Heure d’actualité de la sensibilité politique déi Lénk au sujet du manque de logements d’urgence.

M. Marc Goergen (Piraten)

Merci, Här President.
Ech probéieren elo, de Wee erëm e bëssen zréck zum Logement ze fannen … an dass all Mënsch Respekt verdéngt huet, egal wou en hierkënnt. Well haut geet et ëm de Logement, a jiddereen huet awer d’Recht drop, fir ze wunnen a säi Liewen ze féieren, och wann en aus engem anere Land kënnt, oder wou Dir mengt, déi Leit wären iergendwéi net hei erwënscht, wou mir Piraten awer ganz kloer eng aner Meenung vertriede wéi de Virriedner vun der ADR. Ech huelen e bësse méi wäit aus, well ech si scholänger Zäit an enger ASBL aktiv, wou een oft a Kontakt kënnt mat Obdachlosen. An de Problem ass ëmmer erëm deen, dass effektiv net genuch Noutwunnengen do sinn. Mee et muss een awer och eng Kéier driwwer diskutéieren, ob esou Noutwunnengen iwwerhaapt herno d’Instrument sinn, wat ee brauch, fir deene Leit op Dauer ze hëllefen. Et ass sécherlech richteg, dass ee verschidde Situatiounen huet … an do widderspriechen ech awer leider deene Gréngen. Dir hutt hei den Tornado erwäänt. Dir wësst, ech kommen aus enger Gemeng, an et war och nach eng zweet Gemeng. D’Regierung war net do deen Dag! Ech kann Iech et soen: D’Noutwunnengen hunn d’Gemenge missen organiséieren, a mir hu misse kucken, dass mer eens ginn, well d’Regierung war deen Dag vum Tornado net do. Dat ass och erëm e Punkt, deen ee fir d’Zukunft muss verbesseren, well ech ka mer denken, dass een net konnt rechnen, dass zwou grouss Gemengen esou getraff ginn. Mee dat war ee vun de grousse Problemer, dass immens vill Leit aus hiren Haiser hu missen eraus an dass keng Noutfallwunnengen do waren. An et ass net, wéi Dir gesot hutt, dass dunn d’Regierung iergendeppes do konnt matupaken. Et waren d’Gemengen, déi an där Situatioun ganz schnell hu missen eng Gestioun maachen. De Problem ass jo och bei den Obdachlosen, dass se an eng Spiral geroden. An déi Spiral, do kënnt een a sech net méi eraus. Et ass richteg, wat den Här Wagner gesot huet. Wann een op eemol Scholden huet an herno seet och nach den Office: „Dir kënnt elo net méi Är Hëllef kréien“ – jo, wat soll een da maachen? Et ass jo net, dass een dann einfach seet: „Okay, ech ginn elo muer schaffen.“ Wou gitt Der schaffen, wann Der keng Wunneng hutt? Wou gitt Der schaffen, wann Der Iech net kënnt virbereeden? Dat ass de Problem. Dir kommt einfach net méi aus där Situatioun eraus. An dat ass et, wou mir als Politik mussen eng Léisung sichen. An do soe mir Piraten ganz kloer: Mir mussen ewech dervun, dass d’Promoteure grouss Bauprojete maachen, mee wann et nëmme geet, sollen d’Gemengen oder de Staat bauen. An dat net – mir soen dat all Kéiers, och wann déi aner Logementsprojete kommen – zu deiere Präisser, mee zu zéng Euro de Meterkaree. Mir hunn elo déi zu Wolz virgestallt kritt. Jo, abordabel, et kann ee sécherlech driwwer diskutéieren, mee déi Präisser wäerten awer nach fir verschidde Leit ze héich sinn. Dat muss een nun emol unerkennen, dass mer deelweis duerch eis Immobiliepräisser d’Leit an d’Aarmut drécken. An deementspriechend muss de Staat higoen a vill méi Wunnenge bauen, déi eeben deem abordabele Wunnengspräis entspriechen. D’Jugendparlament hat dat richteg hei am Sall gesot virun e puer Méint. Abordabel ass e schéint Wuert, mee et muss een awer emol eng Kéier op de Punkt kommen, dass och déi Leit, déi betraff sinn, sech iwwerhaapt déi