“Greenlaning” – Wat ass dat a gëtt et dat och zu Lëtzebuerg?

Jonk a kleng Firmen erfëllen heefeg net d’Critère, fir bei ëffentlechen Ausschreiwungen matzemaachen. Och kleng staatlech Opträg kréie si just seelen, well et hinnen oft einfach nach u Bekanntheet feelt. Am Ausland huet sech dofir en Trend etabléiert, deen sech « Greenlaning » nennt. Dës Prozedur gesäit vir, datt kleng (a jonk) Betriber sech  mat de Servicer, déi si offréieren, engem zentrale Register kennen aschreiwen. Bei der Aschreiwung muss de Betrib eemoleg verschidde Piècen areechen, fir nozeweisen, fir wéi eng Opträg en eligibel ass, an duerno kann all Verwaltung  iwwert de Register op d’Informatiounen zu dëser Entreprise zeréckgräifen an en Devis ufroen. A Singapur ass mam Accreditation@SGD-Programm beispillsweis esou e Projet an d’Liewe geruff ginn.Dëse System erlaabt et awer net nëmme klengen a jonke Betriber Zougang zum ëffentleche Marchéë ze ginn, mee en huet och de Virdeel, dass en eng Méiglechkeet duerstellt, fir Date fir Statistiken ze erhiewen, andeems festgehale gëtt, wéi eng Betriber wéi eng Opträg iwwerhuelen – an dat och iwwert d’Grenze vun eenzele Verwaltungen a Ministèren eraus.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement de Ministeren fir Mëttelstand & Ëffentlech Aarbechten dës Froe gestallt:

  • Huet d’Regierung Statistike virleien, déi duerstellen, wéi eng Betriber an de leschte 6 Joer wéi vill Opträg a vu wéi enger Natur vu staatlechen Administratioune kritt hunn? Falls jo, wéi gesinn dës Zuelen aus?
  • Plangt d’Regierung, et klengen a jonke Betriber méi einfach ze maachen, un Ausschreiwungen deelzehuelen? Plangt d’Regierung, et klengen a jonke Betriber méi einfach ze maachen, fir Opträg ouni Ausschreiwung erdeelt ze kréien?  Wa jo, wéi eng Approche huet d’Regierung hei gewielt a mat wéi enge Mesuren ass bis wéini ze rechnen?
  • Huet d’Regierung Kenntnis vun Evaluatioune vu Greenlaning-Approchen aus dem Ausland?

Zesummenhang posts

Digital Plattforme wou een eng Wunnecht fir d’Vakanz loune kann, sinn an de leschte 5 Joer exponentiell gewuess. Besonnesch Plattforme wou privat Leit ouni
Elteren, déi hier Kanner an eng Crèche oder Maison Relais ginn, kréien eng finanziell Ënnerstëtzung vum Staat iwwert de Chèque-Service d’Accueil (CSA). Wien säi
An der Käler Gemengerotsitzung vum 12te Mäerz hat ee Vertrieder vum TICE erkläert, dass de Staat – also de Mobilitéitsministère – d’TICE-Buslinn 17, déi