M. Sven Clement (Piraten)
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt e grousse Merci un d’CSV, un d’Martine Hansen, datt se dëse wichtege Punkt vun enger Existstrategie op den Ordre du jour setze gelooss huet. Et war jo u sech méi Riedezäit geplangt, et huet ee sech schlussendlech just zu enger Heure d’actualité duerchrénge gelooss vusäite vun der Majoritéit. Dat fannen ech schued, well et hätt ee vill méi laang heiriwwer kënne schwätzen.
(Brouhaha)
A wann ech d’Majoritéitsdeputéierten hei héieren, déi sech beschwéieren, si hätten net genuch Zäit: Ma et louch an hirer Hand!
Une voix.- Très bien!
(Interruption par M. Mars Di Bartolomeo)
M. Sven Clement (Piraten) Zur evidenzbaséierter Politik, Här Di Bartolomeo, Dir schwätzt vun evidenzbaséierter Politik, de Marc Baum huet et grad ugeschwat: Ma wou ass déi Evidenz? Mir hunn op där enger Säit e Couvre-feu, wou nach ëmmer déi wierklech wëssenschaftlech Evidenz feelt, virun allem an engem Kontext, wou d’Restauranten zou sinn a wou mer liberticide Mesurë bei de Leit doheem am Stot hunn. Ech hu wierklech e Problem domadder, wann de Staat sech wëllt doheem mat u mäi Kichendësch sëtzen, wärend e fir d’Schoul a fir d’Aarbecht nach ëmmer nëmme Recommandatioune mécht a keng wierklech legal Basis huet. Dat ass alles anescht wéi eng evidenzbaséiert Politik, léif Kolleeginnen a Kolleegen! Ech sot et elo grad schonns am Kader vum Gesetzesprojet iwwert d’Aiden an ech widderhuele mech: D’Kris hält un an déi unhalend finanziell a mental Belaaschtungen, déi domat verbonne sinn, fänken un, hir Spueren ze hannerloossen. Mir kënnen net esou weidermaache wéi bis elo. Mir kënnen d’Leit no engem Joer net ëmmer nach an der Ongewëssheet loossen, wärend d’Regierung all puer Wochen Entscheedungen trëfft, déi zum Deel weeder novollzéibar nach virauszegesi sinn. Et ass mëttlerweil net nëmmen de wäissen Damp, op deen d’Leit waarden, mee si probéieren och nach, eppes an dee wäissen Damp eranzeinterpretéieren, wat vläicht an dräi Woche kéint kommen. Mir mussen eis iwwerleeën, wéi mer aus där aktueller Ongewëssheet zu engem transparente Stufeplang iwwergoe kënnen, dee Perspektive bitt an och Planungssécherheet. An eppes, wat bei evidenzbaséierter Politik awer gebraucht gëtt, ma dat sinn Zuelen. Ouni Zuele ka jo keen evidenzbaséiert Politik maachen. An da wonnert et mech hei awer, datt mer virun e puer Wochen hei am Haus unanime eng Motioun ugeholl hunn, déi gefuerdert huet, de Schäfferéit an de Gemengen detailléiert Donnéeën iwwert d’Situatioun an hirer Gemeng zur Verfügung ze stellen, a Stand haut déi nämmlecht Schäfferéit déi d’Donnéeën nach ëmmer net kruten. Ma firwat komme mer dann hei zesummen, léif Kolleeginnen Kolleegen, wa mer eng Motioun unhuelen, d’Donnéeë manifestement do sinn – well si gi jo agregéiert no uewe gewisen – an dann einfach net weiderginn? Wéi soll dann iergendeen evidenzbaséiert Politik maachen, wann d’Donnéeë feelen? Ech fille mech u sech hei grad zréckversat un haut virun engem Joer. Haut virun engem Joer hu mer ugefaangen, no Donnéeën ze froen. Mir sinn net midd ginn als Oppositioun, ëmmer méi Donnéeën ze froen. Et ass besser gi mat der Zäit an iergendwann huet et stagnéiert. Ech hunn