M. Marc Goergen (Piraten)
Dir kräischt och ëmmer, Här Kartheiser. Et freet mech awer, dass Der de Message verstanen hutt. Mir sinn och houfreg drop, fir als Piraten Europäer ze sinn, well dat an dëser Situatioun, wa mer eng Energiesécherheet wëllen, just iwwer Europa wäert goen. Mir kënnen eis hei zu Lëtzebuerg sécherlech de Mond fuseleg schwätzen, mee mer mussen awer esou éierlech sinn, dass mer ni wäerten zu Lëtzebuerg eisen Duuscht an Honger no Energie kënne produzéieren. Dat heescht, eisen Interessi als Land ass et ganz kloer, op europäesch Léisungen ze setzen – am Norden de Wand, am Süden d’Sonn –, fir dass mer aus deene fossille Produkter kënnen erauskommen. Déi nei Technike wäerten et och sinn, déi dëst méiglech maachen. Ech héieren ëmmer e bësse méi konservativ Parteien, déi just de Status quo kucken, an dat ass e bëssen de Problem. Kuckt Iech eng Kéier un, mat wéi engem Laptop dass Der viru fënnef oder zéng Joer geschafft hutt. Haut huet Äre kleng Smartphone mat där klenger Batterie méi Kapazitéit wéi de Laptop. An esou wäert et och bei der Mobilitéit goen, esou wäert et bei aneren Technike goen. Déi Solarpanelen, déi mir haut hunn, déi wäerten an noer Zukunft mol 100 u Kapazitéit maachen, duerno mol 200. Dat wäert sech vervillfachen. Herno hutt Der ganz kleng Solarpanelen, déi déi selwecht Energie kënnen hierstellen. Herno hutt Der ganz kleng Batterien an den Autoen. Et däerf een net deenen nolauschteren, déi et elo verdäiwelen, a just op déi aktuell Situatioun
blécken, well déi Technik wäert virugoen. Kuckt Iech eng Kéier un, wat déi eenzel Batterië gemaach hunn. Fréier hat Der en Handy, do hutt Der missen e Koffer mathuelen. Haut kritt Der en Handy, haut wësst Der emol net méi, an engem Smartphone, wou d’Batterie verbaut ass an déi eenzel Deeler, esou kleng ass et ginn. An esou wäert et och mat deenen anere Produkter goen, déi haut energiehongreg sinn.
Dat entlaascht eis awer net, dass mer trotzdeem alles musse gi fir aus dem Pëtrol méiglechst schnell eraus. An do ass grad de Staat fir eis Piraten an der Verantwortung, well dee muss eigentlech e Virbildfacteur hunn. Wann een elo kuckt, dass do zum Beispill déi meescht Gebaier nach mat enger fossiller Energie versuergt ginn, da kann dat fir eis einfach net sinn. Dofir wäert ech och eng Motioun deposéieren, dass de Staat soll bis 2030 op all senge Gebaier, wou et méiglech ass, Solar installéieren. Et ass awer och de Fuerpark vum Staat. Ech hat elo eng rezent Question parlementaire, wou e grénge Minister der Police erëm lauter fossill Autoe kaaft huet. Bon, ech mengen, de Staat ka vill schwätzen, dass mer eraus wëllen, mee muss et awer iergendwéi och als Virbild liewen. Well et ka jo net sinn, dass de Staat higeet an nach ëmmer dat schlecht Produkt vun de fossille Brennstoffer verbraucht an de Leit awer seet, si sollen ëmklammen.
An dat ass ee vun de Problemer. Et muss een et ganz virliewen. Och mir als Chamber mussen et virliewen. Och mir als Chamber mussen eise Footprint kucken. Huele mer d’Kommissiounen: Firwat net och an deene Kommissiounen, wou ee keng kontrovers Diskussiounen huet, einfach emol soen, mir maachen déi vum Homeoffice aus, soudass mer deementspriechend déi fossill Produkter do schonn aspueren, just als Klengegkeeten? Mee dat sinn awer déi Symboler no baussen, wou d’Leit herno soen: „Hei kuck, déi maachen et och!“
Mir sinn och keng Fannen dovun, fir elo bei anere Länner wéi dem Katar … Also, de Katar ass jo virdrun och hei erwäänt ginn, e gouf d’lescht Woch schonn erwäänt an der Diskussioun, ech fannen dat elo net eng lupenrein Demokratie, wou een elo onbedéngt muer muss akafe goen. Also, et muss een och virsiichteg sinn, wann een elo vun engem Schlechte bei een anere Schlechte geet. Do muss ee ganz virsiichteg sinn, wann ee sech grad wëllt ofhängeg maache mat, zum Beispill hei an dësem Fall, Flësseggas. Bei de Sanktioune fir Russland si mir guer net averstane mat der Positioun, déi d’Regierung oder bezéiungsweis d’Finanzministesch gëschter um 100,7 ugedeit huet, déi dat emol einfach als Realpolitik ofgedoen huet, dass ee weiderhi géif Pëtrol a Gas aus Russland kafen. Dat versti mir Piraten net! Mir Piraten sinn éischter op der Linn, dass mer nach léiwer gëschter wéi haut aus dem Pëtrol an dem Gas vu
Russland missten erausklammen an net einfach kënne soen, dass mer weiderhin dee Krich finanzéieren, just well dat – wéi hat se gesot? – „Realpolitik“ wär. Dat ass fir eis Piraten onverständlech. An ech hoffen och, dass d’Regierung hir Positioun do wäert änneren.
Wou mir Piraten der Regierung awer eise volle Support ausschwätzen, ass fir alles, wat se a Richtung vun Ëmwelttechnike virundreift. Dofir begréisse mer och, dass déi Ëmweltprimmen, zum Beispill fir d’Elektroautoen, wéi et gëschter ugekënnegt ginn ass, verlängert gi sinn. Dat ass eng Etapp. Et kommen nach ganz vill Etappen, wann ech esou an der Ëmweltkommissioun kucken, wou och dat kënnt mat de Luedstatiounen, wou de Moment nach ganz vill Projeten an der Pipeline sinn. An do kann d’Regierung och op de Support vun de Piraten zielen, wann et drëm geet, fir op alternativ Energien ze setzen.
Merci.