Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet des mesures pouvant contre-carrer la hausse des prix des carburants

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, kommt, mir maachen
de Leit dach näischt vir: D’Präisser, déi ginn net hei
zu Lëtzebuerg gemaach. D’Präisser ginn net vun der
Regierung mat iergendengem Bic do einfach esou festgesat, wéi se grad denken. Dat wär schéin, da wäre se
vläicht méi bëlleg. Vläicht wäre se och méi deier. Mee
d’Präisser ginn um globale Marché gemaach. A firwat si se am Moment esou héich? Ma dat ass, well eis
wirtschaftlech Reprise e gutt Stéck méi séier an e gutt
Stéck besser war, wéi mer dat geduecht haten.
No Covid waren einfach verschidde Capacitéiten net
do, fir erëm séier ze produzéieren. Doduerjer sinn
d’Präisser als Éischt an d’Luucht gaangen. An dunn
huet e verréckten Autokrat decidéiert, en onschëllegt Land ze iwwerfalen. An doduerjer sinn d’Präisser
nach eng Kéier an d’Luucht gaangen. Dat ass net op
d’Steierpolitik zréckzeféieren, marginal, dat ass virun
allem drop zréckzeféieren, datt et op de globale Marchéen esou ausgesäit, wéi et elo ausgesäit. An et wäert
och weider esou ausgesinn, well soulaang mer u fossille Brennstoffer festhalen, wäerte mer alleguerten eis weiderhin an Ofhängegkeete vun Autokrate beginn oder vu Regimmer, déi d’Mënscherechter just mat de Féiss trëppelen. An ech mengen, och dat muss ee soen.
All Präis, deen haut um Marché gemaach gëtt, all Euro,
dee méi verdéngt gëtt mam Pëtrol, kënnt als Éischt de
Pëtrolsmultien an in fine verschiddene Scheichen oder
Autokraten zegutt. An dofir maache mir déi héich Präisser als Éischt Suergen.
Als Zweet maache mer d’Präisser Suergen, well et
grad déi trëfft, déi näischt derfir kënnen. Et trëfft déi
Leit, déi eebe kee Choix hunn. Déi Leit, déi sech et eeben net konnte leeschten, an deene leschte Joren eng
Wäermepompel ze installéieren. Déi Leit, déi lounen
an drop ugewise sinn, wat hire Bailleur an d’Haus gesat huet. Déi Leit, déi op den Auto ugewise sinn, fir
op d’Aarbecht ze fueren, an dat meeschtens net mat
deem ekologeschsten Auto, well einfach d’Sue fir
deen net do waren.
An déi Leit ginn elo fir d’Zweet, fir d’Drëtt a fir d’Véiert
gestrooft. A genau deene Leit musse mer selektiv hëllefen. Mir mussen net dem Chef d’entreprise hëllefen,
dee mam Porsche vu Frankfurt op Lëtzebuerg kënnt.
Mir mussen net deem hëllefen, dee vun der Stad aus
senger Garage bis an d’Parkplaz an der Stad fiert mat sengem décken Auto. Deem musse mer net hëllefen.
Dee kann op den ëffentlechen Transport zréckgräifen.
Mir mussen awer deene Leit hëllefen, déi moies um
05.00 Auer mussen an der Stad sinn a sech et wéinst
hire klenge Paien net leeschte kënnen, an der Stad ze
wunnen. Déi also net nëmme méi wäit ewech wunnen, soudatt se net kënne mam Vëlo fueren, mee déi
och nach zu Auerzäite musse schaffen, déi mer alleguerten als penibel géife beschreiwen an déi dofir
net kënne mam ëffentlechen Transport fueren.
(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)
Une voix | Très bien!
M. Sven Clement (Piraten) | An ech mengen, genau
do muss een usetzen a selektiv Hëllefen usetzen: Dofir
hu mer och ëmmer vun engem Klimabonus geschwat.
Mir mussen de Leit hëllefen, hir Depensen ze meeschteren, an net de Multien an de Scheichen.
Déi 7,5 Cent op der Pompel, genau wéi déi 30 Cent
an Däitschland – ganz vill Kommentatoren hunn dat
scho gesot –, dat ass warscheinlech eng vun deenen
dommsten Entscheedungen, déi d’Politik jee eng
Kéier konnt huelen, well déi Sue si quasi direkt an
d’Täsch vu genau deene gefloss, déi et net gebraucht
