Heure d’actualité de la sensibilité politique déi Lénk au sujet des violences gynécologiques et obstétricales

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Merci déi Lénk fir d’Ufro vun dëser Aktualitéitsstonn.
D’Erliewe vu physescher oder verbaler Gewalt wärend
enger gynekologescher Ënnersichung oder souguer
wärend der Gebuert si leider méi heefeg, wéi ee sech
dat géif erhoffen.
Wéi oft genee et hei am Land awer zu esou Gewalterfarunge kënnt, ass leider net bekannt, well onglécklecherweis gëtt et an dësem Beräich nach ëmmer keng
Daten, déi erhuewe ginn. Hei mussen also dréngend
Schrëtt ënnerholl ginn, a mir brauchen op alle Fall
eng zentral an neutral Ulafstell, wou betraffe Persoune sech kënne mellen. Nëmmen esou kënne mer
endlech déi néideg Donnéeë fir eng Verbesserung
vun der Situatioun sammelen an derfir suergen, dass
d’Affer gehéiert ginn.
Mir kënne se net einfach un de Service fir Reklamatioune vum Spidol verweisen, an deem si hiert Kand
kritt hunn. Hei ka schliisslech net vun Objektivitéit geschwat ginn a vill Persounen zéien et da vir, einfach
guer näischt ze soen. Dofir bleiwen am Moment vill
Persoune mat deem, wat hinne geschitt ass, ganz einfach eleng. An dat ass ganz schwéier fir si.
Dowéinst fuerdere mir Piraten scho säit Laangem,
dass een en Zentrum misst opmaache fir d’Affer vu
sexueller a geschlechtsspezifescher Gewalt, wou betraffe Persounen an engem manner sterille Kontext
wéi engem Spidol kéinte berode ginn an, wa si dat
wënschen, och psychologesch a medezinnesch Hëllef
kéinte kréien, alles op enger Plaz a mat esou wéineg
Intervenantë wéi méiglech. Esou en Zentrum wier
natierlech och eng exzellent Ulafstell fir Persounen,
déi bei enger Gebuert oder enger gynekologescher
Ënnersichung Gewalt erlieft hunn.
Nëmme wa mir d’Affer eescht huelen an de Problem
net weider einfach ignoréieren, kënne mer d’Situatioun verbesseren. Dass d’Angscht viru Gewalt bei der
Gebuert e grousse Problem ass, mierkt een och an
de Gespréicher mat den Hiewammen. Vill Mammen
hunn Angscht viru Gewaltsituatiounen, an dofir entscheede sech och ëmmer méi Mamme fir d’Hausgebuerten oder ginn an d’Ausland an e Gebuertshaus.
Hei muss also dréngend dru geschafft ginn, fir
d’Sécherheetsgefill vun de Patienten, déi sech fir eng
Gebuert am Spidol entscheeden, ze verbesseren. Mee
och d’Alternative vun engem Gebuertshaus sollte
méiglech ginn, fir de Patientinnen e Choix ze erméiglechen.
Une voix | Très bien!
M. Marc Goergen (Piraten) | Ech deposéieren dofir
haut eis Motioun fir d’Schafe vun enger gesetzlecher
Basis fir e Gebuertshaus, zu där ech och direkt nach
eppes wëll soen, ier ech da mat menger Ried weiderfueren.
Am Gebuertshaus kënnen d’Mammen nach méi enk
vun der Hiewamm betreit ginn, wéi dat am Spidol
méiglech ass, a Gewaltsituatiounen, déi aus Zäitdrock
oder Stress entstinn, komme manner oft vir. D’Gynekologe kënnen an enger Noutsituatioun geruff ginn
oder sinn disponibel, falls eng Patientin misst an e
Spidol transferéiert ginn. Mee et sinn d’Hiewammen,
déi d’Patientin primär begleeden, an och d’Haus gëtt
vun hinne geleet.
Leider feelt et fir d’Opmaache vun esou engem Haus
zu Lëtzebuerg nach ëmmer un engem stabille gesetzleche Kader. Säit ufangs des Joers kënnen d’Hiewammen zwar hir Prestatiounen eegestänneg ubidden
an iwwert d’CNS ofrechnen, mee wéi sinn d’Käschte
fir Stroum, Waasser, Infrastruktur an engem Gebuertshaus ze decken? Ouni eng Eegeparticipatioun
vu Patienten ze froen, ass dat net kloer. Wann e Gebuertshaus also net soll zu engem Privileeg ginn,
dee just Leit mat genuch Sue sech leeschte kënnen,
muss hei nogebessert ginn. Zudeem gëtt et bis elo
nach keng gesetzlech Mindeststandarden, déi esou
en Haus erfëlle misst, wat och net zur Protektioun vun
de Patientinne bäidroe géif, wann elo schonn esou en
Haus géif opgoen. Dofir eis Motioun.
Här President, loosst mech dann nach zum Schluss vu
menger Ried iwwergoen. Hei wëll ech dann elo nach
iwwert d’gynekologesch Gewalt ausserhalb vum Gebuertsvirgang schwätzen, dat heescht, iwwert d’Forme
vu Gewalt, déi bei gynekologeschen Ënnersichungen
allgemeng optauche kënnen.
Besonnesch vulnerabel sinn hei jonk Fraen, bisexuell
oder lesbesch Fraen oder och Trans-Persounen. Grad
fir dës Persoune kënne vaginal Ënnersichunge mat
