Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet de la lutte contre la désinfor- mation 

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt emol e grousse Merci un d’Diane Adehm fir d’Ufroe vun dëser Aktua- litéitsstonn. Datt et wichteg ass, ass, mengen ech, aus- ser Fro. Dat hu mer an de meeschten Interventiounen de Mëtten héieren.

Ech kommen nach eng Kéier op en anert. Virdrun hu mer schonn aus dem Duden héieren, wat Desin- formatioun ass. Ech war an de Larousse kucken. Do ass d’Verb „désinformer“ nämlech nach eng Kéier definéiert als de Fait d’„utiliser les médias pour faire passer un message susceptible de tromper ou d’influencer l’opinion publique“. An ech hunn dat eng ganz flott Definitioun fonnt, well et u sech weist, wou dat ganzt Spannungsfeld ass.

Et ass nämlech an der … Éischtens emol gëtt e Me- dium benotzt. Deementspriechend ass et wichteg, datt mer iwwert déi verschidde Medie schwätzen. An anerersäits och, datt et benotzt gëtt fir ze tromp…, fir u sech ze beaflossen. Et gëtt ëmmer eng Intentioun. Eng Desinformatioun huet ëmmer eng Intentioun. An et ass wichteg, datt mer eis där Intentioun bewosst sinn, wa mer doriwwer schwätzen.

Jiddweree kennt Beispiller. Där goufen haut genuch zitéiert. Mir hunn iwwer Impfe geschwat. Et ginn och Leit, déi nach ëmmer d’Informatioun verbreeden, datt d’Äerd platt wär. Gitt léiwer net eng Kéier op YouTube an tippt „flache Erde“ oder „flat earth“ an! Ech fannen dat ëmmer ganz speziell, virun allem wa se dann un de ronne Mound gleewen. Dann, dat hu mer rezent an der Press erëm gemierkt, datt et Leit ginn, déi der Meenung sinn, datt d’Bundesrepublik Däitschland guer net géif existéieren a walweis eng GmbH oder nach ëmmer besat wär.

An ech schwätzen elo nach guer net vun Desinforma- tiounen a Fakenews iwwer Leit, déi anscheinend … oder Aliens, déi ënnert der Äerd géife wunnen a Kanner géifen iessen, wat derzou féiert, datt dann op eemol eng Pizzagate-Verschwörung behaapt gëtt, wat derzou féiert, datt an Amerika op eemol bewaff- net Leit virun engem Pizzasrestaurant stinn an op dee schéissen. Also, Desinformatioun ka reell Konsequen- zen an eisem Liewen hunn. Dat hu mer net nëmmen eréischt mam Stuerm op de Kapitol gesinn. Fakenews an Hallefwourechte si geféierlech fir d’Demokratie.

An et loosse sech net nëmme Leit am Ausland be- aflossen. Dat hu mer wärend de Coviddemonstratioune

gutt gesinn. Do goufen net nëmmen einfach friddlech Demonstratiounen organiséiert, wat e Grondrecht ass, mee et gouf och nach hannert de Kulissen organiséiert, fir e Chrëschtmaart ze stiermen, fir d’Denkmal vun der Gëlle Fra ze verschampeléieren, an et gouf gegleeft, datt am Wasserwerfer och nach Impfstoff soll dra gewiescht sinn. Wien och ëmmer dann déi Nouvellë verbreet huet, hat warscheinlech e gudden Humor.

Mir dierfen awer d’Risiken net ignoréieren oder op déi liicht Schëller huelen, well, Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, et steet eis net gutt zou, op engem héije Päerd ze sëtzen an ze mengen, dat wär bei eis nëmmen e Randphenomeen oder kee grousse Problem. Well am Summer goufen d’Resul- tater vun enger däitscher Etüd verëffentlecht, bei där erauskomm ass, datt ronn een Drëttel, all Drëtte vun de Jugendlechen, déi sech iwwert déi sozial Me- dien informéieren, ufälleg fir Verschwörungstheorië wier. Dës Zuele sinn, mengen ech, ganz erschreckend a weisen, datt et hei e seriöe Problem gëtt, dee mer mussen direkt ugoen an net däerfen ignoréieren.

Wa mer bei deene Verschwörungstheorië sinn oder bei de Fakenews, Desinformatioun, wéi een et och nennt: Et ginn där och am Moment ganz vill iwwert d’Ukrain. An aus Russland kommen der entweeder iwwer Lëtzebuerg, manner iwwer Lëtzebuerg, ganz vill éischter, déi Däitschland viséieren oder Frankräich viséieren, mee eeben och zum Beispill iwwert de Grain Deal mat der Ukrain, wou behaapt gëtt, datt déi Käre guer net do géifen ukommen, wou se hi sollen. An och dat ass widderluecht. Do muss ee sech just ukucken, wou déi Schëffer sech beweegen, da kann een dat ganz einfach noweisen.

Fakt ass, datt haut Desinformatioun zur hybrider Krichsféierung gehéiert an als Outil agesat gëtt, fir Krich ze féieren. An däers musse mer eis bewosst sinn. Ech hu virdrun ugefaangen, vun der Intentioun ze schwätzen. A mir mussen eis u sech bei all Infor- matioun, déi vehikuléiert gëtt, ëmmer d’Fro stellen: Wat ass d’Intentioun derhannert?

Wéi komme mer dann do eraus? Dat ass, mengen ech, d’Fro, déi sech och nach gestallt gëtt. Ma mir brauche Mediekompetenz. Bon, dat kléngt gutt. Dat geet awer net duer, well éischtens héiert et sech ein- fach un, et ass awer schwéier ëmzesetzen. Et gouf vir- dru scho gesot: Net jiddweree geet méi an d’Schoul. Dat heescht, nëmme bei der Schoul unzesetzen, ass ze kuerz geduecht. Erwuessenebildung ass eppes ganz Komplexes, da si mer séier bei der Formation continue. Ech mengen, datt mer et mussen zum Deel anescht ugoen.

Mir brauchen eng staark Press a mir brauchen trans- parent Autoritéiten, déi et guer net eréischt zu Inter- pretatiounsdifferenze vun den Donnéeë komme loossen. Well Desinformatioun kontréiert een net mat Aschränkunge vun der Meenungsfräiheet, mee mat méi a besserer Informatioun.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a