hunn: de Pëtrolsmultien, de Scheichen, den Autokraten, deenen d’Mënscherechter relativ wurscht sinn.
An déi Suen, déi mer dofir ausginn, déi feelen op
anere Plazen. Déi feelen, fir eng fair energeetesch
Transitioun ze maachen. A just fir ze zitéieren, wat virdrun zitéiert gouf – et gouf jo eng Studie iwwert den
Tanktourismus –, ech hunn haut scho vill verschidden
Zuelen héieren, ech hu se dofir nach eng Kéier extra
nogekuckt: De Professer huet vun 2,1 Milliarden
Akommes geschwat, pro Joer, an en huet awer och
vun 3,5 Milliarde Käschte geschwat.
An dat heescht u sech, datt de Lëtzebuerger
Steierzueler – verstoppt – de bëllege Brennes fir eis
Nopeschlänner matfinanzéiert huet déi lescht Joren.
Wann 2,1 Milliarden Akommes versus 3,5 Milliarde
Käschten do stinn, heescht dat näischt aneres, wéi
datt den Tanktourismus defizitär ass.
An da gëtt et eng weider Studie vum däitschen Institut
fir Wirtschaftsfuerschung – iwwregens en Institut, dat
éischter no bei der Wirtschaft ass wéi bei soss eppes –,
dat dann eng Kéier ausgerechent huet, wat dann esou
en Euro, deen ee fir de Klimawandel ausgëtt, aspuert u
Käschte fir d’Gesellschaft, an et ass op eng Quot komm
vun 1 Euro zu 15. Dat heescht, déi 75 Milliounen Euro,
déi mer elo net fir de Klimaschutz ausginn hunn, mee
fir en Tankrabatt a fir aner Moossnamen, dat sinn 1,12
Milliarden Euro Käschte respektiv Suen, déi mer hätte
kënnen aspueren.
Dat ass de Levier, mat deem mer schaffen, an dee Levier musse mer notzen. An dofir, Här President, léif
Kolleeginnen a Kolleegen, si mir ganz kloer fir selektiv
Moossname fir déi Stéit, déi et brauchen, fir déi Leit,
déi op den Auto ugewise sinn, well se am ländleche
Raum wunnen an zu Auerzäite musse schaffen, wou
se eeben net mam ëffentlechen Transport oder mam
Vëlo kënne fueren. Mir mussen op Teletravail setzen,
do, wou et méiglech ass, mee och do ass dat erëm eppes fir déi Privilegiéiert, déi Leit, déi um Büro schaffen,
net fir déi Leit, déi moies fréi op der Schicht schaffen
oder déi de Büro, deen dann net genotzt gëtt, botze
mussen. A genau dofir brauche mer definitiv selektiv
Moossnamen.
Eng Propos, déi mer schonn e puermol gemaach
hunn – an do waarde mer of, wat déi nächst Zuelen
elo zur TVA soen –, ass ze kucken, wat mer dann u Méirecetten op der TVA hunn. Déi sollte mer op alle Fall
ëmverdeelen, onofhängeg dovun, wat soss am Staatsbudget geschitt, an da musse mer d’energeetesch
Transitioun weiderféieren. Mir musse jiddwerengem
hëllefen, esou energieautark ze ginn, wéi et nëmme
méiglech ass, a mir mussen do usetzen, wou et bei de
Leit am meeschte wéideet, an dat ass bei deene Leit,
déi wierklech keen anere Choix hunn. Mir musse kee
Luxus finanzéieren, mir mussen déi elementar Iwwerliewensfäegkeet vu all Eenzelem garantéieren, an dofir
setze mir eis an.
Ech soen Iech Merci.

M. Sven Clement (Piraten) | Jo. Merci, Här President.
Et ass u sech eng Fro un de Minister, well de Minister
huet gesot, datt mer alleguerte sollte Gas spueren
a virun allem och kee Gas méi sollte verwenden. Do
ass haut eng Äntwert op eng Question parlementaire
vu mengem Kolleeg, dem Marc Goergen, komm,
wou de Staat eis selwer gesot huet, datt zënter 2016
1.100 abordabel Wunnenge gebaut goufen, mee vun
deenen 1.100 abordabele Wunnengen der 52,9 %
mat enger Gasheizung gebaut goufen. Wéi verbënnt
de Minister béid Aussoen, mir sollte Gas spueren, a
gläichzäiteg eng Regierung, déi awer déi lescht sechs
Joer zumindest massiv an den abordabele Wunnengen nach Gasheizunge verbaut huet?

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat