Heure d’actualité du groupe politique  CSV au sujet de l’organisation du travail

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, wéi stelle mir Piraten eis d’Aarbecht vu muer vir? Wéi solle mer haut scho schaffen? Kloer fir eis ass, datt et eng modern Aar- bechtswelt muss sinn, wou jidderee sech erëmfënnt, wou et eng Work-Life-Balance gëtt, wou ee fir seng Aarbecht gerecht bezuelt gëtt. Et ass eng Aarbechts- welt vun haut a vu muer, wou de Mindestloun net dierf belaascht ginn. Wann et drëms geet, sozial On- gerechtegkeeten ze bekämpfen, wann et drëms geet, net nach weider Leit an an ënnert d’Aarmutsgrenz ze drécken, da mussen d’Leit um Mindestloun steierlech erliichtert ginn, virun allem déi Alengerzéiend.

E weidere wichtege Punkt fir eis Piraten ass, datt déi Leit, déi elo an enger Mesure d’emploi sinn, déi sel- wecht Rechter kréien …

(Interruption)

Här Baum?

M. Gilles Baum (DP) | Entschëllegt … Ech wollt awer e Wuert dozou soen och.

M. Sven Clement (Piraten) | Dir kënnt mer gären herno eng Fro stellen.

M. Gilles Baum (DP) | Nee, ech wollt Iech eppes soen, ech wollt Iech keng Fro stellen.

M. Fernand Etgen, Président | Här Clement, Dir hutt nach ëmmer d’Wuert.

M. Gilles Baum (DP) | Ech entschëllege mech, Här Clement, fir d’Ënnerbriechung.

M. Sven Clement (Piraten) | E weidere wichtege Punkt fir eis Piraten ass, datt déi Leit, déi elo an enger Mesure d’emploi sinn, déi selwecht Rechter sollen hu wéi déi Leit, déi e CDD oder e CDI hunn. Wann et zum Beispill ëm de Congé exceptionnel geet, wann een enke Familljemember stierft, wann d’Mamm stierft, wann de Jong stierft, hunn déi Leit dee Congé net ze- gutt am Moment. Dat fanne mir Piraten inacceptabel. Mir sinn der Meenung, datt déi selwecht Aarbecht och soll d’selwecht unerkannt ginn.

Fir eis Piraten misst haut och schonn den Ausbau vu Coworkingspaces weidergoen, déi Büroen, déi mer virun allem an der Grenzregioun fannen, sinn an eisen Aen e Puzzlestéck am Kampf géint d’Mobilitéits- problemer. Ech mengen nämlech, et ass evident, datt mer ëmmer méi e Problem mam Verkéier hei zu Lëtze- buerg kréien. Et muss een de Leit, déi aus der Grouss- regioun kommen, erméiglechen, méi kuerz Weeër fir op d’Schaff ze maachen an doduerch manner Zäit ze verléieren, well nëmmen esou kënne mer hire Beruff erëm attraktiv maachen. Well mir mussen eis jo awer bewosst sinn, léif Kolleeginnen a Kolleegen, datt d’Aar- becht hei am Land ëmmer manner attraktiv gëtt, wat d’Stauen op der Strooss méi schlëmm sinn.

Da geet et natierlech och iwwert den Teletravail, wou mir Piraten ganz d’accord sinn, datt do, wou den Tele- travail méiglech ass, de Patron deen och erméigleche soll. Den Teletravail ass mëttlerweil eppes, wou d’Aar- bechter immens vill Wäert drop leeën a wou se och an Zukunft wäerte Gewiicht drop leeën. A mir gesinn dat, jiddwereen, deen an der Lescht Entretiene ge- fouert huet, mierkt dat, datt eng vun den éischte Froen ass: Wéi vill Deeg Teletravail gëtt et?

Dat ass also elo einfach en Deel vun deem, wat d’Leit sech erwaarden, wa se eng nei Aarbecht sichen. Do- fir ass et och am Interêt vum Patron, senge Leit do, wou et méiglech ass, den Teletravail ze erméiglechen.

Natierlech muss een awer och un déi Leit denken, déi keen Teletravail maache kënnen an déi ni an hirem Liewe wäerten Teletravail maache kënnen.

Lëtzebuerg muss nach attraktiv fir Handwierker, jo fir Leit am Service bleiwen. Dat ass kolossal wichteg, well mat nëmme Leit am Teletravail geet eis Ekono- mie awer zu Gronn.

Also, wéi bleiwe mer als Land nach attraktiv fir déi, deene mer keen Teletravail kënnen erméiglechen? Flexibel Aarbechtszäite mussen do dra spillen, datt ee méi fréi oder méi spéit kann ufänke mat schaffen an datt een dee Moment eeben net an d’Rushhours fält. Den Haaptpunkt fir eis ass et awer kloer, steierlech Incentiven ze schafe fir déi Leit, déi haut nach mussen all Dag op hir Aarbecht fueren, sief dat an d’Stad, sief dat enzwousch anescht. Dat geet zum Beispill iwwert d’Kilometerpauschal, wou mir Piraten schonn d’lescht Joer hei an der Chamber gefuerdert hunn, datt se soll vun 99 Euro op 115 Euro pro Unitéit klammen. Dës Fuerderung bleift bestoen en vue vun den héijen Ener- giepräisser an der Kompetitivitéit, déi mer hei ëmmer méi verléiere fir Leit, déi vu méi wäit kommen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, zum Schluss soen ech Iech, soen ech natierlech och dem Marc Spautz Merci fir d’Ufro vun der Aktuali- téitsstonn, aleng scho well et en Theema ass, wat, mengen ech, alleguerten am Moment beschäftegt a wat op der politescher Agenda ganz uewe steet. Ech mengen, wa mer all déi Punkten, déi ech opgezielt hunn, géifen zäitno ëmsetzen, kéinte mer en Deel vun der Work-Life-Balance, vun där mer alleguerten hei- banne schwätzen, ëmsetzen. Mir kéinten dofir suer- gen, datt Lëtzebuerg attraktiv bleift par rapport zum Ausland. Mir géifen dofir suergen, datt déi selwecht Aarbecht d’selwecht vill wäert ass. Dat sinn also déi Stellschrauwen, un deene mir als Piraten géifen dréi- nen, fir datt d’Aarbechtswelt vu muer weiderhin at- traktiv ass.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an