Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de l’évolution des ventes de cigarettes et du tabac à fumer et des re- cettes résultant de ces ventes

M. Sven Clement (Piraten) | 6 % vun de Longekriibs- erkrankunge sinn op Passivfëmmen zréckzeféie- ren. Jee méi fréi een ufänkt mat fëmmen, desto méi grouss de Risiko, dass een am Liewen eng Kéier Lon- gekriibs kritt.

De Risiko verduebelt sech nämlech, wann ee mat 15 Joer ufänkt, par rapport zu engem Ufank mat 20 Joer. Fënnef Joer Ënnerscheed, eng Verduebelung vum Ri- siko. Dat sinn Zuele vun der Fondation Cancer, fir dës Debatt awer an e Kontext ze setzen. Dofir, den éischte Constat: Fänkt am beschten net un!

Une voix | Très bien!
M. Sven Clement (Piraten) | A loosst Iech hëllefen,

wann Der wëllt ophale mat fëmmen!

Mir Piraten sinn eng fräiheetlech Partei a mir wëllen och kengem opzwéngen, wat e mat sengem eegene Kierper maachen dierf. Mir wëssen alleguer awer, wéi schlecht d’Fëmmen och fir d’Gesellschaft ass. Et gëtt mëttlerweil, trotz joerzéngtelaange Beméiunge vun

der Zigarettelobby, genuch wëssenschaftlech Etüden

dozou.

Mee meng Fräiheet ze fëmmen hält do op, wou deem anere seng, gesond ze bleiwen, ufänkt! Passivraachen ass schiedlech a steigert de Kriibsrisiko. Dofir muss d’Fëmmen an zouene Raim reduzéiert ginn. Hei steet all Fëmmert an der Verantwortung, fir säi Choix ken- gem aneren opzedrängen. Hei steet awer och de Staat an der Verantwortung. An ech denken, déi lescht Tu- baksgesetzer, déi hei an der Chamber gestëmmt gou- fen, si generell an déi richteg Richtung gaangen.

Mir mussen d’Zigarette virun allem vun de Kanner a Ju- gendlechen ewechhalen an eis weeder op nationalem nach op internationalem Plang vun der Zigarettelobby beaflosse loossen. Déi grouss Zigarettekonzerner set- zen elo op eng quote/unquote „smoke-free“ Zukunft, eng Zukunft, wou den Nikotin net méi soll mam Tubak verbrannt ginn, wou awer natierlech nach ëmmer Ni- kotin dran ass. Dëst ass virun allem bei den E-Zigaret- ten an dem Vaping de Fall.

Hei ass et, och eiser Meenung no, wou nach misst nogebessert ginn, well déi sougenannten, an ech zitéieren aus dem Text vun der Direktiv a vun eisem aktuelle Gesetz, „produits de vapotage“ – ech si ganz éierlech, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech wär net op deen Term komm, fir Vaping ze beschreiwen, mee d’Fransousen hunn nun emol en Term fir alles; vive l’Académie française, muss een do bal soen –, déi sinn awer net vun den Akzise betraff. An d’Ver- keeferin an de Verkeefer brauchen och net emol eng Autorisatioun vun der Douane, fir se an d’Vente ze ginn, au contraire vum Tubak, obwuel och hei Niko- tin dran ass. An Nikotin ass noweislech e schiedlecht Nervegëft.

Dat heescht, hei muss ee sech d’Fro stellen: Maache mer eppes géint d’Fëmmen? Oder maache mer eppes géint d’Nervegëft Nikotin? An ech mengen, déi Fro sollt ee sech hei awer eng Kéier stellen, wa mer … Mir puchen ëmmer fëmmen esou an ee grousst Dëppen. Da gëtt awer eventuell och nach de rekreative Canna- bis mat an d’Dëppe gepucht, woubäi do aner Saache verbrannt ginn a keen Nikotin dran ass. Bon, dofir aner Saachen.

Une voix | Très bien!

M. Sven Clement (Piraten) | Ech wëll elo net an den Detail goen. Ech halen et awer virun allem fir geféier- lech, well déi Produite vum Vaping, déi kommen aus der ganzer Welt! A grad wéi beim Tubak missten d’Verkeeferinnen an d’Verkeefer hei awer fir d’Quali- téit vun hirem Produit responsabel sinn an net nëm- men den Hiersteller, deen eng Autorisation de mise sur le marché brauch.

Och si mir Piraten der Meenung, dass méi grouss Strofe mussen op d’Leit waarden, déi eis Stroossen an d’Ëmwelt mat Zigarettestëmp verschmotzen. Wann ee mat engem eenzege Stomp 40 Liter Grondwaas- ser ruinéiert, an et 400 Joer dauert, bis se sech am Waasser zersetzen, da muss dat och deementsprie- chend Konsequenzen hunn. Well hei gëllt och erëm: Deem enge seng Fräiheet hält do op, wou se engem anere seng Fräiheet op eng gesond Natur aschränkt. An d’muttwëlleg Verschmotze vum Grondwaasser betrëfft eis alleguerten. Et gëtt mëttlerweil genuch Dreckskëschten, an et kann een ëmmer e puer Meter mam Stomp an der Hand trëppelen. Hei gëtt et keng Excusen, a wien an der Stad Lëtzebuerg trëppelt, ka souguer nach reegelméisseg bei deenen obskuersten Ofstëmmunge mat Jo an Nee ofstëmmen, andeem e säin Zigarettestomp entsuergt.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat sinn also zwee Punkten ausserhalb vun deenen Theemen, déi haut schonn ugeschwat goufen, wou mir Piraten

denken, dass misst nogebessert ginn. Eng besser Welt wier eng Welt ouni Zigaretten.

Mee well mer hei net bei „Wünsch dir was!“ sinn, musse mer hei an der Chamber realistesch Usätz hunn a gläichzäiteg eist Méiglechst maachen, fir d’Leit virun de Gesondheetsrisiken, déi duerch d’Fëm- men an den Nikotin entstinn, ze schützen.

Ech soen Iech villmools Merci fir d’Nolauschteren an dem Gilles Roth villmools Merci fir d’Ufro vun dëser Aktualitéitsstonn. Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a