Interpellatioun iwwert d’Integratioun zu Lëtzebuerg

Marc Georgen:
Här President.
Merci dem honorabele Paul Galles an der Ministesch fir d’Ufro vun dëser wichteger Diskussioun. En Theema, wat jidderengem am Alldag begéint. Ech wëll awer, ier ech ufänken, nach eng interessant Remark vun der Madamm Asselborn-Bintz opgräifen. An zwar sinn ech jo selwer an enger Musekgesellschaft täteg gewiescht. Dat ass exzellent, muss ech Iech soen. Et ass awer och esou, dass een nach ergänze kann, dass d’Musek eng universell Sprooch ass mat den Nouten an dass dat wierklech jidderee verbënnt.
Integratioun bedeit och ëmmer, sech ukomm ze fillen, sech gutt ze spieren a sech do wuel ze fillen, wou ee grad lieft. Kee Mënsch op der Welt sicht sech eraus, wou en op d’Welt kënnt, ënner wéi enge Bedéngungen, an och net, wéi en ausgesäit.
Wat ass e Pass fir eis Piraten? Dat ass fir eis e reng administratiivt Dokument, net méi. Fir sech an eng Gesellschaft ze integréieren, muss een a Kontakt mat de Leit kommen, mat de Wäerter an de Gewunnechten, déi dës Gemeinschaft ausmaachen.
Integratioun bedeit awer och net d’Opgi vu senge Wuerzelen, senge Gewunnechten. Am Géigendeel, all Persoun ass eng Beräicherung an dréit mat hirer Geschicht derzou bäi, dass eis Gesellschaft sech weiderentwéckele kann.
Fir vun enger iwwerflächlecher Upassung zu enger wierklecher Integratioun iwwerzegoen, brauch et och e Wiessel an der Gesellschaft. Mee mir si positiv agestëmmt, dass weider Virurteeler wäerten ofgebaut ginn, dass mir eng nach méi oppe Gesellschaft ginn.
Wann ee sech äusserlech zwar esou verhält, wéi et vun der Grupp gewënscht ass, ënnerlech awer kee Vertrauen a seng Matmënschen huet an net d’Gefill huet derzouzegehéieren, da kann een net vun enger gelongener Integratioun schwätzen.
Wat heescht dat fir d’Politik? Sécher, d’Méiglechkeet, an der Landessprooch ze kommunizéieren, ass wichteg, mécht d’Integratioun méi einfach. An iwwer eng fest Aarbechtsplaz gewënnt ee Sécherheet a Kontakter zu Mataarbechter, déi engem eng
Hëllef kënne sinn, fir Fouss ze faassen. Méi wichteg fir eng gelongen Integratioun ass dat eegent Empfannen, engem seng eegen Aschätzung, en Deel vun der Gesellschaft ze sinn. An déi Perceptioun kann e Mënsch schonn no enger kuerzer Zäit entwéckelen, wann e sech wëllkomm fillt, an dat och, wann en eréischt e puer Wierder vun der neier
Sprooch versteet. Mee dat Gefill kann och éiweg feelen, ganz egal, wivill ee schafft a léiert, wann d’Ausgrenzung den Alldag dominéiert.
D’Fro, déi mir eis als Politiker also stelle mussen, ass déi, wéi mir en Zesummeliewe fërdere kënnen, an deem et e Gemeinschaftsgefill gëtt. Well nëmmen esou gi Vertrauen, Respekt an e verantwortungsbewossten Ëmgang mateneen iwwerhaapt
méiglech. D’Fro ass also: Wéi kënne mir dat elo erreechen? Sécherlech net, andeems mer Migranten aus Drëttstaaten a Flüchtlinge jorelaang a groussen Ariichtunge mat Méibettzëmmeren zesummendrécken. Do mécht d’Politik vun der éischter Sekonn u
schonn alles falsch.
Dass ëmmer nach Bénéficiaires de protection internationale, also Persounen, déi viru Krich, Gewalt an Diskriminéierung geflücht sinn an deenen hir Demande bei eis ugeholl gouf, gezwonge sinn, a Foyeren ze liewen, well se sech soss néierens eng Ënnerkonft leeschte kënnen, ass eng Katastroph.
