Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet des structures d’accueil et du bien-être des enfants accueillis

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech wëll als Éischt der CSV Merci soen, fir dës Heure d’actualité ugefrot ze hunn. Vill Eltere kéinten elo hei hir perséinlech Erfa- rungen an Anekdoten erzielen, an zum Deel gouf dat jo och haut scho gemaach. A wann Dir Iech wonnert, firwat meng Stëmm haut esou kléngt, wéi se kléngt, da läit dat dodrunner, datt mäi Meedchen och an d’Crèche geet an, wéi déi, déi Kanner an enger Crè- che hunn oder haten, wëssen, alles Méigleches mat heembréngt an datt deementspriechend d’Stëmm méi wéi eng Kéier am Joer e bësse maltraitéiert kléngt.

Betreiung ass e ganz wichtegt Theema an dofir, mengen ech, ass et wichteg, datt mer haut eng Kéier driwwer schwätzen, well an der Press konnt een ëmmer nees Artikelen iwwert d’Structures d’accueil liesen, déi bei eis dach awer grouss Bedenken er- virruffen, Bedenken, wat d’Politick vun der aktueller Regierung an deem Beräich ugeet. An ech wëll ganz bewosst net de ganze Secteur schlechtmaachen, mee et sinn awer Problemer do an et muss elo séier ge- handelt ginn, well – an dat däerf net ze kuerz kom- men – et geet ëm d’Wuel vun de Kanner!

Wann een da liese muss, datt ëmmer méi Kanner ver- halensopfälleg ginn a Problemer mat der mentaler Gesondheet hunn, dann ass et net méi fir ze schlofen. D’Kanner kräische vill, si midd, streide vill respektiv

jeudi 9 mars 2023 13 | 52 reagéieren aggressiv. Ronn 10 % vun de Kanner sol-

len haut verhalensopfälleg sinn – 10 %! Dat ass esou, wéi wann der sechs vun eis heibanne verhalensopfäl- leg wären.

(Hilarité générale, interruptions et coups de cloche de la présidence)

Datt vill Kanner ze vill Zäit a Strukture verbréngen, ass fir eis dann och keen Zeeche vun enger gudder Qua- litéit, am Géigendeel! Vill Kanner hu keng Bezuchs- persoun méi, si verbréngen dacks zéng bis zwielef Stonnen den Dag a Strukture mat wiesselndem Per- sonal. Eng Bezuchspersoun ass awer grad an der Ent- wécklung vu klenge Kanner enorm wichteg, well eng gesond Bindung ass d’Basis fir déi spéider Bildung.

Schonn haut weise vill Kanner Verzögerunge bei hi- rer Entwécklung op. An ech schwätzen net nëmme vun deem, wat een an de Sportsveräiner gesäit, datt d’Kanner haut e Ball net méi fänken, geschweige da puche kënnen, mee tatsächlech ass dat an alle Be- räicher vun der Bildung.

Bindungsexperte recommandéieren, datt op een Edu- cateur maximal dräi Kanner ënner dräi Joer komme sollten. Kanner mat enger Behënnerung brauchen dacks eng Eent-zu-eent-Betreiung. Ënner sechs Méint géif e Kand laut Experten dann och guer net an eng Betreiungsstruktur gehéieren. Wéi kann et da sinn, datt mer awer Crèchen hunn, déi ab zwee Méint Kan- ner ophuelen? An och e Familljeliewen ass domat net méi existent.

Dat ass kee Virworf un d’Personal, well de momen- tane Personalschlëssel ass dann och erëm fir Expert- en eng eenzeg Katastroph. Si maachen alles dofir, d’Kanner beschtméiglech ze betreien. D’Resultat: vill Stress, Iwwerfuerderung, deelweis Verzweiflung, Burnout. D’Konsequenz: Krankeschäiner, well se ein- fach vill ze vill Kanner gläichzäiteg betreie mussen.

Wéi d’Martine Hansen virdru gesot huet: „Stellt Iech emol vir, Dir misst de ganzen Dag op Är sechs Kanner oppassen“, hunn ech kuerz am Kapp iwwerluecht … Et gëtt e Grond, firwat ech eemol Papp sinn an net sechsmol Papp sinn, an dat läit net nëmmen un der renger Fonctioun dovunner, mee einfach, well ech mer och net virstelle kéint fir mech perséinlech, op sechs Kanner de ganzen Dag opzepassen a fir déi sechs Kanner de ganzen Dag ze suergen.

M. Claude Meisch, Ministre de l’Éducation natio- nale, de l’Enfance et de la Jeunesse | Firwat esou fréi schonn opginn?

M. Sven Clement (Piraten) | Ech hunn definitiv op- ginn. An ech kann Iech assuréieren, datt et keng sechs Kanner vu mir wäert ginn! Dat ass …

(Hilarité et interruptions)

M. Gilles Baum (DP) | Dir kuckt eréischt an d’Welt, Här Clement!

(Coups de cloche de la présidence)

M. Sven Clement (Piraten) | Et ginn ëmmer méi Iw- werstonne gemaach an et géifen heiansdo souguer Congésdeeg gestrach ginn, fir datt de Service ka ga- rantéiert ginn. Jo, mir hunn e Mangel u qualifizéier- tem Personal, …

Ok, ech muss dat mat de Kanner vläicht awer nach eng Kéier iwwerdenken.

… mee da muss ee Léisunge proposéieren, zum Bei- spill deene Leit, déi eng Alternativ géife wielen, wa se dofir eng gutt Ënnerstëtzung géife kréien an et sech domat leeschte kéinten, hir Kanner net an eng Betreiungsstruktur ze ginn, zum Beispill andeems een de Chèque-service accueil un d’Elteren ausbezuelt, déi hir Kanner wëllen doheem a kënnen doheem be- treien.

Mir wëllen natierlech elo net zréck an d’Zäiten, wou d’Fra ganz opgehalen huet mat schaffen, fir doheem bei de Kanner ze bleiwen. Dofir fuerdere mer zum Beispill och rezent an engem Zeitungsartikel, datt mer de Congé de maternité postnatal fir d’Elteren- deeler gläichsetzen, nämlech datt d’Männer deen nämmlechte Congé de maternité postnatal kréie wéi d’Fraen. Mee mir wëllen eng Alternativ fir déi Leit, déi bei enger gudder Ënnerstëtzung géife manner schaf- fen an dofir d’Kanner méi doheem géife betreien – y inclus a virun allem och d’Männer!

Dat ass natierlech net fir all Famill eng Léisung, mee et géif méi Leit de Choix loossen, fir méi Zäit fir hir Kanner ze hunn an trotzdeem finanziell iwwert d’Ron- nen ze kommen.

D’Fro, déi sech haut stellt, ass: Wéi laang loosse mir d’Kanner de Präis vun der aktueller Politick bezuelen? An all déi Problemer, déi ech genannt hunn, léise mir sécher net mat engem DAP Educatioun!

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

D’Piraten hu sech iwwert déi lescht Joren fir den TICE staark gemaach mam Ziil, den Erhalt vum ëffentleche Bussyndikat ze garantéieren an eng Privatiséierung
D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier