Gëtt d’Péitenger Kavalkade ofgesot?

Published by Christian Welter on

Wéi d’Escher Gemeng mellt, gëtt d’Escher Kavalkade wéinst der Angscht virun enger Verbreedung vum Coronavirus ofgesot. D’Piraten hunn dofir dem Péitenger Schäfferot d’Fro gestallt, ob d’Kavalkade zu Péiteng och wäert ofgesot ginn:

Här Buergermeeschter, 

De Coronavirus huet och Lëtzebuerg erreescht. D‘Ausmossen sinn nach schwéier ofzeschätzen. A Frankräich huet de Santésminister Véran bekannt ginn, dass bis op Weideres keng Manifestiatioune mat mei wéi 1.000 Leit däerfe staattfannen.

Esou wéi den Artikel 25 vum Gemengegesetz et virgesäit, wëll ech dem Schäfferot an dem Zesummenhang folgend Froe stellen: 

• Wei ass d‘Risikobewertung an d‘Reaktioun vum Schäfferot mat dem Fokus op Cavalcade zu Péiteng? 

• Soll d’ Kavalkade kuerzfristeg ofgesot ginn a d‘Wuere wäre schon akaaft ginn, gesäit de Schäfferot eng Entschiedegung fir d‘Veräiner vir? 


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.