Heure d’actualité du groupe politique LSAP au sujet de la canicule de l’été 2022

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Merci dem Cécile Hemmen an der LSAP, dass Der dës Heure d’actualité iwwert d’Hëtztwell an d’Dréchent vum leschte Summer ugefrot hutt. Et ass en Theema, wat elo am Klimawandel, an domadder ass et spierbar ginn, leider zur Normalitéit wäert ginn. Mir mussen dermat rechnen, dass och déi nächst Sum- mere wäerten esou waarm an dréche ginn.

Lëtzebuerg ass am internationale Vergläich immens schlecht, wat seng Klimabilanz ubelaangt. Pro Kapp si mer mat déi schlechtst mat den USA. Huele mer kuerz eng Kéier den Overshootday. Do si mer de 14. Februar just hannert dem Katar. Bon, Katar ass jo be- stëmmt net d’Referenz, déi ee wëllt huelen. An da kënnt d’USA den 13. Mäerz. Déi meescht europäesch Länner sinn awer eréischt am Mee op hirem Over- shootday. Dat heescht, Lëtzebuerg muss och eng Kéier sech an d’Politik vun deene leschten néng Joer mat der eegener Nues huelen, well eisen Overshoot- day ass ëmmer no vir geréckelt anstatt no hannen. Vum 16. Februar si mer elo um 14. Februar. Also musse mer och selwer eng Hand mat upaken, dass eeben dee Klimawiessel net stattfënnt, dass e ge- bremst gëtt. An dat mécht ee sécherlech net mat 7,5 Cent Remise op der Tankstell wärend dem Summer.

Dofir geet et drëms, elo d’Klima ze schützen, fir eeben déi Dréchenten ze verhënneren. An do wënsche mer eis vill méi Courage vun der nach aktueller Regie- rung.

Ech kéint jo elo nach eng Kéier alleguerten déi Mesuren, déi d’Virriedner souwisou schonn opgezielt hunn, vum Baue bis Ëmwelt an alles, opzielen. Ech hu mech awer haut op en anert Theema konzentréiert, wat mech och am Summer wärend der Dréchent scho beschäftegt huet, an dat sinn déi Leit op der Strooss, déi immens ënnert dëser Dréchent gelidden hunn.

Ech hat och direkt eng Question parlementaire ge- stallt, fir eeben drop opmierksam ze maachen, dass déi Leit net d’Méiglechkeet hunn, fir iergendzwousch Schiet ze fannen, fir sech ofzekillen, an dat scho guer net an enger Haaptstad, wou quasi iwwerall Bëton ze fannen ass an ëmmer manner Beem, soudass déi Leit, déi keen Doheem hunn a keen Daach iwwert dem Kapp, keng Méiglechkeet op Schiet hunn.

Deemools gouf leider, trotzdeem dass d’Graden im- mens héich waren, déi Question parlementaire na- tierlech net als urgent unerkannt. Ech krut dofir no engem Mount eng net zefriddestellend Äntwert, dass souwisou vusäite vun der Regierung deene Leit net géif gehollef ginn a keng Summeraktioun géif statt- fannen.

Dofir hunn ech haut déi Motioun nach eng Kéier mat- bruecht. Et stoung jo an der Demande vun der LSAP: „als Virbereedung fir déi nächst Hëtztwell“. Kéintemer dann do op de Wee goen a fir déi Leit op der Strooss zumindest virgesinn, dass eng Summer- aktioun opgemaach gëtt, fir dass se Schiet hunn, dass se sech kënne schütze virun där Hëtzt?

An déi zweet Motioun, déi ech matbruecht hunn, dat ass, dass jidderee wärend där Hëtztwell och soll Zougang kréien zum Waasser. Et ass esou gewiescht, dass Leit, déi op der Strooss wunnen, leider zum Deel den Zougang verwiert kruten, fir op Toiletten ze goen an hir Bidonen opzefëlle wärend der Hëtztwell. Dofir hunn ech eng Motioun matbruecht, fir eng Kéier fest- zehalen, dass all déi ëffentlech Gebaier d’Toiletten och fir Leit opmaachen, déi eebe vläicht net esou propper dee Moment ausgesinn, déi eng schwéier Situatioun hunn, dass och déi dierfen op enger Gemeng op eng Toilette goen, zumindest fir de Bidon ze fëllen, fir dass se Waasser hunn.

Motion 1

D’Chamber vun den Deputéierte stellt fest:

– datt d’Stad Lëtzebuerg an aner Gemengen de Leit mat gratis Trinkbrunnen een onbeschränkten Accès op Drénk- waasser ginn an dat virun allem an deene waarme Méint vum Joer;

– datt et a verschiddene Gemengen ëffentlech Toilettë ginn, déi fir jidderee fräi zougänglech sinn;

– datt et op ville Plazen am Land nach un engem gratis Accès zu Drénkwaasser an ëffentlechen Toilettë feelt.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Depu- téierten d’Regierung:

– all Persoun, déi op der Strooss lieft, et ze erméiglechen, an ëffentlech zougänglechen, staatleche Gebaier op d’Toi– lette kënnen ze goen oder do e Glas Waasser ze kréien.

(s.) Marc Goergen.

Motion 2

D’Chamber vun den Deputéierte stellt fest:

– De Klimawandel huet och Lëtzebuerg längst erreecht.

– MeteoLux huet dëse Summer vun enger „Rekord- sonnenscheindauer“ souwéi vun enger vun den héchsten Duerchschnëttstemperature geschwat.

– De Summer 2022 war de sonnegsten zënter 1947 an och

den zweetwäermsten.

– Dës Wiederextremer treffe virun allem déi Schwächst an eiser Gesellschaft. A grad déi gëllt et an dësen Zäite virun den Auswierkunge vum Klimawandel ze schützen.

– Virun allem d’Mënschen, déi op der Strooss liewen, si wärend den héijen Dagestemperaturen enger grousser Gefor ausgesat. Si hunn dobaussen net vill Méiglech- keeten, sech virun der Hëtzt ze schützen a sech genuch of– zekillen an ze hydratéieren.

– Et gi laut dem Familljeministère zwar schonn eng ganz Rei Mesuren, déi a solche Fäll geholl ginn, mee dës si punktuell a mat groussen zousätzleche Belaaschtunge fir d’Leit um Terrain verbonnen.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Depu- téierten d’Regierung:

– d’Wanteraktioun duerch eng „Summeraktioun“ ze er– gänzen. Et soll am Summer eng Struktur fir Sans-abrisen opgemaach ginn, wou si Schiet fannen, fir sech virun der Sonn an der Hëtzt ze schützen.

(s.) Marc Goergen.

M. Fernand Etgen, Président | Merci, Här Goergen.

M. Marc Goergen (Piraten) | Mat deenen zwou Motioune bereede mer eis ganz kloer dorop vir, dass den nächste Summer, wann eng Hëtztwell kënnt, déi Schwächsten am Land och e Schutz kënnen hu virun der Sonn an dass déi Leit an enger Summeraktioun sinn oder mat genuch Waasser ausgestatt ginn.

Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a