grousser Péng, villen Ängschten an, jee nodeem, och
gewëssene Schimmte verbonne sinn.
Leider kënnt et hei ëmmer nees vir, dass d’Dokteschen an d’Doktere sech net genuch iwwert déi individuell Situatioun informéieren, ier se eng vaginal
Ënnersichung ufänken. An och wa si iwwert d’Situatioun Bescheed wëssen, feelt heiansdo dat néidegt
Afillungsverméigen, an dem Patient oder der Patientin gëtt éischter d’Gefill vermëttelt, dass bei him
eppes net stëmmt, well säi Fall jo net der Norm entsprécht. Dat ka fir déi Betraffe ganz dramatesch sinn,
an och fir si misst an dësem Beräich méi Opklärungsaarbecht geleescht ginn.
Leider gëtt dëse wichtege Beräich awer och vun de
Recommandatioune vum Conseil scientifique bis elo
nach net ofgedeckt. An dofir deposéieren ech dann
hei och nach eng zweet Motioun, déi d’Regierung
opfuerdere soll, beim Conseil eng deementspriechend Demande ze maachen, fir dass esou Recommandatioune fir d’gynekologesch Cabinete kënnen
ausgeschafft ginn.
Ech soen Iech villmools Merci.
Motion 5
D’Chamber vun den Deputéierte stellt fest:
– Lëtzebuerg huet 2015 d’Konventioun vun Istanbul vum
Conseil de l’Europe iwwert d’Preventioun an de Kampf géint
d’Gewalt géint Fraen an d’haislech Gewalt ënnerschriwwen;
– de Groupe de travail „santé de la femme“ vum Ministère
de la Santé huet 2021 Recommandatiounen erausginn, wéi
Gewalt am Zesummenhang mat gynekologeschen Ënnersichungen an der Gebuert soll verhënnert ginn, woubäi de
Fokus vun de Recommandatioune kloer um Gebuertsvirgang läit;
– aktuell gëtt et keng detailléiert Recommandatiounen,
déi sech spezifesch mat der Vermeidung vu Gewalt bei gynekologeschen Ënnersichunge vu besonnesch vulnerabele
Gruppe beschäftegen (zum Beispill Trans-Persounen, lesbesch Fraen, jonk Fraen oder Fraen aus Kulturkreesser, wou
medezinnesch gynekologesch Ënnersichungen net routineméisseg gemaach ginn).
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten
d’Regierung,
– an Zesummenaarbecht mam Groupe de travail „santé
de la femme“ all déi Gruppen ze ermëttelen, déi als besonnesch vulnerabel kënnen ugesi ginn, wann et drëms
geet, Gewalterfarunge bei gynekologeschen Ënnersichungen ze maachen;
– de Groupe de travail „santé de la femme“ ze invitéieren,
Recommandatiounen auszeschaffen, fir Gewalt vis-à-vis
vun dëse Gruppe bei gynekologeschen Ënnersichungen ze
vermeiden.
(s.) Marc Goergen.
Motion 6
D’Chamber vun den Deputéierte stellt fest:
– d’Hiewanskonscht ass zanter dem 29. Juli 2019 am nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg ageschriwwen;
– eist Nopeschland Däitschland setzt säit iwwer 25 Joer
op d’Gebuertshaus ënnert der Leedung vun Hiewannen
als Alternativ zum Spidol fir natierlech Gebuerten an huet
haut 150 Gebuertshaiser iwwert d’Land verdeelt;
– och a Frankräich an an der Belsch hu rezent méi Gebuertshaiser opgemaach;
– den 1. Februar 2022 gouf eng nei Nomenclature vun
der CNS publizéiert, déi d’eegestänneg Aktivitéite vun den
Hiewannen hei am Land erweidert huet;
– zu Lëtzebuerg dierfen Hiewannen vir- an nogebuertlech
Berodung ubidden an och Hausgebuerte betreien a kënnen dës Servicer och iwwert d’CNS ofrechne loossen;
– ënnert der aktueller Gesetzgeebung ass et den Hiewannen net méiglech, hir lafend Käschten, wéi zum Beispill déi vum Stroum oder vum Waasser, déi an engem
Gebuertshaus géifen ufalen, iwwert d’CNS ofrechnen ze
loossen. Esou ass dervun auszegoen, dass eng Eegeparticipatioun vun de Mamme gefrot géif ginn, wann ënnert
der aktueller Gesetzgebung géif e Gebuertshaus opgoen;
– Lëtzebuerg setzt sech säit Laangem derfir an, eng
Zweeklassemedezinn ze vermeiden, wou gewësse Servicer
Persoune virenthale bleiwen, déi se aus eegener Täsch bezuele kënnen;
– aktuell gëtt et zu Lëtzebuerg kee gesetzleche Kader, dee
Qualitéitsstandarde fir Gebuertshaiser festhält.
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung,
– an Zesummenaarbecht mat de Representante vun den
Hiewannen an der CNS ze ermëttelen, wéi eng Gesetzeslücken et aktuell bei de Gebuertshaiser gëtt;
– op Basis vun dësen Evaluatioune Pisten auszeschaffen,
déi assuréieren, dass mat enger zukünfteger Gesetzgeebung d’Qualitéit vun de Servicer genee ewéi eng
sécher Basis fir d’Prise en charge duerch d’CNS an de Gebuertshaiser garantéiert kënne ginn.
(s.) Marc Goergen

