M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Ech zéien och e relativ positive Bilan vun Esch2022, vun der ganzer Regioun. Dat däerf een an den Diskus- siounen net vergiessen. Ech hunn zwar keng Äntwerte matbruecht op déi Froen an der Heure d’actualité, well dat wär e bësse Kaffisazlieserei, wat an der Ufro stoung, wann ech do misst mer iergendzwousch elo hei eraussuckelen, wat d’Äntwerte sinn.
Dofir ginn ech op eng méi generell Aart a Weis duerch Esch2022, wat ech natierlech och perséinlech als een, deen am Süde lieft, materlieft hunn. An et däerf ee bei deem Ganzen ni vergiessen ze kucken, dass mer awer an enger Pandemie waren an et am Ufank ganz vill Fragezeiche gi sinn. A mir hate jo och an de Chamberskommissiounen, wou mer d’Projete
presentéiert kritt hunn, wou dann hannert all Projet awer e Risefragezeiche war, wéi een dat iwwerhaapt kéint esou duerchzéien. Et däerf ee bei all de Kriti- cken net vergiessen, a wéi enger Situatioun dass een deemools war.
58 % vun de Leit, déi do waren, déi dohinner komm sinn, hu jo och erausfonnt, dass de Süde méi interes- sant ass, wéi geduecht. Dat war jo da schonn emol eng ganz positiv Publicitéit an ech kann de Leit soen: Och wa se weiderhin an de Süde kommen, wäerte se erausfannen, dass e méi interessant ass, wéi se ge- duecht hunn.
Esch2022 war och kee Projet, fir eleng Esch kennen- zeléieren, mee d’ganz Regioun. Alleguerten d’Gemen- gen, déi am Ufank iwwer PRO-SUD sech eens waren, de Projet eranzeginn … An dat war och en eemolegt Konzept, ech mengen, dat ass och europawäit eigent- lech schonn emol eng Aart Pilotprojet, well esou Konzepter sinn et och do net ginn. Wärend et soss éischter e puer Stied sinn, hu mer hei den Exercice gemaach, dass et direkt e puer Gemenge waren.
A jo, do ass och net ze verheemlechen, dass et heiansdo an der Kommunikatioun oder Koordina- tioun geklemmt huet tëscht de Gemengen, tëscht den Organisateuren, mee dat huet een dann awer heiansdo mat feine Wierder erëm riichtgebéit. A mir hunn och vu verschiddene Gemengeréit jo héiere virun Esch2022, ier d’Projete lancéiert gi sinn, dass den Informatiounsfloss net ëmmer esou war, wéi ge- wënscht. Bei engem Exercice, fir deen esou vill eenzel Leit sech mussen zesummesetzen, vum PRO-SUD bis zu de Gemengeréit, bis zu de Service-culturellen, bis zu de Kommiteeën, kann dat eeben emol virkommen.
Iwwert d’Events kann een diskutéieren a se waren och net alleguerten no mengem Geschmaach. Mee dat ass eebe Kultur: Kultur ass villfälteg. Kultur ass och net moossbar un den Zuschauer. Ech si frou, dass hei erwäänt ginn ass, dass d’Péitenger Kavalkad 20.000 – ech hat zwar gemengt, et wären 30.000 – Visiteuren hat. Elo kann een nach ëmmer driwwer diskutéieren, ob eng Kavalkad zu der Kultur gehéiert. An ech sinn e Fan vun der Fuesend, och als eeëmolege Prënz, …
Plusieurs voix | A!
M. Marc Goergen (Piraten) | … mee trotzdeem sinn ech nach ëmmer net iwwerzeegt, dass d’Kavalkad wierklech …
M. André Bauler (DP) | De Péitenger Wand bléist ëmmer.
(Interruption par M. Sven Clement)
M. Marc Goergen (Piraten) | Jo, de Péitenger Wand, genau, Här Bauler.
… dass eng Kavalkad zur Kultur gehéiert – ech hunn et awer trotzdeem akzeptéiert, och wann Esch2022 elo net onbedéngt den Ausléiser war, fir dass eng Ka- valkad sollt stattfannen. Et war déi 65., just fir et ze soen, an dëst Joer wäert déi 66. sinn. Ech sinn awer frou, dass Esch 2022 iwwerregional Reklamm derfir gemaach huet. An et muss een och soen: Mir haten zu Péiteng och europäesch Veräiner invitéiert. Mir ha- ten deem Ganzen e bëssen en anere Péitenger Wand ginn, wéi dat soss déi aner Joren ass.
Et ass zwar ee vun deene Projeten, déi am bekanntste waren, mee deen net onbedéngt eis Kultur am gréisste gestäerkt huet. An dat ass de Punkt, op deen ech erauswollt. Et si ganz vill kleng flott Projete ge- wiescht, quer duerch d’Regiounen, déi warscheinlech kulturell vill méi interessant a vill méi héichwäerteg ware wéi déi grouss Eventer, déi herno zréckbehale gi sinn a wou vläicht déi meeschte Fotoen op Social Media circuléiert sinn.
Ech ka mech och net méi un 1995 erënneren, et deet
mer leed. Ech kann dofir kee Verglach zéien, wéi et deemools war. Ech hunn eeben elo …
M. André Bauler (DP) | Dat war schéin!
M. Marc Goergen (Piraten) | Et war schéin, jo. Et
deet mer leed, Här Bauler, ech ka mech do net méi … Do war ech ze jonk.
M. André Bauler (DP) | De Jacques Santer war Staats- minister.
M. Marc Goergen (Piraten) | Also ass … Jo.
(Brouhaha et interruptions)
Iwwert de Käschtepunkt kann een diskutéieren. Do komme jo elo nach déi eenzel Bilanen. Mee do ass et och, wéi a villen Diskussioune ronderëm d’Kultur: Wat dierf d’Kultur kaschten? An do huet och jidderee seng Interpretatioun an och seng Meenung dozou. An esou ass et och bei enger Kulturhaaptstad. Fir déi eng war et ze vill, fir déi aner war et net genuch.
D’Fro, déi elo bleift, an dat muss een am Bilan of- waarden: Wat ass d’Nohaltegkeet? Wat wäert herno an deenen eenzelne Gemenge bleiwen? Wann et just Projete waren, déi op ee Joer waren, dann hu mer net gutt geschafft. Wann et Projete waren, déi awer no- halteg iwwert déi nächst Jore wäerten zur kultureller Entwécklung vum Süde bäidroen, dann huet jidderee fir Esch2022 gutt geschafft.
Merci.