Wunnenge kënne leeschten. Ech mengen, ech hat elo déi Kritik ubruecht un deem Projet do zu Déifferdeng, wou déi Penthaiser dann déck versteet gi sinn, den Här Minister huet och drop geäntwert. Kommt mir halen einfach op, nach Wunnengen dann ze bauen, déi mer herno dem Héchstbiddenden, quasi wéi op Ebay, iwwerdriwwe gesot, versteeën! Dat ass keen abordabele Wunnengsbau, dat ass keng Sozialpolitik, wat mir amgaange sinn ze maachen. Ech kann Iech do nach eng kleng Anekdot zielen. Ech mengen, et war den Här Hahn, deen dat erwäänt huet mat den Hotellen an enger Noutsituatioun. Elo ganz viru Kuerzem – also, et ass ganz traureg – louch zu Rodange op der Gare e Mann ze schlofe mat allem, wat en nach hat. An et ware Minustemperaturen an et huet gereent. Do hu mer dann zu e puer gesot, déi do laanschtgaange sinn: „Komm, mir hëllefen deem Mann, mir kucken elo, dass mer en Hotel fannen, mir leeën zu e puer zesummen.“ Dunn hu mer an den Hotel ugeruff. „Nee, mir huele keng vun der Strooss, dat geet net.“ Dunn hu mer missen an d’Nopeschgemeng goen, wou mer bezuelt hunn, eis Kredittkaart hannerluecht hunn, fir deem Mann iwwerhaapt emol kënnen eng Méiglechkeet ze ginn, sech erëm ze fänken, fir en duerno iwwer eng aner ASBL dann a weider Strukture kënnen ze vermëttelen. Dat ass ganz traureg. Also, et muss ee sech heiansdo froen, ob een iwwerhaapt als Hotel dat Recht huet, fir Leit ofzeleenen, well déi engem net gefalen, well ee mengt, déi wären … Ech weess net, wat den Hotel gemengt huet. Zumindest hu se gesot: „Nee, mir huele kee vun der Strooss!“ Obwuel et bezuelt war. D’Noutwunnengen, mir hunn et schonn e puermol gesot haut, ech mengen, déi aner Parteien hunn et och gesot: Jo, et ass einfach, de Gemengen dee Ball zouzespillen. Mee d’Gemenge kënnen och net zauberen. Wou wëllen d’Gemengen, déi emol net genuch Wunnenge fir aner Projeten hunn, dann op eemol Wunnengen hierhuelen, déi se da fir eng Noutsituatioun eidel stoen hunn? Well de Problem ass jo, ech mengen, den Här Dan Biancalana huet et gesot: Huet een elo fir eng grouss Gemeng fënnef Wunnengen eidel stoen, da kënnt herno erëm Kritik. „Et si jo awer esou vill aner Leit, déi och nach eng Wunneng sichen, an Dir hutt esou vill Wunnengen do eidel stoen!“ Et ass schwiereg, dee Ball vun der Regierung ëmmer de Gemengen zouzespillen, well dat ass e bëssen einfach. D’Gemenge kënnen och net alleguerten hir Wunnengen op eemol eidel stoen hunn, well eigentlech ass dat jo och erëm Wunnraum verschwent fir déi Leit, déi wierklech op der Strooss liewen. An ech kréien dat ëmmer erëm vun den eenzelnen ASBLe gesot, déi an deem Beräich täteg sinn. Leider ass et bei Corona elo esou, dass et ëmmer méi Leit sinn, déi op der Strooss liewen. A mir hate jo dofir als Piraten och gefrot – et war jo elo eng Kéier eng Woch, wou et minus zéng Grad war -, dass een einfach déi Hotellen, déi souwisou eidel stinn, duerch d’ganzt Land eidel stinn, hätt kënnen opmaachen an d’Regierung hätt den Hotellen eng Garantie ginn, wann iergendeppes gewiescht wier, fir ze bezuelen. Dat wier esou einfach gewiescht, fir déi Leit vun der Strooss ze kréien, mat engem Gest, an d’Hotellen en plus nach eng Kéier ze ënnerstëtzen. Mee bon, dat huet jo och keen Uklang fonnt.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Mam Gesetz vum 2ten November 2021 ass eng EU-Direktiv ëmgesat ginn, iwwert d’Kontroll vun der Proportionalitéit beim Accès zu verschiddene Beruffer. Am Mäerz 2023