M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Mir hunn dës Aktualitéitsstonn ugefrot, well d’Maternité zu Ettelbréck zougemaach gi war. Dat war einfach
e Moment, wou een huet misse reagéieren, och politesch. Dass mir am Land e Problem hu mat Mangel u
Pediateren, dierft Iech alleguerte scho bekannt sinn.
(Mme Djuna Bernard prend la présidence.)
Besonnesch akut a fir jidderee siichtbar ass dëse Problem Ufank des Joers ginn, wéi eeben d’Maternité
vun Ettelbréck huet missen hir Dieren zoumaachen.
Dat huet vill Mammen a Koppele mat hire Kanner
schwéier getraff.
Ech wëll awer viru mengen Explikatiounen och soen,
dass ech bis elo perséinlech just positiv Erfarungen
hat, sief et bei der Gebuert vu mengen zwee Kanner
bis hin zu den Dokteren, bis hin zum Spidol an och bei
de Kannerdokteren. Ech hat och d’Méiglechkeet oder,
et kann ee scho soen, d’Chance, dass mir um Kierchbierg am Spidol waren.
Zréck zum ländleche Raum. Mëttlerweil ass d’Maternité zu Ettelbréck zwar nees op, mee och wann déi
erëm op ass, huet dat un der Basis vum Problem awer
näischt geännert. D’Gesondheetsversuergung am
ländleche Raum ass, wat d’Pediateren ugeet, ëmmer
nach vill ze schlecht, an dat virun allem am Verglach
mam Zentrum.
A vill Mammen, déi e Kand erwaarden an dann ee
Gynekolog sichen, deen och Gebuerte betreit, musse
laang sichen, bis se ee fannen, deen och nach nei
Patienten unhëlt. Dat ass e Problem, deen d’Leit
queesch iwwert d’Land verdeelt kennen. D’Theema
vun engem Mangel u Gynekologen a Pediateren huet
also och no der Reouverture vun der Maternité nach
ëmmer eng grouss Bedeitung.
Wéi bei villen anere medezinnesche Spezialisatiounen och, sinn an de leschte Joren d’Zuelen u Patiente
staark eropgaangen, wärend d’Unzuel un Dokteschen
an Dokteren net nokënnt. Esou ginn d’Waardezäiten
ëmmer méi laang, an et entsti quasi Konkurrenzsituatiounen tëschent eenzelne Regioune vum Land oder
och tëschent de Spideeler.
Dass d’Ressourcë limitéiert sinn, mierkt een och op den
Neonatologiesstatiounen, wou d’Unzuel un Intensivbetter, déi ganz kleng zu Lëtzebuerg ass, net mat dem
Wuesstum vun der Bevëlkerung mathale kann. Aktuell
hu mir knapp méi wéi 120 Pediateren hei am Land
an dovu schaffen der 94 an de Spideeler, an dat virun
allem an der Stad.
Hei an der Stad kann een dofir op eng exzellent Prise
en charge vun der Maternité an der Pediatrie zréckgräifen, an dat 24 Stonnen op 24. Jo, souguer zu
Péiteng ass et anescht. Mir hunn zwar do och eng
exzellent Koppel, déi d’Praxis vun dem wuelbekannten a geschätzten Dokter Conter iwwerholl huet, wou
ech selwer als Kand och war.
Une voix | Där ginn et der nach e puer.
M. Marc Goergen (Piraten) | Et sinn der nach e puer
heibannen. Mee och si sinn elo schonn iwwerlaf, an
dat zu zwee an enger Praxis. Kee Wonner bei 20.000
Awunner an der Gemeng plus Regioun ronderëm,
schnell 50.000 Awunner!
Am Norde vum Land ass et awer nach méi schlecht.
Ettelbréck huet elo nees d’Maternité opgemaach,
mee fir d’Pediatrie hu si awer just eng Structure de
prise en charge ambulatoire. An déi ass weekends an
och u Feierdeeg just zwou Stonnen op. Dat ass wäit
ewech vun engem Urgenceservice, deen duerchgeeënd op ass.
An en plus ass Ettelbréck jo och net grad extreem
nërdlech. Do komme jo och nach vill Stied an Dierfer duerno, déi nach vill méi wäit vun der gudder
Versuergung an der Stad ewech sinn a fir déi de Wee
an engem Urgencefall, déi laang Fuerzäit, ka geféierlech ginn. Dat mécht ville Leit aus dem Norde vill
Suergen, well schliisslech muss et bei enger Urgence
jo séier goen. Mee den Trajet bis an d’Stad, jee nodeem, wou een hierkënnt, grad am Beruffsverkéier,
ass e gesondheetleche Risiko fir d’Patienten.
