Mat de Pirate wäert keng Indextranche manipuléiert oder ausgesat ginn

Communiqué

De President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP hat haut [12.05.2022] am RTL-Radio gefrot, wéi d’Parteien zur Indexdiskussioun stinn. D’Piraten bleiwe bei der Positioun, dass all Indextranche dann muss faalen, wann déi 2,5% Inflatioun erreescht sinn. Den Index ass grad an dëse Momenter de richtege Mechanismus, fir dem Land eng gewësse Rou a Previsibilitéit ze ginn. Donieft muss d’Politik mat geziilte Moossnamen de Betriber an de klenge Portmonnien ënnert d’Äerm gräifen. Am Fall, wou 2023 all d’Indextranchen openee fale sollten, muss de Staat d’Rechnung dovunner bezuelen.

Déi aktuell Präisdeierecht mécht sech zënter e puer Méint op ville Platzen hei am Land spierbar: op der Tankstell, an de Geschäfter oder och doheem bei de Stroum- a Gaspräisser.

D’Inflatioun ass änlech schlëmm fir d’Leit, wéi all aner wirtschaftlech Kris. Se schaaft Veronsécherung an Existenzängscht, well déi reell Kafkraaft Woch fir Woch erofgeet.

Fir d’Piraten bitt eng Indexmanipulatioun, sou wéi se aktuell um Dësch leit, weder de Leit, nach de klenge Betriber, déi néideg Perspektive fir d’Zukunft. Am Géigendeel: se verschäerft déi allgemeng Veronsécherung an erhéicht d’Existenzängschte vu ville Leit hei am Land.

Et dierf net sinn, dass d’Indexmanipulatioun déi grouss Banken, Pëtrolsfirmen an Onlinegigante verschount, déi aktuell een nom anere Rekordgewënner fir 2021 presentéieren, wärend déi kleng Firmen ënnert dem Kafkraaftverloscht vun de Konsumente verléieren.

Amplaz um Index ze fréckelen, fuerdere mir Piraten, dass d’Betriber, déi ënnert der Inflatioun leiden, mat cibléierte Subsiden ënnert d’Äerm gegraff kréien, esou wéi dëst wärend der Covid-Pandemie gemaach gouf.

Fir déi sozial Gerechtegkeet am Land ze verbesseren, muss d’Regierung doriwwer eraus um geplangte Steierkredit fir déi kleng Portmonnien hei am Land festhalen. Dëse Steierkredit ass méi ewéi iwwerfälleg, grad well déi versprache Steierreform net wäert kommen. 

Ugesiichts vun all deem wat um Spill steet, bleiwe mir Piraten bei eiser Positioun, dass ass all Indextranche dann muss faalen, wann déi 2,5% Inflatioun erreescht sinn.

Falls d’Regierung hier Indexmanipulatioun duerchzitt, mussen 2023 all d’Indextranchen openee falen an um Enn de Staat d’Rechnung iwwerhuelen.

Mat de Pirate wäert keng Indextranche manipuléiert oder ausgesat ginn. Den Index ass grad an dëse Momenter de richtege Mechanismus, fir dem Land eng gewësse Rou a Previsibilitéit ze ginn. 

 

Zesummenhang posts

Zu Rodange gëtt de Bau vun engem Jugend- a Familljenhotel geplangt. Dëse Projet stéisst op Widderstand vu Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng, well
D’Office Sociaux’en hei am Land leeschten ee wichtegen Déngscht, fir deene Leit, déi et hei am Land finanziell net iwwert Ronne packen, ënnert d’Äerm
An mindestens engem Foyer fir Leit déi op Lëtzebuerg geflücht sinn elo am Wanter Zoustänn, déi esou fir Kanner an och Erwuessener net gutt