M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt merci och un déi Lénk dofir, dat awer wichtegt Theema op den Ordre du jour gesat ze hunn. Et gëtt leider Situa- tiounen, an deenen e Kand aus senger Famill muss erausgeholl ginn an zu sengem eegene Schutz muss placéiert ginn. De Placement vu Kanner ass de lesch- ten Auswee, fir Kanner aus engem fir si dann onsé- cheren Ëmfeld erauszehuelen. Duerno gi se – an dat hunn d’Virriednerinnen an d’Virriedner gesot – ent- weeder bei engem Familljemember, an enger Fleege- famill oder an engem Foyer ënnerbruecht.
Falls awer keng vun dësen Optiounen zur Verfügung steet, da ginn d’Kanner zum Deel och emol op Plazen ënnerbruecht, déi dofir manner gutt gëeegent sinn,zum Beispill d’Spidol. Et gëtt ongeféier 500 Fleegefa- milljen zu Lëtzebuerg an 1.300 Kanner, déi placéiert musse ginn. An dat weist schonn d’Diskrepanz: Lëtze- buerg huet international gesinn en immens héijen Taux u Kanner, déi an Institutioune placéiert ginn. Den UNO-Kannerrechtskommitee weist och ëmmer nees dorobber hin, datt éischtens dréngend muss no- gebessert ginn, mee fundamental geännert huet sech trotzdeem nach ëmmer näischt.
De Problem ass och, datt mer hei zu Lëtzebuerg vill ze wéineg Fleegefamilljen hunn. Ech mengen, ech hunn d’Zuele jo genannt. D’Ufuerderungen, fir eng Fleegefamill ze ginn, sinn net einfach, an e Kand bei sech doheem opzehuelen, ass eng schwéier Aufgab. Dës Kanner hunn dacks vill Misär erlieft. Se brau- chen e séchert a stabillt Ëmfeld, wou se och déi fir si enorm wichteg Bindungserfarunge maache kënnen. Am Foyer sinn esou Bindungserfarungen awer nunemol schwéier opgrond vu wiesselenden Educateu- ren am Schichtesystem an och zougedeelt Assistente kënne keng richteg Bezuchspersoune sinn, wéi dat an engem familiären Ëmfeld de Fall ass.
Déi wëssenschaftlech Recherche weist dann och, datt Kanner, déi an enger Fleegefamill opwuessen, duer- no vill besser Chancen am Liewen hu wéi Kanner, déi an engem Foyer opwuessen. Dës Kanner ginn dacks verhalensopfälleg a kënnen da just nach am Foyer bleiwen. An dat ass u sech eppes, wat immens schued ass, well da si se net méi vermëttelbar an eng Flee- gefamill.
Vill vun dëse Kanner landen dann herno leider och an där nächster Konsequenz zu Dräibuer bezéiungsweis am Prisong. An dat däerf keng Fatalitéit sinn. Et däerf keng Fatalitéit sinn, an eng Fleegefamill ze kommen oder musse placéiert ze ginn. Hei muss verhënnert ginn, datt duerch e Placement u sech eng Karriär age- schloe gëtt, déi kee vun eis fir déi Kanner wëllt.
Dofir musse mer derfir suergen, datt et méi Fleege- famillje gëtt. Ech mengen, dat wär déi „einfachste“ Léi- sung – „einfach“ ënner Anführungszeichen, well esou einfach ass et net. Mir kënne se och net aus dem Stee schloen. Dofir muss d’Politick hiren Deel bäidroen.
E Fleegekand opzehuelen, ass e grousst Engagement an dofir mäi ganz grousse Respekt fir déi Elteren, muss ee soen, déi sech dat zoutrauen. Elteren ze si
vun engem Kand, wat mat engem gewëssenen His- torique kënnt, ass nach eng Kéier eng Hausnummer méi schwiereg. An dofir, mengen ech, sinn et net nëm- men déi Stonne Formatioun, mee och d’Betreiung an och den Encadrement vun engem Fleegekand, déi do ganz wichteg sinn. Dozou gehéiere Rendez-vouse bei Psychiateren, Psychologen oder de Besuch bei de bio- logeschen Elteren. Ech mengen, et kann ee vill driwwer schwätzen, wat do alles derzougehéiert. Et ass nach eng Kéier e bësse méi, wéi wann et leiblech Eltere sinn.
Dowéinst ass et dann a ville Fleegefamilljen och net verwonnerlech, datt eng Persoun entweeder just nach Deelzäit oder vläicht och guer net schafft. Flee- gefamillje kréien dann dofir eng Entschiedegung. Dat ass och op den éischte Bléck richteg. Et ass awer och en neit Gesetz ënnerwee, dat verschidden Ännerunge brénge soll.
Op där enger Säit begréisse mer, wat an deem neie Gesetz virgeschloe gëtt: D’Autorité parentale soll bei den Eltere bleiwen – wou ech awer e bësse Bedenken hunn a wou ech wëll, datt mer awer derfir suergen, datt déi Autorité parentale herno net ka mëssbräuch- lech verwennt ginn, fir Fleegefamilljen d’Liewe schwéier ze maachen, zum Beispill wann et konflik- tuell ass, an et och onméiglech maachen, fir zum Bei- spill géint den Interêt vun de Kanner ze schaffen. Ech mengen, do gëtt et wierklech eng Baustell, fir och dat richtegt Gewiicht ze fannen.
An da solle Fleegeelteren d’Recht op zéng Deeg Congé kréien, fir en neit Fleegekand opzehuelen.
(Brouhaha provenant de l’extérieur)
Och wann ech d’Analogie verstinn zwëschent dem Pappecongé an dem Congé bei der Adoptioun, ass et awer e bësse wéineg, wann ee bedenkt, datt dës Kanner Zäit brauchen, fir sech emol anzegewinnen. Do schwätze mer jo dann awer heiansdo och vu méi abrupte Situatiounen, wou och d’Agewinnungsphas e bësse méi laang ka brauche wéi vläicht bei enger Agewinnungsphas, déi plangbar war.
(Brouhaha)
M. Fernand Etgen, Président | Wannechgelift d’Fëns- ter zoumaachen!
M. Sven Clement (Piraten) | Also, Här President, ech mengen net, datt dat doten d’Fënster war.
(Hilarité)
Bon, ech kommen zum Schluss. Et ass och längst iw- werfälleg, datt verschidden Informatioune gesammelt ginn, zum Beispill doriwwer, wéi laang e Placement an der Moyenne dauert. Mir haten dozou eng Question parlementaire gestallt an d’Äntwert war: „Dozou gëtt et keng Donnéeën.“ Wann een natierlech keng Donnéeën huet, dann ass et schwéier, evidenzbaséiert Politick ze maachen. An a wéi ville Fäll e Retour an d’Hierkonfts- famill fonctionéiert, ass och net bekannt. Och dat wier wichteg, fir ze evaluéieren, wéi effikass eise System haut ass. Wa mer de System also laangfristeg wëlle verbesseren, da brauche mer dës Informatiounen. Mir hunn also nach e laange Wee virun eis, well wa mer am Moment nach am Niwwel fueren, da sollte mer zu- mindest derfir kämpfen, datt mer besser Scheinwerfer kréien.
Ech soen Iech Merci.