Impfungen a Praxissen

D’Lëtzebuerger Wort titelt an engem Artikel vun haut “Durch neue Regelung droht in Arztpraxen Impfstoffmangel”. Esou kéint et laut Wort dozou kommen, dass Doktere Rendez-vouse fir eng Impfung vu Patiente missten ofsoen, well et hinnen um Impfstoff vu Moderna feelt. Konkret heescht et am Artikel:  

“Laut eigenen Angaben hat der Arzt bereits für über 300 Patienten Impftermine ausgemacht, die er wohl nun zum Großteil absagen muss. Immerhin darf er laut den neuen Vorgaben den Impfstoff von Biontech/Pfizer nur noch bei jüngeren Patienten verwenden. Auch ein Impftermin, bei dem Mitarbeiter im Altersheim in Consdorf geimpft werden sollten, könne er wohl nicht wahrnehmen.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Dierf een Dokter/eng Doktesch weiderhin den Impfstoff vu BioNTech fir seng Rendez-vousen notzen, wann him/hir keen Impfstoff vu Moderna méi bléift? Dëst och am Fall wou d’Patienten an der Praxis méi wéi 30 Joer hunn?

  2. Laut Wort Artikel ass eng Bestellung nëmmen am 2-Wochen-Rhythmus méiglech. Firwat kënnen Dokteren an Dokteschen nëmmen all 2 Wochen eng Commande fir neien Impfstoff maachen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5324

Zesummenhang posts

Déi national an europäesch Gesetzgebung gesäit vir, dass Persounen sech bei enger nationaler Entitéit beschwéiere kënnen, wann hier Rechter am Beräich vun de si
Fir eis Piraten si Biergerbedeelegung a Selbstbestëmmung wichteg. Dofir läit et eis och um Häerzen, dass d’Bierger selwer kënnen decidéieren, wéi a wou si