d’Gefill, datt et elo erëm um Moment ass, fir no Donnéeën ze froen. Ech hunn d’lescht Woch hei probéiert, fir méi Transparenz bei de Schnelltester ze suergen. D’Schnelltester gi gemaach – an entschëllegt mech, wann ech e bëssen ausser Otem sinn -, ech hu mech, well ech am Sport als Arbitter aktiv sinn, och viru Kuerzem teste gelooss, an ech muss soen, dat Resultat taucht herno a kenger Statistik op! Wéi kann et sinn, datt mer als Konditioun fir d’Ouverture vum Sport soen: „Dir musst Tester maachen!“, wéi kann et sinn, datt mer elo an de Schoule Schnelltester maachen, an dann déi Zuelen net verëffentlechen? Wéi soll evidenzbaséiert Politik fonctionéieren, wa mer déi Zuelen net hunn? Mir brauchen also dréngend, an do ginn ech der CSV Recht, eng Schnellteststrategie, mee net nëmmen eng Strategie – Wiem gi mer Tester? Wéi gi mer de Leit Tester? Wéini gi se gemaach? -, mee mir brauchen och eng Strategie: Wat maache mer mat dem Erkenntnisgewënn, dee mer aus deenen Tester kréien? Well wa mer einfach nëmmen higinn a mir testen a mir maachen näischt domadder, dann hu mer an dëser Pandemie och net wierklech eppes geleescht.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, et kéint een natierlech e Stufeplang op Basis vun Zuele maachen. An nee, dat muss net wéi an Däitschland, wéi den Här Baum dat virdru virgestallt huet, op enger Landkaart sinn. Dat kann och méi einfach sinn. Dat kann awer och vill méi komplizéiert sinn, andeem ee méi Indicateuren eranhëlt. A wa mer vläicht viru sechs Méint ugefaangen hätten, déi éischt Indicateure materanzehuelen, a mir hätte scho viru sechs Méint iwwer konkreet Indicateure geschwat an doriwwer, wéi een déi gewiichte misst oder net, an da géife mer haut net doriwwer schwätzen, datt et jo awer onméiglech wär, Indicateuren ze fannen. Mir hätten et scho kënnen testen! A mir ginn all dräi Wochen un d’Covidgesetz fréckelen, ma dann hätt een och all dräi Woche kënnen déi Indicateure reajustéieren. An a sechs Méint kann ee ganz vill reajustéieren, wéi mer beim Covidgesetz gesinn hunn. Dat heescht, ech verstinn net, firwat sech dës Regierung hei esou dergéint wiert, wierklech evidenzbaséiert Politik ze maachen, kloer Indicateuren ze benennen, déi an e System afléissen ze loossen, wou verschidden Aktivitéiten op oder zou oder mat Restriktiounen eppes vu béidem kënne sinn. Evidenzbaséiert Politik heescht, datt mer eis op Date baséieren, datt mer eis op dat baséieren, wat mer observéiere kënnen, an net nëmmen op eist Bauchgefill oder op d’Lektür vu wäissem Damp oder vun e puer Téiblieder an enger Taass. An dann, well mer d’Zäit hei fortleeft, wëll ech just nach ganz kuerz op den Impfpass – op dee gréngen Impfcertificat oder wéi och ëmmer en dann elo schlussendlech genannt gëtt – agoen: Eng ënnerschiddlech Behandlung vu geimpften an net geimpfte Persoune kënnt fir eis net a Fro! De Code pénal hei zu Lëtzebuerg ass explizitt doranner, datt et keng Diskriminatioun op Basis vun engem medezinneschen Zoustand vun enger Persoun däerf ginn. An deementspriechend däerf et net dozou kommen, datt hei zu Lëtzebuerg iergend en Impfstatus zu enger Konditioun fir den Zougang zu eppes gemaach gëtt oder soss eng Diskriminéierung kënnt.
Merci.