Wat déi Mënschen, déi oft schonn extreem vill Gewalt an traumatesch Erliefnisser iwwer sech ergoen hu musse loossen, méi laang an de Foyere bleiwen, wat d’Ausgangsbasis fir eng spéider Integratioun méi schlecht gëtt. D’Etüde vum Liisa Malkki hu schonn an den 90er-Jore gewisen, dass déi vun hir begleet Refugiéen, déi a Campen ënnerbruecht goufen, d’Tendenz haten, Identitéiten ze entwéckelen, bei deenen d’Roll vun der Ausgangssituatioun am Exil, déi verlueren Heemecht an d’Visioun, enges Daags nees zréckzegoen, dominéiert hunn. Flüchtlingen déi manner isoléiert gelieft hunn, konnten dogéint eng Identitéit entwéckelen, déi sech net op de Mythos vun der Vergaangenheet vum eegene Vollek, mee op d’Erfarung aus dem neien Alldag gestëtzt huet. Dës Leit haten individuell Zukunftspläng. An dat ass extreem wichteg, fir den Integratiounsprozess unzereegen. Mir mussen d’Leit also esou séier wéi méiglech aus deene Foyeren erauskréien an da mam alldeegleche Liewen hei am Land a Kontakt bréngen.
A mir hunn hei zu Lëtzebuerg och eng ganz Rei engagéiert Bierger, déi dobäi hëllefe wëllen. Mënschen, déi hir Hëllef ubidden, wann et ëm administrativ Demarchë geet, oder déi souguer bereet sinn, Mënsche bei sech doheem opzehuelen. An dat souguer elo schonns, wou et nach ëmmer un engem klore Gesetz feelt, an deem kloer gereegelt gëtt, wéini Persounen, déi ënner engem Daach wunnen, e Menage sinn a wéini et sech ëm eng Wunngemeinschaft handelt a wat fir Rechter a Flichte sech an der jeeweileger Situatioun erginn.
Wéi vill Persoune wären dann eréischt bereet, bei der Integratioun vu Migranten a Refugiéen ze hëllefen, wa se duerch e gesetzleche Kader géife geschützt ginn an idealerweis souguer ënnerstëtzt ginn!
Et ass awer net nëmme wichteg, deene Leit d’Méiglechkeet ze bidden, bei der Integratioun vun Auslänner hëllefen ze kënnen, mee och, den Zouwanderer selwer  Pisten ze weisen, wéi se sech hei am Land abrénge kënnen, duerch de Benevolat, eng Memberschaft an engem Veräin oder an enger Fräizäitgrupp. Gesetzer oder politesch Mesurë kënnen d’Integratioun net forcéieren, mee d’Politik kann e Kader setzen, deen der Gesellschaft Pisten opweist, wéi se Mënschen hëllefe kann, fir sech bei eis doheem ze fillen, an deen et de Leit vu baussen méi einfach mécht, hei Fouss ze faassen.
Wat doriwwer eraus natierlech och vun extreemer Wichtegkeet ass, ass d’Logementspolitik. Eng multikulturell Gemeinschaft kann net entstoen, wa sech d’Bevëlkerungsgruppen net mëschen, well d’Immobiliepräisser et guer net zouloossen, dass Persounen, déi just mat engem gerénge Budget bei eis an d’Land kommen, iwwerhaapt a gewëssene Regioune vum Land eppes lounen oder kafe kënnen, well de Wunnraum lues a lues onbezuelbar gëtt. Grad d’Wunnen an domat verbonnen de Fait,
mat sengen Noperen a Kontakt ze kommen, een Deel vun enger Strooss oder engem Appartementsblock ze sinn, ass essenziell fir eng gelongen Integratioun. An dat net nëmmen, well et fir déi Zougewandert wichteg ass, mee och, well et fir vill Lëtzebuerger wichteg ass, an hirem konkreeten Alldag mat anere Kulturen a Kontakt ze kommen.
Et gëtt vill verschidde Projeten, an deene sech verschidde Kulture begéine kënnen, fir zesummen Aktivitéiten ze maachen. Als Beispill: Konscht genéissen, Sport, Jugendhaiser oder Theater spillen. Dat si fantastesch Projeten, déi onheemlech inspiréiere kënnen. An et ass wichteg, dass d’Offer vun esou Projeten an d’Luucht geet. Mee wien erreecht ee mat dëse Projeten? Natierlech just déi Leit, déi vu virera schonn oppe genuch sinn, fir sech an esou Projeten unzemellen. Déi, déi den Auslänner éischter skeptesch géintiwwerstinn, erreecht een domadder leider net.
