Roll vun de Gewerkschaften am ëffentlechen Déngscht

Den Artikel 11, Paragraf 4, vun eiser Verfassung gesäit vir:
“(4) La loi garantit le droit au travail et l’Etat veille à assurer à chaque citoyen l’exercice de ce droit. La loi garantit les libertés syndicales et organise le droit de grève.”

De Code de la Fonction publique leet, ënnert Anerem am Kapitel 11, d’Prinzippie vum Associatiounsrecht vun de Fonctionnaire fest.

Mir ass zougedroe ginn, dass a verschiddene Ministèren an och Etablissements publics d’Uweisung vun Uewe komm ass, de Gewerkschafte keng Informatiounen zu festgestallte Problemer am Service weiderzeginn. Deemno ginn d’Gewerkschaften, ënnert Anerem, an hirer Funktioun behënnert “de formuler des propositions relatives à l’amélioration des conditions de travail, à l’organisation, la restructuration et la rationalisation des services”, well se net déi néideg Informatiounen, fir d’Ausübung vun dëser Aufgab asammele kënnen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kann de Minister ausschléissen, dass d’Regierungsmemberen an hier Direktioune Consignen (formell an informell) erausginn hunn, déi et de Staatsbeamten an Employéeë verbidden, Informatiounen un hier Gewerkschaft weiderzeginn? Falls nee, bei wéi engen Informatioune kann de Staat Schweigeflicht verlaangen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3739

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen