Hëllef fir Affer vu sexueller a geschlechtsspezifescher Gewalt

Affer vu sexueller oder geschlechtsspezifescher Gewalt fält et oft schwéier iwwert dat, wat hinne geschitt ass, ze schwätzen. Direkt no enger Vergewaltegung en Dokter opzesichen, ka Betraffene ganz schwéier falen, an och wann d’Verletzunge scho Joren zeréck leien, fält et Persounen, déi sexuell Iwwergrëffer oder souguer Verstümmlungen am Intimberäich erlieft hunn, oft schwéier doriwwer ze schwätzen oder hire Kierper engem Dokter ze weisen.

Fir de Betraffenen de Kontakt mat Professionellen esou einfach ewéi méiglech ze maachen, ginn et am Ausland speziell Fraen- bzw. Gesondheetszentren, wou Persounen, déi e Rot oder eng medezinesch Consultatioun brauchen, déi mam Sujet vun der sexueller oder geschlechtsspezifescher Gewalt zesummenhänkt, Hëllef fanne kënnen an enger Ëmgebung, déi net esou kal a steril ass ewéi beispillsweis an engem Spidol. 

Fir Persounen, déi Vergewaltegungen erlieft hunn oder och z. B. fir Fraen, déi beschnidde goufen, ass et net einfach dës Themen, op deenen ëmmer nach e staarken Tabu leit, unzeschwätzen. E séchert Ëmfeld an engem speziellen Zentrum ka fir dës Persounen immens wichteg sinn, fir hinnen d’Sécherheet ze vermëttelen, dass si dës Sujeten ouni Angscht viru Virurteeler oder Ofleenung uschwätze kënnen. Zudeem ass fir vill Betraffener d’Hemmschwell méi kleng, fir sech un e spezialiséierte Service ze wenden, wéi fir sech un den Hausdokter oder eng Persoun am Spidol ze adresséieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wou kënne sech Persounen zu Lëtzebuerg kuerz no enger Vergewaltegung medezinesch versuerge loossen?
    Kréien déi betraffe Persounen hei och direkt Informatiounen iwwert d’Méiglechkeeten, fir psychologesch Ënnerstëtzung ze erhalen?

  2. Wou kënne Persounen, déi sexueller oder geschlechtsspezifescher Gewalt ausgesat waren, déi bleiwend Schied verursaacht hunn, och Joren no der eigentlecher Dot nach medezinesch a psychologesch Hëllef erhalen? 

  3. Wéi gi Fraen, déi eng Demande de Protection Internationale stellen, doriwwer informéiert, wou si zu Lëtzebuerg Hëllef fanne kënnen, falls si Affer vu sexueller oder geschlechtsspezifescher Gewalt waren an/oder beschnidde goufen?
    Wou kënnen dës Fraen an engem professionelle Kader iwwert dat Erliefte schwätzen oder eng gynekologesch Consultatioun bei engem Dokter kréien, deen sech mat deem sensibele Sujet vun der Beschneidung auskennt?

  4. Denkt d’Regierung doriwwer no, e Gesondheetszentrum anzeriichten, an deem Informatiounen, Berodung, psychologesch Ënnerstëtzung a medezinesch Consultatiounen, déi a Verbindung mam Thema vun der sexueller oder geschlechtsspezifescher Gewalt stinn, an engem séchere Kader gebündelt kéinte ginn?

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Däitsch Medie mellen, dass Däitschland een Accord mat Israel fonnt huet, fir Rackéitenofwiersystemer vum Typ “Arrow 3” ze kafen. Laut Berichter sollen dës Ofwiersystemer
D’Piratepartei huet den 3ten Oktober op enger Pressekonferenz Léisungen fir eng gerecht Stéierpolitik presentéiert. D’Presentatioun gouf vum Sven Clement, eisem nationale Spëtzekandidat, an och
Den 18ten Oktober invitéiert de Chef d‘État Major vun der Arméi op ee Concert mam Titel „Fënnef Joer Engagement fir d‘Arméi“. Dësen Owend, zu