Wéi wichteg et den Elteren aus dem Norden ass, dass
d’pediatresch Versuergung verbessert gëtt, huet
sech och rezent gewise mat der Petitioun 2301. Dës
Petitioun huet a kuerzer Zäit de Seuil vun den néidege
Stëmmen iwwerschratt an huet sech fir eng Maternité
an eng Pédiatrie d’urgence am Norden ausgeschwat.
Mee net nëmmen den Norde brauch Pediateren, och
de CHEM, zum Beispill, am Süden huet schonn ugekënnegt, dass et iergendwa kéint enk ginn, och wann
d’Servicer aktuell nach assuréiert kënne ginn.
Et war dofir wichteg, dass den nationalen Déngscht
vum Gesondheetsminister ëm véier Posten opgestockt
ginn ass. Mee doriwwer eraus mussen d’Aarbechtskonditioune vun den Dokteren a vum Gesondheetspersonal am Allgemengen dréngend iwwerschafft ginn. Eng
kleng Plooschter geet hei net méi duer. Mir brauchen
eng Gesondheetspolitik, déi d’Aarbecht an den Urgencen an um Land méi attraktiv mécht. Den aktuelle System mécht dat net an e riskéiert an Zukunft nach méi
schlecht ze ginn.
Bis viru Kuerzem konnt eng Doktesch oder en Dokter,
dee fir e Spidol geschafft huet, hei nach dovu profitéieren, op Apparater kënnen zréckzegräifen, déi een
ausserhalb net huet dierfen hunn. Wéi mir all wëssen,
ass dat elo awer net méi esou, a mir Piraten fannen dat
och eigentlech gutt.
Mee mat dëser Verännerung mussen awer och all
aner Verännerungen anhiergoen, soss stellt sech
nämlech d’Fro, firwat en Dokter, dee mat sengem
eegene Cabinet daagsiwwer gutt ausgebucht ass an
all d’Apparater huet, déi e brauch, sech de Stress nach
soll undoen, Permanencë fir d’Urgencen ze maachen,
wou e manner pro Stonn verdéngt wéi a sengem
Cabinet an och nach méi desagreabel Aarbechtszäiten huet. Do feelt dann einfach den Ureiz, geneesou wéi et aktuell nach net genuch Ureizer gëtt, sech
als Medezinner mat Spezialisatiounen am ländleche
Raum nidderzeloossen. Hei muss och géigegesteiert
ginn, an dat mat enger eenheetlecher a fairer Entlounung vun der Ruffbereetschaft, an dat duerch méi
attraktiv finanziell Ënnerstëtzung fir Persounen, déi
sech trauen, sech ausserhalb vum Zentrum mat hirer
Praxis nidderzeloossen.
Elteren ze ginn ass, zumindest bei dësem Theema,
mat ville Froen an Onsécherheete verbonnen. Mee
d’Fro, ob am Noutfall en Dokter wäert no genuch
sinn, fir der Mamm oder dem Kand kënnen ze hëllefen, sollt ee sech hei am Land net stelle mussen!
D’Vertrauen an eise Gesondheetssystem sollt Eltere
Sécherheet vermëttele wärend der besonnescher Zäit
vun enger Schwangerschaft. Mee esou e Vertraue
kann net entstoen, wa sech d’Prise en charge duerch
Personalmängel verschlechtert, a mir eist verbleiwend
Gesondheetspersonal ausbrenne loossen.
Si ginn um Terrain all hiert Bescht fir d’Patientinnen
an d’Patienten, mee hiert Bescht geet do leider net
duer, wann d’Politik net nach hiert Bescht derbäigëtt.
An dat Bescht ass sécher net, ëmmer just ofzewaarden, bis eng Kris do ass, an dann eréischt ze reagéieren.
Mir wëssen, wou d’Baustellen am Gesondheetssecteur
sinn, an déi musse mir elo esou séier wéi méiglech
ugoen, sief et um Niveau vun de Formatiounen, um
Niveau vun de Gehälter oder vun den Aarbechtskonditiounen oder vum Waarden op dee säit Laangem
ugekënnegte Virage ambulatoire. Just vun engem Krisemodus an deen nächsten ze wiesselen, dierf hei net
d’Zukunft sinn!
Merci.