M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Mir liewen an enger moderner Welt, wou d’Digitali- séierung eng ëmmer méi wichteg Roll spillt. Eis Jugend ass ëmmer méi digital ënnerwee, dëst be- sonnesch an de soziale Medien. Dat ka souwuel Fluch wéi awer och Seege sinn. An et dierf een den Internet net verdäiwelen. Ëmmerhin ass en déi gréisst Wës- sensdatebank, déi mer hunn.
Mee grad fir Jugendlecher kann den Internet negativ Säiten hunn, grad wéi se et an de soziale Medie schonn erlieft hunn. Den 30. August konnt een op rtl. lu en Artikel iwwer eng Etüd vun der Universitéit Bielefeld zu Jugendlechen an de Medie liesen, wou d’Zuel erausstécht, dass et eeben eng reell Gefor ass.
Vill Jonker versuerge sech op de soziale Medie mat Informatiounen. Dëst gëtt besonnesch dann zu engem Problem, wann dës Informatiounen onge- préift vun de Jonken als wouer ugesi ginn. Ëmmer méi dacks ginn Hallefwourechte verbreet an dëst ass da fir eis Demokratie eng Gefor. An de soziale Medie gëtt et keng Algorithmen, déi Informatiounen op hir Korrektheet préiwen.
D’Coronapandemie ass e gutt Beispill dofir. Vill Falschinformatiounen a Verschwörungstheorië gi ver- breet, an dat bis haut. Dat hu mir selwer nach e Méindeg hei an der Seance zu enger Petitioun erlieft.
Mir kënne Kanner a Jonker net einfach onvirbereet eleng am Internet loossen. Mir mussen hinne pro- aktiv weisen, wéi se mat Informatiounen ëmginn, wéi se Informatiounen op hire Wourechtsgehalt kënnen iwwerpréiwen a wéi se solle mat de soziale Medien ëmgoen.
Och de Cybermobbing spillt hei eng grouss Roll. Cybermobbing ass kee Kavaléiersdelikt, deen een op déi liicht Schëller dierf huelen. Nee, ganz am Contraire: Ganz dacks geet et hei ëm Strofdoten, déi juristesch Konsequenze missten hunn. Vill Betraffener wëssen awer net, wéi se sech wiere kënnen. Dowéinst den Opruff un Elteren, deenen hiert Kand Affer vu Cybermobbing gëtt: Wennt Iech u BEE SECURE, d’Police oder den Ombudsman fir Kanner a Jugend- lecher! Do kann Iech gehollef ginn a si weisen engem déi richteg Pisten op.
D’Piraten haten och scho virun e puer Méint eng Motioun eraginn, déi Mesurë géint d’Hierstellung vun „child sexual abuse material“ virgesäit. Dës Motioun gouf och unanime ugeholl. Trotzdeem ass bis haut nach näischt ze héiere gewiescht, awéiwäit mer mat der Ëmsetzung ugefaangen hunn.
Mir fuerderen nach ëmmer, dass all d’Schüler aus dem Cycle 4.1 en Training mat BEE SECURE vu mindestens zwou Schoulstonne pro Schouljoer obli- gatoresch solle kréien an dass d’Unitéit vun der zou- stänneger Police judiciaire personell opgestockt gëtt. Verbriechen am Internet mussen – an dorënner falen och Doten am Beräich Cybermobbing – vun der Justiz méi staark kënne verfollegt ginn.
An ech hu mech elo no der Reaktioun vun der Madamm Bernard nach eng Kéier schnell informéi- ert, och nach eng Kéier bei BEE SECURE gekuckt, déi selwer schreiwen, dass déi Gesetzer nach net esou do sinn. An domadder deelen ech d’Meenung vun der Madamm Closener, dass mer mussen am Code pénalen anere Wee goen, wéi dat am Moment de Fall ass.
(Interruption)
Jo, Dir kënnt jo behaapten, dass et couvréiert ass. Ech hu bei BEE SECURE gekuckt, et ass net couvréiert, an och Juriste soe mer, et ass net esou couvréiert, wéi Dir et hei behaapt. Et deet mer leed! De Cybermobbing ass am Code pénal net esou couvréiert, wéi Dir et wëllt hei behaapten.
Mme Stéphanie Empain (déi gréng) | En ass cou- vréiert iwwert deen Artikel.
M. Marc Goergen (Piraten) | Nee! Dir gitt en an en aneren Artikel sichen, wou et dat vläicht kéint sinn. Mee Cybermobbing ass net explizitt an deem Code pénal. Dir kënnt dach elo als Gréng hei net maachen, wéi wann et esou wär! D’Madamm Closener huet et virdru gesot, ech hunn et elo nach eng Kéier ge- checkt, eise Büro huet et nach eng Kéier nogekuckt, mir hu souguer e Jurist gefrot, deen huet gesot: „De Cybermobbing ass net an deem Code pénal“, wéi Dir et behaapt hutt. An da kommt Der elo nach eng Kéier dermat! Ech hat et awer elo fein ausgedréckt.
Mme Stéphanie Empain (déi gréng) | Et geet jo net drëm, ob een et fein ausdréckt, et geet drëm, wat drasteet. En ass couvréiert! Et steet net „Cyber- mobbing“ do, mee en ass iwwert den Artikel cou- vréiert.
M. Marc Goergen (Piraten) | Nennt mir den Artikel!
M. Fernand Etgen, Président | D’Madamm Closener wëllt …
Mme Stéphanie Empain (déi gréng) | 442.
Mme Francine Closener (LSAP) | Ech mengen, Här President, béid hunn hei Recht. Et gëtt effektiv deen Artikel, do geet et ëm den Harcèlement. An a Frankräich gëtt et eeben en extra Artikel, wou et just ëm de Cyberharcèlement geet. An dorëms ass et mir gaangen, fir eeben den Ënnerscheed ze maachen an eeben och nach eng Kéier den Affer vum Cyber- mobbing ze weisen, dass d’Justiz dat ganz seriö hëlt an eeben hinnen en extra Artikel dediéiert. Dat war d’Iddi. Natierlech ass dat awer schonn haut och cou- vréiert duerch deen doten Artikel.
Merci.
M. Fernand Etgen, Président | Merci der Madamm Closener fir deem klenge Sträit en Enn ze setzen. An ech ginn d’Wuert zréck un den Här Goergen.
(Interruption)
M. Marc Goergen (Piraten) | Mir hunn dach kee Sträit. Et ass kee Sträit. Ech hunn der Madamm Closener vun Ufank u Recht ginn, Här President. Also et war guer kee Sträit oder guer keng Diskussioun.
Et kann ee sech awer net drop verloossen, dass eleng d’Aarbecht vu BEE SECURE wäert duergoen. Si leesch- ten eng exzellent Aarbecht, dat ass sécher. Mee et muss een insgesamt vill méi an de Schoule virun de Gefore vum Internet warnen. Mir mussen de Kanner a Jugendlechen déi néideg Instrumenter an d’Hand ginn, fir dass si sech méi sécher am Internet beweege kënnen. An dat geet just, andeems hinne gewise gëtt, wéi een Informatioune kritesch préift, wéi ee richteg mat Falschinformatiounen ëmgeet a wéi ee richteg reagéiert, wann ee mat Leit ze dinn huet, déi op Falschinformatiounen eragefall sinn.
Ofschléissend dann nach e Merci un d’Madamm Closener an d’LSAP, fir dëst wichtegt Theema haut ugefrot ze hunn. Merci.