Handwierker mat Meeschterprüfung an der Fonction publique – Nofro

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministere fir Ëffentlechen Déngscht & Mëttelstand weiderzeleeden.

De 17ten Januar 2019 hunn ech an der Question parlementaire n°214 nogefrot, wéi et mat der Unerkennung vun der Meeschterprüfung an der Fonction publique ausgesäit.
Am Gesetz vum 28.10.2016 ass festgehalen, dass um Niveau vun der Unerkennung vu Qualifikatiounen, de Brevet de Maîtrise op engem Level mat de Brevets techniciens superieurs léit. De Meeschterbréif bedeit awer nach zwee Joer méi Schoul wéi den Technikerdiplom.
  1. An der Äntwert vum Minister huet et deemools geheescht, dass 192 Mënsche mat ofgeschlossener Meeschterprüfung eng Primm krite, wëll si nach an enger D1 Karriär sinn, amplaz ewéi neierdéngs virgesinn an enger B1 Karriär.
    Wéi vill Mënsche kréien haut nach esou eng Primmm, well si bis elo nach net d’Chance haten an eng B1 Karriär opzesteigen?
  2. Wéi vill Posten huet de Lëtzebuerger Staat säit dem 1.01.2019 op engem B1 Niveau ausgeschriwwen, fir déi Léit mat engem Brevet de Maîtrise gesicht goufen?
  3. Wat fir Projete lafen am Moment, fir d’Handwierk hei zu Lëtzebuerg erëm méi attraktiv fir Jonker ze maachen?
  4. Fannen d’Minister dass eng weider Opwäertung vun der Karriär vum Brevet de Maîtrise wichteg wier, fir dem Problem vum Manktem un Handwierker, op mannst Deelweis, entgéint ze wierken?

Fro n°3138

Verlaaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene