M. Marc Goergen (Piraten) | Här President, d’Cham- ber diskutéiert haut, wat déi deontologesch Charta fir d’Kultur ugeet. 69 Organisatiounen (veuillez lire: 88 Organisatiounen) hunn d’Charta schonn ënnerschriw- wen an hale sech un dës Reegelen. Et kann ee mat- maachen, ob een elo Hëllef vum Staat kritt oder net. Fir déi Hëllef ze kréien, ass dës Charta obligatoresch.
Mir Piraten sti fir déi absolutt Konschtfräiheet. Mir wëlle keng Qualitéitskriterien, déi enger Kulturorga- nisatioun géife virschreiwen, wat se dierfe maachen oder wat net. An dëser Charte ass dat och net de Fall.
Mir Piraten freeën eis virun allem, wa Jonker d’Konscht fir sech entdecken a probéieren, sech esou auszedrécken an eppes ze bewierken.
Mir Piraten sinn dofir och fir e Grondakommes, wat grad och Kënschtler a Kënschtlerinne géif ofsécheren, esou dass si net nëmmen dat musse produzéieren, wat sech verkeeft, mee dat, wat hinne wierklech Spaass mécht. Duerch e Grondakommes kéint een d’Leit an der Zeen schützen an d’Konscht an d’Kultur hei am Land weiderbréngen.
Mir Piraten sinn also fir d’Kultur a géint Qualitéits- kriterien, an dat bréngt dës Charta. Hei gëtt et keng Qualitéitskriterien. Hei gi Kriterie wéi Transparenz, Dateschutz, Ëmweltschutz a Gläichberechtegung ge- fërdert, wat mir Piraten ganz kloer ënnerstëtzen. Dat hei sinn alles Kriterien, déi d’Konschtfräiheet an eisen Aen net aschränken. Et si Kriterien, déi derfir suer- gen, dass alles ronderëm d’Kultur stëmmt.
D’Artisten an d’Artistinne sollen heimat besser virun onfaire Bezuelungen an, jo, och sexuellen Iwwer- grëffer geschützt ginn. Et soll keen Ënnerscheed an der Bezuelung oder an den Jobchancë ginn tëscht den eenzelne Geschlechter. Dat gëllt fir all Aspekt am Beruffsliewen an doriwwer eraus.
Och dass et Standarde gëtt, wat den Dateschutz vun den Employéën ugeet, ass an eisen Ae ganz gutt. Wat fir d’Patrone Standard ass, soll och fir d’Konscht gëllen. Dat alles kënne mir nëmme begréissen an dë- ser Charta.
Mir Piraten froen eis also, firwat d’ADR dës Aktua- litéitsstonn iwwerhaapt ugefrot huet. Grad déi Partei, déi d’Konscht an d’Meenungsfräiheet eeben net res- pektéiert. Als Partei, aus där Deputéiert jonk Lëtze- buerger Kënschtler bei der Police usiche ginn. Als Partei, déi Journalisten usiche geet.
Dass grad d’ADR sech hei wëll als Partei vun der Mee- nungsfräiheet profiléieren, ass scho bal eng Comedie. Et ass en eenzege grousse Widdersproch.
(Interruption)
Här President, mir Piraten ënnerstëtzen dës Charta, well se d’Leit sozial ofséchert, déi am Milieu schaffen.
Well se e séchere Kader schaaft, an deem d’Leit kënne fräi schaffen. Mir gesi keng Problemer doranner, déi Organisatiounen, déi vum Staat ënnerstëtzt ginn, ze obligéieren, den RGPD ze respektéieren a méi ëm- weltfrëndlech ze handelen. Esoulaang keng Quali- téitskriterie matspillen, wäerte mir Piraten esou Initiativen ënnerstëtzen.
Merci.