Heure d’actualité de la sensibilité politique déi Lénk au sujet du contrôle médi- cal de la sécurité sociale

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, fir d’éischt e grousse Merci un d’Kolleeginne vun déi Lénk fir d’Ufro zu dësem Theema, well et ass e wichtegt Theema an et ass wich- teg, et och heibannen nach eng Kéier ze thematiséie- ren heiansdo. Ech mengen, an deene leschte Wochen a Méint hu sech d’Question-parlementairen enchainéi- ert. Dat war elo rezent eng Kéier de Fall, dat war awer och schonn 2019 eng Kéier de Fall, wou sech déi Ques- tion-parlementairen nach beim Virgänger vum aktuelle Minister enchainéiert hunn. An dat weist jo awer, datt et definitiv Mëssstänn gëtt!

De Contrôle médical ass sécherlech eng Plaz, wou kee gären higeet. An enger perfekter Welt géif en och guer net gebraucht ginn. Mee leider liewe mer net an där perfekter Welt an esou huet och e Contrôle médi- cal seng Wichtegkeet.

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro 7081 huet de Minister Haagen mer geäntwert, wéi vill Re- klamatiounen et zënter 2019 géint de CMSS gouf. An do weist sech dach eppes ganz kloer: Et gëtt Mëss- stänn! Anescht kann een et nämlech net ausdrécken. An déi 72 Reklamatiounen, déi tëscht Januar an No- vember 2022 festgehale goufen, weise ganz kloer dorobber hin.

An och wann et am grousse Ganze vun all de Kon- trolle sech am Promilleberäich ofspillt, da muss een awer soen, datt net jiddwereen, deen e Problem huet, adequat zerwéiert gëtt, fir dann de Langage ze benotzen, dee geholl gëtt, well et si jo keng Patient/ innen, et si jo dann Assuréen, déi dohinnerginn. Ma net jiddwereen, deen e Problem huet, reklaméiert jo schrëftlech. Deementspriechend sinn déi Reklama- tioune wierklech just an deene Fäll do, wou wierklech eppes richteg schifleeft.

An da musse mer eis wierklech soen: Alles dat, wat eis rapportéiert gëtt, an d’Kolleeginnen an d’Kollee- gen hunn dat virdrun hei schonn erzielt – mangelnde Respekt, Stellewäert vu mentaler Gesondheet beim CMSS –, schéngt och net wierklech esou wichteg ze sinn, wéi mir hei an der Chamber ëmmer erëm soen.

Ech weisen drop hin, an de politesche Message ass ganz kloer: D’mental Gesondheet ass wichteg! An da ginn Assuréë bei d’CMSS a kréien do gesot, datt et Depressioune guer net géif ginn! Datt si dach per- séinlech äusserlech ze schéi wieren, fir depressiv ze sinn.

(Interruption)

Als hätt Depressioun iergendeppes mat äusserlecher Schéinheet ze dinn! En plus: Schönheit liegt im Auge des Betrachters. Deementspriechend stellen ech mer dann awer d’Fro, wat fir e Brach deelweis verschid- den Assuréen do ze héiere kréien!

(Brouhaha)

Et misst dach längst jiddwerengem kloer sinn, wéi wichteg déi mental Gesondheet ass!

(Interruptions)

M. Sven Clement (Piraten) | An ech muss da ganz kloer soen, mir huelen hei e Message mat: Mental Gesondheet ass wichteg a Leit, déi a prekäre Situa- tioune sinn, gi bei den CMSS an do gëtt d’mental Ge- sondheet net fir wichteg geholl! Dat ass dat, wat ech aus deem Debat hei mathuelen!

An anere Fäll soll et da virkomm sinn, datt wärend Ënnersichungen einfach e Va-et-vient an den Ënner- sichungsraim ass. Datt do Assuréë sech jo awer concer- néiert fillen, fannen ech dann awer bedenklech, virun allem, wann ee bedenkt, datt d’Assuréë selwer keen däerfe mathuelen, datt awer belibeg Leit do kën- nen deelweis dann an deem Service an- an ausgoen. Ech halen dat fir bedenklech. An ech mengen, et gëtt heiansdo ganz gutt Grënn, firwat esou eppes ka ge- schéien, mee da muss een déi Grënn och vläicht duer- leeën a beleeën.

Ech stelle mer wierklech d’Fro, firwat souwuel vum Ministère wéi och vum Direkter vum CMSS selwer ën- ner fir eis dach schäinhellege Grënn just an Ausname- fäll eng zweet Persoun bei der Visitt erlaabt gëtt.

Vill vun deene Persounen, déi bei den CMSS musse goen, si krank an dowéinst souwisou schonn an enger prekärer Situatioun.

Une voix | Voilà!

M. Sven Clement (Piraten) | Ech sot et, et geet net jiddweree gären dohinner. D’Argumenter hei, et wier soss net paritéitesch an net, ech zitéieren, „fair“, maa- che fir eis dann och kee Sënn. Fairness a Paritéit hunn näischt dermat ze dinn, datt eng sachlech Evaluatioun vum gesondheetlechen Zoustand vun enger Persoun gemaach gëtt. An ech gleewen net, datt een Dokter seng Evaluatioun net maache kann, wann eng zweet Persoun mat am Raum ass, well firwat däerfen da Patientinnen a Patiente bei hiren Hausdokter ee mat- huelen a beim CMSS soll et net goen?

Ëmmerhi si Begleetpersounen an der Reegel Vertrauter vun där Persoun, déi dohinnergeet, a kéinte souguer a Verständnisfroen a Kommunikatiounsfroen hëllefen. Firwat soll dat also net méiglech sinn? Ech verstinn et net.

Mir sinn der Meenung, et soll een dee legale Kader dann änneren an upassen. An dat dierft jo awer wierk- lech keng Herkules-Aufgab sinn.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an