M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Merci dem Myriam Cecchetti fir déi wichteg Aktualitéitsstonn. Jo, et ass e wichtege Schrëtt, wou ech
eigentlech net domat gerechent hat, dass d’EU e géif
maachen. Mee et muss een natierlech elo déi eenzel
Modalitéiten an dann Effekter ofwaarden, wéi déi
eenzel Länner dat Ganzt och interpretéiere wäerten.
Ech sinn do e bësse méi skeptesch, woubäi ech de
Start awer kloer begréissen, net nëmmem, well mir
dat änlech am EU-Programm scho gesinn hunn, mee
och, well ech d’Iddi vum Mindestloun nach ëmmer
ënnerstëtzen.
Well et ass nach ëmmer esou, dass, wann ee schaffe
geet an all Moien opsteet, soll een och gutt dovunner
liewe kënnen. Et leescht een eppes fir d’Gesellschaft,
da soll een och eppes zréckkréien. An do ass eeben
d’Diskussioun, dass een ëmmer nëmmen nom Montant selwer kuckt, eigentlech e bëssen eng falsch,
well et ka sinn, dass ee mat engem méi niddrege Mindestloun wéi zu Lëtzebuerg an engem anere Land ka
besser liewe wéi hei zu Lëtzebuerg mat engem Mindestloun, deen am Moment an Europa deen héchsten
ass.
Ech schwätzen do net vun den zwee Euro a Bulgarien,
mee vun deene Länner, déi dertëschentleien a wou hir
Niewekäschte vill méi geréng sinn. Dofir ass den europäesche Mindestloun och ganz komplex, dass een net
einfach ka soen, mir huelen deen een oder deen anere
Montant, mee ganz vill Krittäre muss kucken, wat op
där enger Säit et komplex mécht, op där anerer Säit
awer och eng Ouverture ass, fir dass déi Länner, déi de
Leit net wëllen esou vill zréckginn, dat kënne benotzen,
fir eeben e Mindestloun zimmlech déif ze halen.
Mir si souwisou der Meenung, dass e Mindestloun,
egal wéi e Land et ass, 20 % iwwert dem Aarmutsrisiko
soll leien, well et kann net sinn, dass, wann ee schaffe
geet, een nach ëmmer an dem Aarmutsrisiko ass.
A mir gesinn och an der Groussregioun hei fir eist
Land eng Chance, awer och eng Gefor.
Op d’Chance ginn ech fir d’éischt an. Dat ass, dass
d’Handwierksbetriber, doduerch dass an der Groussregioun Mindestléin kommen … Huele mer zum Beispill Däitschland, dat ass e grousse Phenomeen, wou
ganz vill Handwierksbetriber eng méi bëlleg Konkurrenz haten, well déi lescht Joren déi eeben iwwert
d’Salairë gesteiert waren, soudass d’Handwierksbetriber hei am Land elo sécherlech manner Konkurrenz iwwert de Präis kréien, well wann Däitschland
elo op 12 Euro Mindestloun eropgeet, se zimmlech no
bei eis wäerte sinn, wat eis Handwierksbetriber stäerke wäert a wat och warscheinlech d’Méiglechkeet
gëtt, dass déi hirem Personal, sief et iwwer Primmen
oder iwwer aner Modalitéiten, entgéintkommen.
Op där anerer Säit gesinn ech awer e Risiko, dass,
wann an der Groussregioun d’Salairen an d’Luucht
ginn iwwert de Mindestloun, manner Leit heihinner
wëlle schaffe kommen, well se sech de Verkéier kënne
spueren. Si kënnen alleguerten déi aner Käschte spueren, wa se herno mat 12 Euro … Oder wa Frankräich op
10 Euro, 11 Euro elo eropgeet. Elo ass jo déi nei Regierung, déi ugekënnegt huet, och do nach eng Kéier
nozeleeën, dass se herno bei 12, 13 Euro wäerte landen. Da si mer herno op engem Niveau. An dat wäert
sécherlech eis Personalpolitik e bëssen op d’Kopp
geheien.
An do muss Lëtzebuerg sech fir d’Zukunft virbereeden, well mir wëlle jo och elo net vill, vill méi wäit an
déi osteuropäesch Länner goen, fir dann do Personal
ofzezéien, well dat ass dann och erëm kontraproduktiv. Dofir ass et, fir elo sech virzebereeden, dass mer
higinn an awer herno genuch Main-d’oeuvre nach am
Land hu fir eis deeglech Aufgaben.
Mir Piraten si souwisou der Meenung, dass de Mindestloun iwwer eng Steierpolitik muss iwwerlaascht
ginn. Mir hunn allgemeng e Problem domat, dass
d’Steieren nom Loun zimmlech héich sinn. Mir sinn
éischter der Meenung, dass een d’Kapital oder aner
Erträg misst vill méi besteieren, awer dofir de Loun,
wou ee schaffe geet, misst vill manner besteiert ginn.
Dat hätt och scho beim Mindestloun bezéiungsweis
bei alleguerten deenen, déi kuerz driwwer leie seng
Virdeeler, dass d’Leit do direkt erëm cash an d’Täsch
eppes erëm hätten.
Huele mer de Mindestloun: 50 oder 100 Euro hätt
een einfach méi, wann een do un der Steierschrauf
géif dréien. Et géif dem Staat net wéidoen, wann en
en contrepartie deene groussen Entreprisen, déi Millioune Gewënner maachen, dat vläicht iergendwéi
ëm 0,00… iergendeppes Prozent géif eropsetzen. Da
géif dat scho sech finanzéieren.