Am Alldag kënnen d’Leit, wann op eemol eng auslännesch Famill an dat Haus niewendru plënnert a wann een hinne mueres d’Appartementsdier ophält um Wee fir op d’Aarbecht, de Kontakt erweideren. Andeems een e gemeinsame Liewensraum schaaft, erlaabt een et de Leit, sech vun Ugesiicht zu Ugesiicht ze begéinen. Mee dat ass nëmme méiglech, wa mir eng duerchduechte Landesplanung an eng effikass Logementspolitik bedreiwen.
Friemefeindlechkeet geet oft mat der Angscht virum Onbekannten a mat Virurteeler anhier. E konkreet Zesummentreffen an engem private Kader kann hei oft scho villes veränneren. Natierlech heescht dat net, dass all Persoun mat friemefeindlechen oder rassisteschen Astellunge sech vun engem eenzelne Kontakt iwwerzeege léisst. Do sëtzen Angscht, mee och den Näid bei vereenzelte Persounen ze déif an da loosse se sech vu rietsen oder rassisteschen Astellunge fänken.
Leider kënnt et ëmmer nach ze oft vir, dass Persoune wéinst hire Virurteeler Mënsche mat anere kulturellen Hannergrënn guer keng Chance ginn, mat hinnen op engem tëschemënschlechen Niveau a Kontakt ze kommen, oder souguer diskriminéierend oder gewalttäteg reagéieren. An esou Fäll muss kloergemaach ginn, dass Rassismus an Diskriminéierung zu Lëtzebuerg keng Plaz hunn. Dat sollt och jiddereen an der Politik, grad hei am Haus, esou kloer soen an och vertrieden.
Och mir Politiker musse mat eisen Aussoen, déi duerno an de Medie breet verbreet ginn, oppassen. Huele mer e Beispill: Wann e Minister oder Deputéierten ëffentlech seet: „D’Nigerianer si fir d’Droge verantwortlech op der Gare“, dann dréit dat zu méi
Friemenhaass bäi. Da gi Leit mat enger donkeler Hautfaarf direkt komesch bekuckt oder nach vill méi schlëmm. Mir Politiker mussen eis bewosst sinn, wat esou Aussoen uriichten.
Zu de rietsextreeme Gruppéierungen: Meenungsfräiheet huet näischt mat engem Recht ze dinn, aner Persoune verbal ze attackéieren oder zum Haass opzeruffen. Dat geet einfach net! Do si mir Piraten ganz kloer. Hei muss de Staat kloer Grenze setzen. Friemefeindlechkeet däerf net salonfäeg ginn, och net op Social Media. Dat ass kee rechtsfräie Raum. Wa mir wëllen, dass an eiser Gesellschaft multikulturellt Zesummeliewe méiglech ass, dat vu Respekt a Versteesdemech an net vun Ausgrenzung an Haass gepräägt ass, da si mir alleguerte gefuerdert, d’Politik an d’Gesellschaft, déi, déi scho laang hei wunnen a sech mat dësem Land identifizéieren, an déi, déi hir Plaz hei nach sichen. Et gëtt keng Patentléisung fir eng gelongen Integratioun. Mee wa mir eis alleguerte mat Respekt begéinen an eis oft, esou oft et geet op den Austausch op Aenhéicht aloossen, wa mir mat Zouwanderer, net iwwert d’Zouwanderer schwätzen, dann ass schonn e grousse Schrëtt gemaach.
Merci.
 

Zesummenhang posts

 Dëst Joer gouf zu Rodange ee Park&Ride mat iwwer 1500 Parkplazen opgemaach.  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Am Koalitiounsaccord
Präsent vum Präsidium waren : Gilles, Marc, Sven, Mandy, Camille, Starsky, Raymond.  Debut 9h00, Schluss 15h00 Walanalyse 2023 (Huis Clos)  D’Parteileedung huet aus strategesche Grënn
De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter