Heure d’actualité du groupe politique CSV sur l’approvisionnement et la sécurité énergétiques au Luxembourg et en Europe

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Antëscht diskutéiert d’Chamber jo bal oder all Woch
schonn iwwert d’Energie. Verschiddenes widderhëlt
sech och leider, ouni dass sech awer bis elo wierklech eppes un der Situatioun verännert huet. A mir
Piraten gesinn och do ganz kloer déi konservativ oder
zréckbleiwend Parteien, sief et an Europa oder och
heiansdo hei, wann een d’Äusserungen héiert, déi
einfach an der leschter Zäit scho verpasst hunn, fir
op déi erneierbar Energien ze setzen. Well hätte mer
deene Parteie schonn an der Vergaangenheet nogelauschtert, déi op ëmweltfrëndlech Energië wollte
setzen, wäre mer haut net esou ofhängeg vu Russland. Mee et sinn awer déi Parteien, déi konservativ
Parteien, déi elo kräische kommen. Dat ass e bësse
komesch.
M. Fernand Kartheiser (ADR) | Ech hunn nach kee
kräischen héieren.
M. Marc Goergen (Piraten) | Dir kräischt och ëmmer, Här Kartheiser. Et freet mech awer, dass Der de Message verstanen hutt.
Mir sinn och houfreg drop, fir als Piraten Europäer ze
sinn, well dat an dëser Situatioun, wa mer eng Energiesécherheet wëllen, just iwwer Europa wäert goen. Mir
kënnen eis hei zu Lëtzebuerg sécherlech de Mond
fuseleg schwätzen, mee mer mussen awer esou éierlech sinn, dass mer ni wäerten zu Lëtzebuerg eisen
Duuscht an Honger no Energie kënne produzéieren.
Dat heescht, eisen Interessi als Land ass et ganz kloer,
op europäesch Léisungen ze setzen – am Norden de
Wand, am Süden d’Sonn –, fir dass mer aus deene fossille Produkter kënnen erauskommen.
Déi nei Technike wäerten et och sinn, déi dëst méiglech maachen. Ech héieren ëmmer e bësse méi konservativ Parteien, déi just de Status quo kucken, an
dat ass e bëssen de Problem. Kuckt Iech eng Kéier
un, mat wéi engem Laptop dass Der viru fënnef oder
zéng Joer geschafft hutt. Haut huet Äre klenge Smartphone mat där klenger Batterie méi Kapazitéit wéi de
Laptop. An esou wäert et och bei der Mobilitéit goen,
esou wäert et bei aneren Technike goen.
Déi Solarpanelen, déi mir haut hunn, déi wäerten an
noer Zukunft mol 100 u Kapazitéit maachen, duerno
mol 200. Dat wäert sech vervillfachen. Herno hutt Der
ganz kleng Solarpanelen, déi déi selwecht Energie kënnen hierstellen. Herno hutt Der ganz kleng Batterien
an den Autoen. Et däerf een net deenen nolauschteren,
déi et elo verdäiwelen, a just op déi aktuell Situatioun
blécken, well déi Technik wäert virugoen.
Kuckt Iech eng Kéier un, wat déi eenzel Batterië gemaach hunn. Fréier hat Der en Handy, do hutt Der
missen e Koffer mathuelen. Haut kritt Der en Handy …,
haut wësst Der emol net méi, an engem Smartphone,
wou d’Batterie verbaut ass an déi eenzel Deeler, esou
kleng ass et ginn. An esou wäert et och mat deenen
anere Produkter goen, déi haut energiehongreg sinn.

Dat entlaascht eis awer net, dass mer trotzdeem alles
musse gi fir aus dem Pëtrol méiglechst schnell eraus.
An do ass grad de Staat fir eis Piraten an der Verantwortung, well dee muss eigentlech e Virbildfacteur hunn.
Wann een elo kuckt, dass do zum Beispill déi meescht
Gebaier nach mat enger fossiller Energie versuergt
ginn, da kann dat fir eis einfach net sinn. Dofir wäert
ech och eng Motioun deposéieren, dass de Staat soll
bis 2030 op all senge Gebaier, wou et méiglech ass,
Solar installéieren.
Et ass awer och de Fuerpark vum Staat. Ech hat elo
eng rezent Question parlementaire, wou e grénge Minister der Police erëm lauter fossill Autoe kaaft huet.
Bon, ech mengen, de Staat ka vill schwätzen, dass
mer eraus wëllen, mee muss et awer iergendwéi och
als Virbild liewen.
Well et ka jo net sinn, dass de Staat higeet an nach ëmmer dat schlecht Produkt vun de fossille Brennstoffer
verbraucht an de Leit awer seet, si sollen ëmklammen.
An dat ass ee vun de Problemer. Et muss een et ganz
virliewen. Och mir als Chamber mussen et virliewen.
Och mir als Chamber mussen eise Footprint kucken.
Huele mer d’Kommissiounen: Firwat net och an deene
Kommissiounen, wou ee keng kontrovers Diskussiounen huet, einfach emol soen, mir maachen déi vum
Homeoffice aus, soudass mer deementspriechend déi
fossill Produkter do schonn aspueren, just als Klengegkeeten? Mee dat sinn awer déi Symboler no baussen,
wou d’Leit herno soen: „Hei kuck, déi maachen et och!“
Mir sinn och keng Fannen dovun, fir elo bei anere
Länner wéi dem Katar … Also, de Katar ass jo virdrun
och hei erwäänt ginn, e gouf d’lescht Woch schonn erwäänt an der Diskussioun, ech fannen dat elo net eng
lupenrein Demokratie, wou een elo onbedéngt muer
muss akafe goen. Also, et muss een och virsiichteg
sinn, wann een elo vun engem Schlechte bei een anere
Schlechte geet. Do muss ee ganz virsiichteg sinn, wann
ee sech grad wëllt ofhängeg maache mat, zum Beispill
hei an dësem Fall, Flësseggas.
Bei de Sanktioune fir Russland si mir guer net averstane mat der Positioun, déi d’Regierung oder bezéiungsweis d’Finanzministesch gëschter um 100,7
ugedeit huet, déi dat emol einfach als Realpolitik ofgedoen huet, dass ee weiderhi géif Pëtrol a Gas aus
Russland kafen. Dat versti mir Piraten net!
Mir Piraten sinn éischter op der Linn, dass mer nach
léiwer gëschter wéi haut aus dem Pëtrol an dem Gas vu
Russland missten erausklammen an net einfach kënne
soen, dass mer weiderhin dee Krich finanzéieren, just
well dat – wéi hat se gesot? – „Realpolitik“ wär. Dat ass
fir eis Piraten onverständlech. An ech hoffen och, dass
d’Regierung hir Positioun do wäert änneren.
Wou mir Piraten der Regierung awer eise volle Support
ausschwätzen, ass fir alles, wat se a Richtung vun Ëmwelttechnike virundreift. Dofir begréisse mer och, dass
déi Ëmweltprimmen, zum Beispill fir d’Elektroautoen,
wéi et gëschter ugekënnegt ginn ass, verlängert gi
sinn. Dat ass eng Etapp.
Et kommen nach ganz vill Etappen, wann ech esou an
der Ëmweltkommissioun kucken, wou och dat kënnt
mat de Luedstatiounen, wou de Moment nach ganz vill
Projeten an der Pipeline sinn. An do kann d’Regierung
och op de Support vun de Piraten zielen, wann et drëm
geet, fir op alternativ Energien ze setzen.
Merci.

Zesummenhang posts

Dës Motioun gouf mat Hëllef vun enger kënschtlecher Intelligenz (KI) erstallt. Als KI weisen ech op potenziell Risiken hin, déi mam Asaz vu kënschtlecher
Context: Interpellation n°4461 : Enjeux liés à la digitalisation et à l’intégration de l’intelligence artificielle dans les services publics D’Chamber vun den Deputéierten stellt
PEGASUS: dat ass eng Software, déi vu Staaten kaf gëtt fir Mënschen op hiren Handyen z’iwwerwaachen. Dës Software gouf schons vu Regierungen agesat, fir