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Also ech sinn och frou, dass den éischten Invite erauskënnt. Ech hat mer nämlech extra ugestrach, dass deen e bësse méi problematesch ass an dass een do
länger misst driwwer diskutéieren.
Ech gesinn eng Enquête qualitative och éischter als
Bonus fir d’Gynekologen, well, wann een alles richteg
mécht, da kënnt dat jo eraus. Da gëtt ee jo en plus
nach gelueft.
Une voix | Jo.
M. Marc Goergen (Piraten) | Dat heescht, et ass kee
Generalverdacht oder soss eppes, dofir ass dës Motioun ganz positiv an ech wäert se och matstëmmen.

M. Marc Goergen (Piraten) | Jo, merci. Ech hat et jo
schonn an der Ried ugedeit, dass mer genau op deen
dote Wee sollte goen, fir dass jiddereen do gläichberechtegt ass a jiddereen och mat an déi Date geholl
gëtt. Deementspriechend sinn ech och derfir.

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci. Also déi Schlichtungsstell, Bureau des plaintes, hat ech jo virdru
schonn esou an der Ried erwäänt, eebe ganz einfach, well et eng ganz intim Situatioun ass an een do
eng ganz neutral Stell brauch. Et kann een net bei
déi goen, déi schonn do sinn – wann der do sinn –,
a scho guer net bei d’Spideeler oder do, wou et geschitt ass. Deementspriechend ass et genau déi Fuerderung, déi ech virdrun dofir genannt hunn. Dofir
wäert ech dat och haut esou matstëmmen.

M. Marc Goergen (Piraten) | Jo, merci, Här President. Ech hunn der Ministesch elo gutt nogelauschtert. A wann ech se elo richteg verstanen hunn, ass
dat jo alles schonn erfëllt, wat hei an der Motioun
esou wäit steet. Deementspriechend géif ech se
dann zréckzéien an da géife mer a sechs Méint nach
eng Kéier driwwer kucken, wat d’Erfolleger ware bezéiungsweis wat et um Terrain bruecht huet.
Merci.
(La motion 5 de M. Marc Goergen est retirée.)

Zesummenhang posts

Duerch de Klimawandel wäerten d’Waasser an Europa, an och zu Lëtzebuerg, ëmmer méi knapp ginn. An enger rezenter Etüd mécht den European Parliamentary Research
Zu Lëtzebuerg reegelt ee groussherzoglecht Reglement vum 16te November 2018 baséierend um Déireschutzgesetz, wéi eng Déieren een als Hausdéier halen dierf. Op der Lëscht
D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun