dass mir haut nach emol an aller Däitlechkeet festhalen, dass absolutt kee sech genéiere soll, sech un en Dokter, e Psycholog oder e Psychiater ze wennen, wann e sech net gutt fillt.
Betraffener iwwerleeë sech an eenzelne Fäll och, ob een et net awer aleng kéint packen an ob een den Dokter wärend enger sanitärer Kris wierklech wéinst senge Gedanken uruffe sollt. Ma dat ass de falsche Wee, déi falsch Denkweis. Wann ee sech an der Gesellschaft net verstane fillt, ass och de Wee, sech fir e Gespréich mam Dokter opzemaachen, do. Suergen an Ängschten, déi ze grouss ginn, si genee esou geféierlech, wéi eng aner Krankheet oder Verletzungen, a kënnen och behandelt ginn.
Absolutt kee muss sech genéieren, wann e sech e Rendez-vous beim Hausdokter hëlt, well e mat Angschtzoustänn, chroneschen Uspanungen, déiwer Trauer oder Suicidegedanken ze kämpfen huet. D’Generaliste kënnen no enger éischter Consultatioun och Iwwerweisunge un Doktere maachen, déi de Suivi maachen. De Wee eraus aus enger emotionaler Kris ass e ganz individuellen. Keng Situatioun
ass identesch an all Mënsch ass mat senge Liewensëmstänn eenzegaarteg. Mee dat bedeit net, dass ee muss aleng sinn.
Wa mir als Politiker d’Problematik vum Suicide ugoe wëllen, da musse mir niewent der Opklärung iwwert d’Hëllefsméiglechkeeten och op medezinneschem an op psychologeschem Niveau defir suergen, dass d’Leit sech trauen, vun dësen Hëllefen ze profitéieren.
Wann ee sech ukuckt, wéi eng Persounegruppe besonnesch héich Suicidezuelen opweisen, da fält op, dass d’Entscheedung, säi Liewe fräiwëlleg zum Enn ze bréngen, keng Gesellschaftsschichte verschount.
Et sinn elo iwwer 17 Joer, wou ech an der Jugendaarbecht täteg sinn, an ech kann Iech soen, mir si vill Schüler begéint, jonk Schüler, déi Suicidegedanken haten, dat oft duerch eng Iwwerfuerderung an der Schoul, e gesellschaftlechen Drock weiderzekommen. Als Gesellschaft musse mir eis awer iwwerleeën, ob mer deen Drock, och den Erfollegsdrock an de Schoulen, net emol iwwerdenke mussen. All Kand a säi Leed hu mir am Häerz wéigedoen. Mee mat der gudder Aarbecht vun eisen Eucateuren am Jugendhaus konnte mir glécklecherweis bis elo nach all Suicide verhënneren. An dat ass e wichtege Message, deen d’Politik soll mathuelen: Strukturen a Méiglechkeeten ze schafen, fir sech unzevertrauen.
No engem Suicide dierf de Staat och net déi Leit vergiessen, déi hannerbliwwe sinn an déi sech op éiweg wäerte Froe stellen, Familljen, déi vläicht net direkt staark genuch sinn, fir alles administrativ esou schnell an esou einfach ze erleedegen, déi mat hirer Trauer an der Fro nom Wisou net eens ginn. D’Politik muss déi néideg Strukture schafen, fir den Hannerbliwwenen ze hëllefen an och si opzefänken.
Här President, d’Suicidepreventioun brauch e politesche Kader an e gesellschaftlecht Engagement. D’Politik muss garantéieren, dass Mënschen an Nout einfach un Informatiounen iwwer Hëllefsméiglechkeete kommen a wëssen, u wie si sech wenne kënnen. D’Politik muss och defir suergen, dass ëmmer eng Léisung do ass, och wann ee sech finanziell iwwerschëlt.
Och, wann ee keen aneren Auswee méi gesäit wéi de Suicide, ass awer een do. Duerfir ass et esou wichteg, ëmmer erëm ëffentlech ze soen: Et ginn ëmmer Léisungen, och wann et nach esou düster ausgesäit. An deem Kontext wëll ech och dës Motioun deposéieren, an där ech d’Regierung opfuerderen, bei all Rappel de payement vum Staat ab engem Montant vun 10.000 Euro en Hiweis op d’Méiglechkeet vun der Iwwerscholdungsberodung bäizefügen.
D’Politik muss de Leit Courage maachen, wann et drëms geet, sech Hëllef ze sichen. D’Gesellschaft, an dat bedeit all Eenzelnen, kann dobäi hëllefen, andeems ee selwer op säi Kierper lauschtert a sech Hëllef sicht, wann den ënnerlechen Drock ze vill gëtt; andeems een d’Problemer vu senge Matmënschen eescht hëlt an net mat engem kuerze „Kapp héich, Du packs dat schonn!“ ofdeet; andeems een de Leit aus sengem Ëmfeld en oppent Ouer schenkt, ouni ze urteelen. Mir Piraten wëllen eis fir dës Ziler asetzen a mir hoffen, dass d’Politik zesummen, mir alleguer, schnell déi richteg Entscheedungen hëlt.
Mir wäerten haut och d’Motioun vum Gilles Baum matstëmmen.
Merci.
 

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat