Heure d’actualité de la sensibilité politique Piraten au sujet de l’organisation dela sécurité publique.

M. Marc Goergen (Piraten)

Merci, Här President.

Als Piraten hu mir dës Aktualitéitsstonn ugefrot ronderëm Sécherheetsfirmen am ëffentleche Raum. Dat, well eis de Rechtsstaat immens wichteg ass. Dat, well mir eis fir d’Wäerter, fir d’Fräih et vun eise Matbierger asetzen an net dulde kënnen, wann hir Rechter am ëffentleche Raum verletzt ginn. Dofir hu mir Piraten och schonn eng Villzuel u parlamentaresche Froe gestallt, fir op de Problem, deen hei entstanen ass, opmierksam ze maachen. Jiddwereen hei am Parlament ass hoffentlech och der Meenung, dass de Rechtsstaat net dierf verletzt ginn, a wäert dofir och genausou kritesch wéi mir do, wou e verletzt ginn ass, reagéieren. Op där anerer Säit hu mir awer och Verständnis fir d’Problematik vun der Kriminalitéit, als Beispill hei op der Gare an der Stad. An de Virbereedungen op d’Theema hunn ech mir och déi Stater Gemengeréit ugelauschtert, fir d’Situatioun besser ze analyséieren. Et ass awer net, well mir d’Aschätzung vun der problematescher Situatioun deelen, dass ee sech dierf egal wéi eng Mëttel, déi esou am Gesetz net virgesi sinn, eraushuelen, fir dës Situatioun unzegoen. Wou komme mir am Rechtsstaat hi mat der Opfaassung „All Mëttel ass gutt, wann et den Zweck rechtfertegt, och wann et géint d’aktuellt Gesetz ass“? Wéi eng Botschaft geet mat esou enger Opfaassung un d’Leit eraus? Grad wann et d’Gemenge sinn, déi géint Gesetzer verstoussen, hu mir als Parlament eng besonnesch Roll, fir de Bierger ze schützen. Vu wéi engem Gesetz schwätzen ech? Ma vum Gesetz, wat reegelt, wat iwwerhaapt d’Sécherheetsfirmen dierfen. Dat ass souguer nach vun der CSV, aus dem Joer 2002, vum 12. November. Do steet dran a limitéiert, am Artikel 2 ganz kloer, wat eng Sécherheetsfirma dierf. An eeben deen Artikel seet néierens, dass et erlaabt wär, am ëffentleche Raum eng Privatfirma ze beoptragen, fir do ze patrulléieren! Artikel 14 reegelt dann och nach den Objektschutz, mee begrenzt sech op een Objet. Mir sinn also, menger Opfaassung no, hei enger Firma op der Spuer, déi enger Gemeng illegal Servicer ugebueden huet. Liest een elo den zweete Kontrakt mat der Firma, huet dat och de Schäfferot gemierkt an nogebessert. Mee dat mécht awer net vergiess, dass illegal Aktivitéite bezuelt goufen! An dann och am neie Kontrakt ass et schwiereg ze gesinn, wou deen dann elo legal wär. Et ass net, wann een e puer Sätz ëmdréit, ee mécht wéi wann een am Objektschutz wär, dass en da legal ass! Et si Servicer am ëffentleche Raum, déi eiser Meenung no just eis Police soll iwwerhuelen. Wou komme mir dann an engem Land hin, wann elo Firmen einfach de Clienten ubidden, fir si an de Stroossen ze patrulléieren? Dat kënnen dann och Privatleit op eemol buchen. Jo, souguer Stalker, Rietsradikaler, Bürgerwehre kéinten esou Servicer buchen. Dofir ass ganz bewosst den ëffentleche Raum am Gesetz geschützt. E weidere kritesche Punkt, deen eiser Meenung no géint de Rechtsstaat a Fräiheete verstéisst, ass, laut Rapport, Leit festzehalen, jo, wann ee liest, souguer ze intervenéieren; wat eis an enger parlamentarescher Fro och bestätegt ginn ass. Mir Piraten soe kloer: Dat ass e bedenkleche Wee, en ze bedenkleche Wee, fir dass een dat einfach still schweigend hinhuele kann! Mir sinn hei am Fall, wou eng Gemeng via Optrag higeet an d’Autoritéit vun der Police ënnergruewe wëllt oder souguer ënnergruewen huet. Dofir froe mir och de Support an eiser Resolutioun, fir d’Justizministesch ze ënnerstëtzen, fir all déi Firme genau ze iwwerpréiwen, déi géint d’Gesetz verstouss hunn an esou Servicer ugebueden hunn, a géint déi dann, sollt sech e Feeler erausstellen, d’Ministesch sollt weider Schrëtt ergräifen. Hei dierf just null Toleranz herrschen, wa mir eise Rechtsstaat schütze wëllen. A menger parlamentarescher Fro un d’Ministesch Tanson an de Minister Kox deele béid Ministeren och eis Aschätzungen. Äntweren D’Gesetz vum November 2002 stellt keng legal Basis duer fir e generaliséierten Asaz vu private Sécherheetsfirme am ëffentleche Raum“. Weider: „Si hunn […] opgrond vun dësem G setz keng Befugnisser, fir generell oder ofschreckend Patrullen uechtert e Quartier […] ze maachen“. Weider: „Et gëtt aktuell eng legal Basis, déi dëst erlaabt.“ Komme mir zu de schrëftleche Rapporten, déi een dann och nach ugebuede kritt, wann een esou eng Sécherheetsfirma gutt bezilt. Krass, oder? Et kann een eng Firma bezuele fir Rapporten am ëffentleche Raum! Dat kann ee sech emol net ausdenken, esou schlëmm ass dat! An ech hu mir déi gutt Rieden an Dokumenter duerchgelies vun de Kolleege vun déi gréng, déi Lénk an och der LSAP am Stater Gemengerot. Hinnen e grousse Merci, dass si sech net ënnerdrécke loossen, si sech, trotz Pressematdeelunge vum Schäfferot géint si, net aschüchtere loossen a fir d’Fräiheet an de Rechtsstaat astinn!
(Interruptions)
Den dräi Parteien am Gemengerot eise ganze Respekt! Ech ka just hoffen, dass hir Vertrieder hei am Parlament genausou fir d’Grondrechter antrieden. Eng Ausso ass mir besonnesch batter eropgestouss. Am Dokument vum 25. Januar schreiwen déi dräi Parteien, dass an den Dokumenter, déi s kruten, beluecht ass – an elo haalt Iech un! -, dass, no all de schéinen Antirassismusriede vun der DP an der CSV, an de beschriwwene Rapporten eng Aart „racial profiling“ dokumentéiert koass! Also, do fält ee vum Stull, sorry! Dass hei zu Lëtzebuerg esou eppes méiglech ass, an dat mat Steiergelder bezuelt! Also no der Hautfaarf an Hierkonft am ëffentleche Raum, nee sorry, dat geet dach guer net! Mir schwätzen hei an der Chamber vu Police- a Justizfichieren, déi, zu Recht, elo reforméiert wäerte ginn, fir am Aklang mam Dateschutz ze sinn, an da fänke Gemengen un, iwwer Privatfirmen nei Rapporten erhiewen ze loossen! Jo, wou komme mer dann do hin?! Esou Parteie brauchen näischt méi géint e Policefichier ze soen, dee kloer Reegelen huet, wou gepréifte Beamten drop schaffen. Wann een als Partei selwer Firme beoptraagt, ouni gepréifte Beamten am ëffentleche Raum Rapporten ze erstellen, brauch ee sech net iwwer e Policefichier oder soss en Dateschutz opzereegen! Déi Rapporten dokumentéieren – elo haalt Iech fest! – och Policeaarbecht! Esou déi dräi Parteien. E weidere Skandal an deem ganzen Dossier. Dofir hei eis Motioun, déi d’Inneministesch opfuerdert, fir ze iwwerpréiwen, wéi eng Gemengen esou Rapporte mat Racial Profiling erstelle gelooss hunn, an déipassend Schrëtt anzeleeden.
Motion 1
D’Deputéiertechamber stellt fest,

dass e Kontrakt tëscht enger Gemeng an enger privater Sécherheetsfirma, dee virgesäit, dass am ëffentleche Raum solle Patrulle gemaach ginn, net vum Gesetz vun 2002 iwwert de Gardiennage ofgedeckt ass; dass et an engem gemeinsame Pressecommuniqué vum 25. Januar vun der LSAP, déi Lénk an déi gréng heescht: „Eng éischt Asiicht an déi Dagesrapporten (keng exhaustiv Analysen), déi vun den Agente vu GDL Security fir d’Gemeng verfaasst goufen, gehäit allerdéngs Froen op: Sou gi beispillsweis awer eenzel Incidenter tëschent GDL Security an der Police notéiert, d’Interventioun ausserhalb vum ëffentleche Raum ass beschriwwen, Racial Profiling ass dokumentéiert, den Hond gëtt aktiv agesat, d’Agenten huelen eegen Initiative par rapport zu Leit, déi hirer Meenung no den Ordre public stéieren.“ Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung, bei de betraffene Gemengen Asiicht an d’Rapporte vun de private Sécherheetsfirmen ze froen, d’Dokumenter ze evaluéieren an am Fall, wou et Hiweiser op Racial Profiling gëtt, déi néideg juristesch Schrëtt anzeleeden.
(s.) Marc Goergen.

Nieft dem Racial Profiling gouf am ëffentleche Raum och en Hond als Waff agesat, wéi aus den Dokumenter ervirgeet. Dofir eis weider Kritik fir méi Déiereschutz. Et misst ee verbidden, dass Déieren als Produkt ugebuede gi vu Sécherheetsfirmen. Keen Hond ass vu sech aus aggressiv. Et gëtt just dubiéis Trainingsmethoden, déi net am Aklang mam Déiereschutz sinn. No all dëse Punkte misst awer och jiddwerengem, deen e Gefill fir de Rechtsstaat huet, haut an hei kloer sinn, dass een als Parlament net einfach esou eng Verletzung am ëffentleche Raum dierf akzeptéieren a wierklech handele muss. Lëtzebuerg ass net de Wild West mat bezuelte Cowboyen! Kee Schäfferot huet d’Recht op eng privat Police. Dat ass illegal. Fir eis Piraten ass kloer: Mir stellen zu kengem Moment eis Police a Fro. Mir hu Vertrauen an eis Police. A mir droe keng Moossname mat, déi géint d’Autoritéit ginn oder hir Aarbecht méi schwéier maachen. Eis Positioun ass kloer. Ech hoffen, déi vun den anere Parteien och! Fir op den Ufanksproblem zréckzekommen, deen op der Gare an och an anere Quartiere besteet, hu mir och direkt e puer Léisungsusätz matbruecht: Mir mussen all de Gemengen am Land méi Streetworker ubidden, eis Gemenge finanziell ënnerstëtzen, fir eeben déi Moossnamen ze huelen, ier eenzel Leit kriminell ginn. Mir orientéieren eis do un engem erfollegräiche Projet vun Outreach Youth Work. Huele mir do meng Gemeng Péiteng als Beispill: Mir hunn ee Streetworker zegutt op 20.000 Awunner. Dat geet einfach net duer! An dee muss och nach d’Gemeng zur Hallschent bezuelen.Dofir hu mir hei eng Motioun, fir déi finanziell Ënnerstëtzung un d’Gemengen ze erhéije fir esou Streetworker.
Motion 2
D’Deputéiertechamber stellt fest,

dass 2020 18,3% vun der Bevëlkerung engem Aarmutsrisiko ausgesat waren, ee Prozentsaz, dee säit 2011 an d’Luucht gaangen ass;

dass d’Regierung 2013 eng Strategie géint Obdachlosegkeet virgestallt huet. Zu dëser hunn och d’Abannung vu Streetworker vun der ASBL Inter-Actions an d’Para-Chute-Projeten zu Esch an Ettelbréck gehéiert;

dass et nach ëmmer vill Gemenge gëtt, déi nach net iwwer Jugendhaiser verfügen an dës net onbedéngt gläichméisseg am Land verdeelt sinn;

dass et och scho Projete gëtt, déi gutt mat de Jugendhaiser funktionéieren, wéi zum Beispill de Projet „Outreach Youth Work“, wou aktiv de Kontakt mat Jugendleche gesicht gëtt, déi sech net an anere Betreiungsstrukture mellen;

dass esou Projete méi finanziell Ënnerstëtzung brauchen.
Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung,

de Gemenge méi finanziell Mëttel zur Verfügung ze stellen, fir Streetworker ze beschäftegen an an Zesummenaarbecht mat dëse sozial Projeten opzebauen.
(s.) Marc Goergen.
An als weider Propos, fir am Theema Sécherheet weiderzekommen, froe mir Piraten an enger Resolutioun, dass d’Gesetz zu den Agents municipaux als eng Pist vun de méigleche Léisungen hei an der Chamber eng Ënnerkommissioun kritt, esou wéi et och beim Faillittëgesetz de Fall ass.
Résolution 1
D’Deputéiertechamber stellt fest,

dass d’Justizministesch an de Minister fir bannenzeg Sécherheet an der parlamentarescher Fro N° 3574 erkläert hunn: „De Justizministère huet am Kader vun der Ausübung vu senge Missioune laut dem Gesetz vum 12. November 2002 gefrot, Asiicht an d’Dokumentatioun ronderëm déi vill diskutéiert Kontrakter vun enger Sëcherheetsfirma mat zwou Gemengen ze kréien an huet déi Dokumenter och kritt. Si ginn aktuell analyséiert.“ Aus dësem Grond decidéiert d’Deputéiertechamber,

de Justizministère an de Ministère fir bannenzeg Sécherheet voll a ganz bei der Analys vun de Kontrakter an der Situatioun um Terrain ze ënnerstëtzen.
(s.) Marc Goergen.
Résolution 2
D’Deputéiertechamber stellt fest,

dass e Kontrakt tëscht enger Gemeng an enger privater Sécherheetsfirma, dee virgesäit, dass am ëffentleche Raum solle Patrulle gemaach ginn, net vum Gesetz vun 2002 iwwert de Gardiennage ofgedeckt ass;

dass et méiglech wär, d’Kompetenze vun den Agents municipaux auszeweiten, fir net mussen op privat Sécherheetsfirmen zeréckzegräifen;

dass eng entspriechend Gesetzesännerung esou séier ewéi méiglech misst ausgeschafft ginn. Aus dëse Grënn decidéiert d’Deputéiertechamber,

an der Chamber eng Ënnerkommissioun „Définition du rôle des agents municipaux“ ze grënnen, fir de Sujet mat der néideger Drénglechkeet behandelen ze kënnen an ënner anerem um Projet 7126, Projet de loi relative aux sanctions administratives communales modifiant 1° le Code pénal ; 2° le Code de procédure pénale ; 3° la loi communale modifiée du 13 décembre 1988, ze schaffen.
(s.) Marc Goergen.
An nach eng weider Propos ass e Bréif un d’Justizkommissioun, fir dem Léon Gloden säi Gesetzesvirschlag fir de Plazverweis op den Ordre du jour ze huelen, fir eeben dat Gesetz, wat fir eis Piraten eng Léisung ass, als Prioritéit ze behandelen a schnell virunzekommen.
Als weidere Léisungsusaz froe mir an eiser Motioun, fir eeben net alles zentral an der Stad ze maachen, well mir eis dem Problem bewosst sinn, dass ee méi dezentral Strukture fir drogenofhängeg
Persoune brauch an hinnen Hëllefstellung ubitt.
Motion 3
D’Deputéiertechamber stellt fest,

dass d’Stratégie nationale en matière d’addictions et plan d’action gouvernemental 2020-2024 en matière de drogues d’acquisition illicite et de leurs corollaires virgesäit, « d’étendre la disponibilité, l’accessibilité et la couverture d’un traitement efficace et diversifié de la toxicomanie, pour les consommateurs de drogues problématiques et dépendants, y compris les consommateurs de produits non opiacés, afin que tous ceux qui le souhaitent puissent bénéficier d’un traitement en fonction des besoins »;

dass den aktuelle Koalitiounsaccord festhält: « Il sera veillé à la mise en adéquation par rapport aux besoins de la structure bas seuil “Abrigado” et des lieux de consommation seront ouverts à Esch surAIzette et à Ettelbruck. D’autres sites de lieux de consommation encadrée et dépénalisée seront étudiés au besoin. »;

dass de rezentsten Zuelen aus dem Rapport annuel vun 2017 iwwert den « état du phénomène de la drogue au Grand-Duché de Luxembourg » no, d’Prevalenz an den Taux de prévalence d’usagers problématiques de drogues (UPD) zu Lëtzebuerg op 2.250 Persoune bzw. op 5,79/1.000 Persounen tëscht 15 a 64 Joer geschätzt gouf;

dass Persounen, déi sech an der Ofhängegkeet befannen, Hëllefstellunge brauchen, déi liicht an Usproch ze huele sinn a sech am beschte Fall am noen Ëmfeld vum Betraffene befannen. Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung,

méi dezentral Strukturen ze schafen, déi drogenofhängege Persoune kuerzfristeg Hëllefstellungen ubidden a si op Wonsch och stationär ophuele kënnen.
(s.) Marc Goergen.
Mir verzichte bewosst op eng Motioun zur Police, well déi eist vollst Vertrauen huet, dass si déi richteg Moossnamen a Projete geholl huet an och weider huele wäert fir d’Sécherheet vum Bierger. Dir gesitt also: eng Rei vu konstruktive Propose fir weiderzekommen, ouni awer mussen op illegal Moossnamen, wéi Sécherheetsfirmen am ëffentleche Raum, zréckzegräifen.
Merci.
Une voix.- Très bien

den Asaz vu private Sécherheetsfirmen duerch Gemenge fir eng Aktivitéit op ëffentleche Plazen ze stoppen;

Zesummenhang posts

Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.