ACCOUNT

Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de la mise en oeuvre de l’étude Rifkin

M. Sven Clement (Piraten)

Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, smart economy“, „prosumer“, „circular economy“, dës an nach ganz aner Anglizisme waren an de leschte Joren d’Trendwierder a ville Ministèren. Et wéilt een et aneschters maache wéi all déi aner virdrun: besser

Une voix | Genau!
M. Sven Clement (Piraten) | … nohalteg, zirkulär!
(Interruption)
Eng drëtt industriell Revolutioun gouf ugekënnegt. Iwwert d’Ziele vun deenen industrielle Revolutioune loossen ech mech elo net aus, well aleng dofir géif meng Zäit komplett dropgoen. Ob mer dann elo
wierklech bei der drëtter oder vläicht souguer scho bei der véierter misste sinn, ass nämlech och eppes, wat breet debattéiert gëtt.
De sougenannte Rifkin-Prozess, benannt also nom amerikaneschen Ekonomist a virun allem Publizist Rifkin, soll Lëtzebuerg prett maache fir dat 21. Joerhonnert – ewech vu fossillen Energien, baséiert op erneierbaren Energiequellen. Fir dës wäertvoll Energien net ze verbëtzen, mussen d’Objeten, déi domadder gefiddert ginn, esou ressourceneffizient wéi nëmme méiglech konzipéiert ginn. An dat féiert eis dann zu der Digitaliséierung an der Prozessoptimiséierung.
Duerch en Zesummeleeë vun den digitale Strukture gëtt all Objet fir säi Gebrauch optiméiert. „Minimal
input, maximal output, superb quality“, an intelligent solle se och nach dobäi sinn.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Piraten si mer de
verschiddenen Aspekter vum Rifkin-Prozess net ofgeneigt, well verschidde Punkte spigelen exakt dat erëm,
wat mer eis u sech vun enger moderner an digitaler
Gesellschaft géifen erhoffen. All Biergerin a Bierger sollt an dëser Gesellschaft, der Visioun no, eng Matgestaltungsméiglechkeet hunn, soll Deel sinn, soll net nëmme Konsument sinn, mee soll tatsächlech kënne gestalten, kënne participéieren. Wëssen a Konscht
géife fräi zirkuléieren an „l’usage prime sur la propriété“. Dat entsprécht dach genee eise Leitiddie vun enger fräier a selbstbestëmmter Gesellschaft. Mee: D’Realitéit ass aktuell eng aner! De fräien Internet ass net wierklech fräi. E Beispill dofir wäerte mer
haut nach eng Kéier diskutéieren. Mir hunn d’Copyright-Direktiven, déi d’Majoritéit haut no dëser Aktualitéitsstonn dann ofstëmme wäert an déi d’Notzung vum Internet net méi fräi, mee éischter manner fräi wäerte maachen. Duerch déi Gesetzer maache mer
nämlech de Wee fräi fir Uploadfilteren, staatlech virgeschriwwen Zensuren, déi den Zougang zum fräien Internet wäerten aschränken. Mee dorop kommen ech herno nach eng Kéier zréck.
Här President, et ass e wäite Wee vun engem renge
Wonschdenke bis zur Realiséierung vun enger wierklech neier Wirtschaftsuerdnung. Dem Rifkin seng sougenannt „new economy” baut nämlech op enger Entkoppelung tëscht Energie a Wirtschaftswuesstem op. An hei ass ze erkennen, datt Lëtzebuerg nach ëmmer eng „old economy“ ass amplaz vun enger „new
economy“, wéi d’Regierung eis wéilt gleewen doen.
An dofir brauche mer eis u sech just d’Zuele vum Statec unzekucken. Dobäi kann een nämlech observéieren, datt de Wirtschaftswuesstem zu Lëtzebuerg nach ëmmer Hand an Hand geet mam Wuesstem vun den Aarbechtsplazen an dem doraus logescherweis resultéierenden demografesche Wuesstem. D’Entkopplung vun eiser Ekonomie vun de klassesche Produktiounsfacteuren Aarbecht a fossill Energien ass zurzäit SollStatus an nach ëmmer net gelongen.
Mir sollten eis dofir hei keng falsch Illusioune maachen. „New economy“ kléngt gutt, schéine Sticker, schéine Stempel! Mee fir eng wierklech nei Ekonomie ze kréien, brauche mer och nei sozial Modeller, déi dorobber ofzilen, d’Participatioun an d’Méiglechkeet
vum Eenzelnen ze erhéijen an d’Deele vu Gidder méi ze stäerken. Alles aneschters leeft soss dorobber eraus, datt déi, déi elo schonns vill hunn, weiderhin deenen, déi näischt hunn, hir Reegele vum Spill diktéieren. Dofir plädéiere mir Piraten och weiderhin derfir, datt
mer eis Ekonomie nei gestalte mussen, datt mer mussen iwwer nei Remuneratiounsformen, nei sozial Garantien nodenken a virun allem, datt mer déi Entkopplung vun de klassesche Produktiounsfacteuren
Aarbecht a fossill Energien hikréien. Mee dofir geet et eeben net duer, nëmme schéin Annoncen ze maachen an eng schéi Broschür vum Jeremy Rifkin ze hu respektiv sech op d’Schëller ze klappen, wann een an deem senge Bicher ernimmt gëtt als eng vun de Regierungen, mat deenen ee sou gutt zesummegeschafft hätt.
Nee, et geet net duer, „name-dropping“ ze maachen, mir mussen endlech „action“ weisen – fir bei deenen Anglizismen ze bleiwen. Mir musse weisen, datt mer et kënnen, an net nëmmen driwwer schwätzen. Mir mussen – an dat gouf virdru scho gesot – dach dozou kommen, datt mer op all Daach, wou et méiglech ass, eng Solaranlag drop hunn. Mir mussen et fäerdegbréngen, datt mer méi Energie hei zu Lëtzebuerg produzéieren, wéi dat haut de Fall ass. Mir mussen,
an dat weist den Ukrain-Krich jo nach en plus, méi onofhängeg gi vun externe Facteuren A wa Lëtzebuerg, vu senger Gréisst hier, u sech agill genuch wär, fir et hinzekréien, musse mer et awer
nach ëmmer weisen. A bis elo ass et méi schéint Geschwätz wéi wierklech eppes ze weisen. An dofir gesi mir déi aktuell Ëmsetzung vum Rifkin-Prozess ganz nuancéiert. Mir mengen éischter, datt mat der Ëmsetzung nach net wierklech ugefaange gouf.
Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

De 25te Februar 2022 ass dat neit Denkmalschutzgesetz a Kraaft getrueden. Nom Artikel 18 vum Gesetz kann all Interesséierten an all Organisatioun eng Demande
Haut kruten d’Deputéierten aus der Justizkommissioun een Entworf fir ee Gesetz zu Vorratsdatespäicherung virgeluecht. D’Piraten schwätze kloer vun engem Staubsauger a plaidéiere fir d’Ofschafung
Verschidden Haushalter hei am Land gi mat Fernwärme versuergt, fir hir Wunneng oder hiert Haus ze hëtzen. Och hei sinn d’Präisser a leschter Zäit