Wäert den Inneministère a punkto Sécherheetsfirmen intervenéieren?

D’Stater Oppositiounsparteien hu sech den 21ten September an engem Bréif un d’Madamm Banneministesch gewannt, an dem si d’Ministesch eng weider Kéier bieden, ze intervenéieren, fir datt d’Stater Gemeng d’Konventioun mat der privater Sécherheetsfirma kënnegt. Am Bréif gëtt op déi widderspréchlech Aussoe vun der Buergermeeschtesch an engem Schäffe par Rapport zu den Aufgabe vun der privater Sécherheetsfirma an dem Incident op der Stater Gare vum 4te September opmierksam gemaach.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert d’Madamm Ministesch beim Schäfferot vun der Stater Gemeng intervenéieren, fir de Kontrakt mat der privater Sécherheetsfirma ze kënnegen? 

  2. Wäert d’Madamm Ministesch beim Schäfferot vun der Stater Gemeng intervenéieren, fir dass kee weidere Kontakt mat enger privater Sécherheetsfirma, deen Aufgaben enthält, déi net vum Gardinage-Gesetz vun 2002 ofgedeckt sinn, méi wäert ofgeschloss ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5008

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen