Heure d’actualité du groupe politique LSAP au sujet de l’égalité entre les femmes et les hommes

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Merci dem Dan Biancalana fir déi wichteg Heure d’actualité, obwuel mir als Piraten et e bësse schued fannen, dass et just nach eng Heure d’actualité herno
war an net eng Interpellatioun. Ech weess, Dir kënnt
net derfir, dat ass an der Presidence esou entscheet
ginn. Mir hätten et gutt fonnt – dat Theema ass esou
wichteg –, dass méi Riedezäit fir alleguerten déi eenzel komm wär wéi nëmme fënnef Minutten.
Villes ass jo och scho gesot ginn. Dofir ginn ech op déi
eenzel Theemen an, déi eis besonnesch wichteg sinn.
An ech wëll awer och net direkt mat enger Kritik ufänken, mee der Ministesch, der Madamm Bofferding,
awer och kloer soen, dass an de leschte Jore villes
verbessert ginn ass, also een och déi eenzel Etappe
luewe soll, déi geschitt sinn.
Jo, et ass d’Coronakris dertëscht komm. De Rapport
huet ganz kloer gewisen, dass besonnesch Fraen dorënner leiden an et ass och elo, wou een do muss
ganz kloer reagéieren a géigesteieren, mee awer och
virausdenken, fir wann nach eng Kéier Situatiounen
antrieden, dass mer direkt déi néideg Instrumenter
hunn, dass et net erëm d’Frae sinn, déi am meeschten drënner leiden.
Wat mer och oft begéint ass – an do sinn ech dann
awer e bëssen enttäuscht –, dass erëm méi Jonker,
wann een am Lycée, e bëssen iwwert de Lycéesalter,
mat de Leit schwätzt, dass déi e bësse méi an
d’Stereotyppen erëm erafalen.
Meng Generatioun, déi war éischter e bësse méi
oppen, wat d’Stereotyppen ugeet. Elo fält iergendwéi
déi Generatioun, déi elo nokënnt, awer erëm an déi
Stereotyppen eran, wat mech ëmmer erëm iwwerrascht, wann een d’Gespréich mat deene méi Jonke
féiert. Ech wëll net soen, dass dat der ganz vill sinn,
mee et sinn awer scho méi Kommentaren, déi an déi
Richtung ginn, wéi virdrun. An dofir ass et och eis
Fuerderung, dass d’Chancëgläichheetsministesch och
do nach e bëssen usetzt, grad bei deene méi jonke
Leit, déi elo frësch an d’Liewe wäerte starten, dass se
net do schonn an der éischter Partnerschaft – d’Partnerschafte fänken natierlech och méi fréi un –, mee
dass se an der éischter Partnerschaft scho mat deene
Stereotyppen direkt opraumen an dass déi net méi
bestoe bleiwen.
E ganz grousse Problem – an do sinn eeben nun emol
ganz vill Frae betraff, dofir wollt ech dat och uschwätzen – sinn déi Elengerzéiend. Do sinn et oft d’Mammen, déi d’Responsabilitéit droen an och déi finanziell
Responsabilitéit. Do fanne mer et wierklech schued,
dass déi versprache Steierreform leider net komm ass
,well do ganz vill Frae sinn, deenen ee kéint hei am
Land ganz schnell hëllefen, déi elengerzéiend sinn a
wou wierklech um Enn vum Mount net genuch Geld do
ass an dat net, well se net genuch verdéngen, mee