Et ass awer och nach eppes, wat ee muss bedenken,
dass ganz vill Liewensmëttel, déi mir hei am Land
konsuméieren, och aus osteuropäesche Länner kommen. An dat bedeit och, wann elo en europäesche
Mindestloun kënnt, dass och do nach eng Kéier un der
Präisschrauf wäert gedréit ginn. Da ginn d’Gromperen,
d’Spargelen …, alles wäert nach eng Kéier e bësse méi
héich ginn, am Präis an d’Luucht goen. An dat ass e
Phenomeen, dee mer an der aktueller Situatioun, mat
20 %, 30 % elo schonn op de Liewensmëttel, sécherlech mussen an Zukunft am A behalen.
Also mir Piraten stinn deem ganze Mindestloun fir
d’Europäesch Unioun gutt entgéint, mee mir maachen
awer och drop opmierksam, dass mir als Land musse
verschidde Virbereedungen treffen, well Lëtzebuerg
wäert eeben, wéi virdru gesot, iwwert d’Groussregioun,
iwwer gewësse Präisser sécherlech en Impakt spieren.
An do gëllt et, elo schonn ze handelen, fir dass, wann
déi Mindestléin herno a Kraaft trieden an déi eenzel
Parlamenter an Europa déi ëmgesat hunn, mer da fit
sinn an dat gutt verdaue kënnen.
Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Merci de Lénke fir déi mir ganz sympathesch Motioun. Bon, et kann een driwwer diskutéieren, dass
en den 1. Januar nach eng Kéier an d’Luucht geet.
Ech mengen, ech hunn et virdrun eng Kéier do uewe
gesot: Mir Piraten sinn einfach der Opfaassung, dass
et nach ëmmer net duergeet fir ze liewen. Och wann
en elo den 1. Januar nach eng Kéier an d’Luucht geet,
kann een och nach eng Kéier diskutéieren, ob déi
60 % vum Median duerginn.
Duerfir wäerte mir dat heiten ënnerstëtzen, well ech
hunn et virdru gesot: Wann ee schaffe geet, muss een
och eppes iwwregbehalen an et muss sech lounen.
Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Merci déi Lénk fir déi Motioun. Bon, mir Piraten sinn
iwwerall dobäi, wou een d’Gewerkschafte ka stäerken,
a Kollektivverträg stagnéieren am Moment. An ech gesinn och net, wou hei iergendeen Delai wär, wou een
a sozial Verhandlunge géif agräifen. Et ass einfach e
gesetzleche Kader, deen ee bis Enn des Joers soll setzen. An duerno ass et un de Gewerkschaften, fir mat de
Betriber ze verhandelen. Esou hunn ech et erausgelies,
dass si gär bis Enn des Joers e Projet de loi hätten an
duerno géifen dann d’Sozialpartner de Rescht maachen.
Also ech fanne se ganz gutt, well mir mussen d’Gewerkschaften eng Kéier stäerken. Et ass duerch
d’Gewerkschaften, dass d’Leit awer hir Gehälter iwwerhaapt nach an d’Luucht kréien, well, ech mengen, eng
eenzel Persoun huet net esou vill Méiglechkeeten a
hirem Betrib an dofir si Kollektivverträg fir eis Piraten
ganz wichteg. An dofir wäerte mir se och haut matstëmmen.
M. Fernand Etgen, Président | Merci, Här Goergen.
An da ginn ech d’Wuert zréck un den Auteur vun der
Motioun, d’Madamm Cecchetti.
Mme Myriam Cecchetti (déi Lénk) | Här Kersch, wa
mer déi zwee Datumen, also dat „d’ici la fin de l’année“ an „au plus tard dans six mois“ duerch „dans les
meilleurs délais“ ersetzen, stëmmt Der da mat?
(Interruption)
Mat „dans les meilleurs délais“ ersetze mer déi „dans
six mois“ an „d’ici la fin de l’année“. Géift Der se da
matstëmmen?
(Interruptions)
M. Dan Kersch (LSAP) | Ech soen nach eng Kéier, wat
ech virdru gesot hunn. Et ass net un der Chamber, elo
d’Regierung opzefuerderen, e Projet de loi ze presentéieren zu engem Theema, wat am Comité permanent
de l’emploi haart a kontrovers diskutéiert gëtt.
Genausou gutt kënnt Der soen, d’Regierung soll eppes
Onméigleches maachen. Dat ass einfach carrement net.
M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Ech hat virdrun a menger Ried gesot, dass de Mindestloun eigentlech misst steierfräi ginn. An dat doten ass
och e Punkt, dee mir esou am Programm hunn.
Sécherlech ass elo d’nächst Woch do nach eng Diskussioun driwwer. Mee wa mer ufänken, allkéiers ze soen,
iergendeng Kéier um Ordre du jour schwätze mer
nach eng Kéier driwwer, an et ass awer eng Iwwerzeegung …, well dat heiten ass jo awer eng Iwwerzeegung, déi och haut zum Mindestloun passt. Et ass
elo net iergendwéi, datt mer ëmmer nëmme schiben.
Also fir mech ass dat dote ganz sympathesch, well
et eeben och meng Iwwerzeegung ass, dass de Mindestloun soll steierfräi sinn. Ech hunn et virdru gesot:
éischter d’Kapital besteiere wéi de Loun. Deementspriechend wäerte mer dat heiten haut matstëmmen.