M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Merci déi Lénk fir d’Ufro vun dëser Aktualitéitsstonn. D’Erliewe vu physescher oder verbaler Gewalt wärend enger gynekologescher Ënnersichung oder souguer wärend der Gebuert si leider méi heefeg, wéi ee sech dat géif erhoffen.
Wéi oft genee et hei am Land awer zu esou Gewalter- farunge kënnt, ass leider net bekannt, well ongléckle- cherweis gëtt et an dësem Beräich nach ëmmer keng Daten, déi erhuewe ginn. Hei mussen also dréngend Schrëtt ënnerholl ginn, a mir brauchen op alle Fall eng zentral an neutral Ulafstell, wou betraffe Per- soune sech kënne mellen. Nëmmen esou kënne mer endlech déi néideg Donnéeë fir eng Verbesserung vun der Situatioun sammelen an derfir suergen, dass d’Affer gehéiert ginn.
Mir kënne se net einfach un de Service fir Reklama- tioune vum Spidol verweisen, an deem si hiert Kand kritt hunn. Hei ka schliisslech net vun Objektivitéit ge- schwat ginn a vill Persounen zéien et da vir, einfach guer näischt ze soen. Dofir bleiwen am Moment vill Persoune mat deem, wat hinne geschitt ass, ganz ein- fach eleng. An dat ass ganz schwéier fir si.
Dowéinst fuerdere mir Piraten scho säit Laangem, dass een en Zentrum misst opmaache fir d’Affer vu sexueller a geschlechtsspezifescher Gewalt, wou be- traffe Persounen an engem manner sterille Kontext wéi engem Spidol kéinte berode ginn an, wa si dat wënschen, och psychologesch a medezinnesch Hëllef kéinte kréien, alles op enger Plaz a mat esou wéineg Intervenantë wéi méiglech. Esou en Zentrum wier natierlech och eng exzellent Ulafstell fir Persounen, déi bei enger Gebuert oder enger gynekologescher Ënnersichung Gewalt erlieft hunn.
Nëmme wa mir d’Affer eescht huelen an de Problem net weider einfach ignoréieren, kënne mer d’Situa- tioun verbesseren. Dass d’Angscht viru Gewalt bei der Gebuert e grousse Problem ass, mierkt een och an de Gespréicher mat den Hiewammen. Vill Mammen hunn Angscht viru Gewaltsituatiounen, an dofir ent- scheede sech och ëmmer méi Mamme fir d’Hausge- buerten oder ginn an d’Ausland an e Gebuertshaus.
Hei muss also dréngend dru geschafft ginn, fir d’Sécherheetsgefill vun de Patienten, déi sech fir eng Gebuert am Spidol entscheeden, ze verbesseren. Mee och d’Alternative vun engem Gebuertshaus sollte méiglech ginn, fir de Patientinnen e Choix ze erméig- lechen.
Une voix | Très bien!
M. Marc Goergen (Piraten) | Ech deposéieren dofir haut eis Motioun fir d’Schafe vun enger gesetzlecher Basis fir e Gebuertshaus, zu där ech och direkt nach eppes wëll soen, ier ech da mat menger Ried weider- fueren.
Am Gebuertshaus kënnen d’Mammen nach méi enk vun der Hiewamm betreit ginn, wéi dat am Spidol méiglech ass, a Gewaltsituatiounen, déi aus Zäitdrock oder Stress entstinn, komme manner oft vir. D’Gyne- kologe kënnen an enger Noutsituatioun geruff ginn oder sinn disponibel, falls eng Patientin misst an e Spidol transferéiert ginn. Mee et sinn d’Hiewammen, déi d’Patientin primär begleeden, an och d’Haus gëtt vun hinne geleet.
Leider feelt et fir d’Opmaache vun esou engem Haus zu Lëtzebuerg nach ëmmer un engem stabille gesetz- leche Kader. Säit ufangs des Joers kënnen d’Hiewam- men zwar hir Prestatiounen eegestänneg ubidden an iwwert d’CNS ofrechnen, mee wéi sinn d’Käschte
fir Stroum, Waasser, Infrastruktur an engem Ge-
buertshaus ze decken? Ouni eng Eegeparticipatioun vu Patienten ze froen, ass dat net kloer. Wann e Ge- buertshaus also net soll zu engem Privileeg ginn, dee just Leit mat genuch Sue sech leeschte kënnen, muss hei nogebessert ginn. Zudeem gëtt et bis elo nach keng gesetzlech Mindeststandarden, déi esou en Haus erfëlle misst, wat och net zur Protektioun vun de Patientinne bäidroe géif, wann elo schonn esou en Haus géif opgoen. Dofir eis Motioun.
Här President, loosst mech dann nach zum Schluss vu menger Ried iwwergoen. Hei wëll ech dann elo nach iwwert d’gynekologesch Gewalt ausserhalb vum Ge- buertsvirgang schwätzen, dat heescht, iwwert d’Forme vu Gewalt, déi bei gynekologeschen Ënnersichungen allgemeng optauche kënnen.
Besonnesch vulnerabel sinn hei jonk Fraen, bisexuell oder lesbesch Fraen oder och Trans-Persounen. Grad fir dës Persoune kënne vaginal Ënnersichunge mat grousser Péng, villen Ängschten an, jee nodeem, och gewëssene Schimmte verbonne sinn.
Leider kënnt et hei ëmmer nees vir, dass d’Dokte- schen an d’Doktere sech net genuch iwwert déi indivi- duell Situatioun informéieren, ier se eng vaginal Ënnersichung ufänken. An och wa si iwwert d’Situa- tioun Bescheed wëssen, feelt heiansdo dat néidegt Afillungsverméigen, an dem Patient oder der Pa- tientin gëtt éischter d’Gefill vermëttelt, dass bei him eppes net stëmmt, well säi Fall jo net der Norm ent- sprécht. Dat ka fir déi Betraffe ganz dramatesch sinn, an och fir si misst an dësem Beräich méi Opklärungs- aarbecht geleescht ginn.
Leider gëtt dëse wichtege Beräich awer och vun de Recommandatioune vum Conseil scientifique bis elo nach net ofgedeckt. An dofir deposéieren ech dann hei och nach eng zweet Motioun, déi d’Regierung opfuerdere soll, beim Conseil eng deementsprie- chend Demande ze maachen, fir dass esou Recom- mandatioune fir d’gynekologesch Cabinete kënnen ausgeschafft ginn.
Ech soen Iech villmools Merci.