einfach, well se vill méi Steiere bezuelen an deementspriechend déi Steierreform ganz batter néideg gewiescht wär an déi net op déi nächst Legislaturperiod
kann einfach emol esou vertréischt ginn.
Wat mer och opgefall ass, a ganz vill Fraen am héijen
Alter eis schreiwen, sinn déi ganz kleng Pensiounen.
Do erschreckt een heiansdo, wann d’Leit eis eraschécken, wat si nach als Pensioun kréien, d’Fraen, dat
ass, sief et dass de Mann gestuerwen ass oder wat si
schaffe gaange sinn an de fréiere Joren, wat déi
iwwerhaapt als Pensioun kréien. Also dat ass wierklech heiansdo den Horror, wann een do déi
Dokumenter zougespillt kritt. Ech muss och soen, fir
mech war et och iwwerraschend, well dee Problem
hunn ech am Ufank, wéi mer an der Chamber hei
ugefaangen hunn, net esou kannt a wat méi Leit eis
kontaktéiert hunn, wat awer eigentlech dat Dëppe
vun deene Leit, déi betraff sinn, vu Leit, déi an der
Pensioun, virun allem Fraen an der Pensioun, dass
déi eng Aarmut … jo, ënner Aarmut eigentlech scho
leiden. An dat ass eigentlech e Punkt, deen eis Piraten
wichteg ass, dass mer net nëmmen elo bei deene
ganz Jonken usetzen, mee och vläicht kucken, wéi
mer deene Leit kënnen hëllefen, déi elo an der
Situatioun sinn, déi hire Liewensowend verbrénge
mat enger ganz klenger Pensioun, fir no deene Leit ze
kucken. Well dat ass en ale System, dee verbockt war,
firwat dass déi elo eng kleng Pensioun hunn. An dat
ass fir eis och eng politesch Responsabilitéit, déi ee
muss hunn, fir elo kënnen do eraus ze kommen.
An dann en Theema, wat ech bei der Ministesch ganz
oft schon, sief et a Question-parlementairen oder
Kommissiounen ugeschwat hunn a wat mir och um
Häerz läit. Ech weess, et ass heiansdo esou e bëssen
en Tabubroch, wann een dat iwwerhaapt grouss
uschwätzt, mee dat sinn d’Reliounen.
Ech kann einfach net averstane sinn, wéi d’Reliounen –
jo, och d’kathoulesch Kierch – d’Frae behandelen. Ech
mengen, ech hunn der Ministesch jo scho sëllege
Question-parlementairë gestallt, grad och iwwert d’Initiativ Maria 2.0. Dat ass, fir kuerz ze erklären, dass
d’Fraen och einfach emol solle genau déi selwecht
Beruffer ausübe kënnen an enger Relioun wéi d’Männer. Well mir liewen haut an enger Gesellschaft, wou
einfach emol gesot gëtt: „Eng Fra kann net Paschtouer
ginn!“ Dat ass awer eigentlech am Moment nach en
Tabu, fir dat iwwerhaapt ze änneren oder ze thematiséieren.
Dofir wëll ech dat och nach eng Kéier hei ervirbréngen. Et ka jo net sinn, dass mir de jonke Leit wëllen e
Gesellschaftsbild virliewen, dann awer akzeptéieren,
dass an de Reliounen einfach emol gesot gëtt: „Well s
du eng Fra bass, kanns du deen an deen Job net maachen!“ Dat ass fir eis Piraten komplett onverständlech. Dat misst eigentlech och direkt iwwert den
Aarbechtsschutz, iwwert d’Aarbechtsgesetz verännert
ginn an net einfach gesot ginn: Dat ass Reliounsfräiheet. Well fir eis ass et keng Reliounsfräiheet,
wann ee Frae benodeelegt. Dat ass fir eis net an der
Rei.
D’Bild vun de Mënscherechter, virun allem d’Fraerechter, ass awer och eppes, wat mer an eiser
Aussepolitik musse vill méi no vir bréngen. Wa mir op
eng Dubai-Expo ginn, kann et awer net sinn, dass
mer do einfach emol de Mond halen an net iwwert
d’Fraerechter sur place schwätzen. Dat ass och eng
Kritik, déi mer … ech hu virdru jo vill Luef un d’Regierung ubruecht, mee dat ass eng vun de Kriticken,
dass een, wann een d’Aussepolitiik mécht a wann ee
mat …
Une voix | Très bien!
M. Marc Goergen (Piraten) | … ganz vill Geld an
esou Länner geet, dass een och dat uschwätzt, wéi
d’Fraen doënne behandelt ginn, dass d’Fraen do keng
Rechter hunn an dass een dat ganz kloer op deenen
eenzele Punkten thematiséiert.
Et bleift nach vill ze maachen an de Fraestreik ass haut
wierklech och néideg, fir eng Kéier dat Theema … Et
gesäit een: Mir hunn haut och eng Heure d’actualité,
och wann d’Riedezäiten e bëssen ze kuerz sinn, zu
deem Punkt. An et géif der Chamber gutt stoen, och e
bësse méi oft – net nëmme wa Fraestreik ass oder
Weltfraendag – driwwer ze schwätzen an driwwer
nozedenken, fir déi konkreet Verbesserunge schnell
ëmzesetzen, well et sinn nach Benodeelegungen do an
déi muss een och benennen.
Merci.
M. Sven Clement (Piraten) | Ganz gutt!

Zesummenhang posts

Zu Rodange gëtt de Bau vun engem Jugend- a Familljenhotel geplangt. Dëse Projet stéisst op Widderstand vu Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng, well
D’Office Sociaux’en hei am Land leeschten ee wichtegen Déngscht, fir deene Leit, déi et hei am Land finanziell net iwwert Ronne packen, ënnert d’Äerm
An mindestens engem Foyer fir Leit déi op Lëtzebuerg geflücht sinn elo am Wanter Zoustänn, déi esou fir Kanner an och Erwuessener net gutt