Sven Clement:
Merci Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir Piraten begréissen d’Richtung, déi dëse Gesetzesprojet hëlt. Wéi mer all wëssen, ass dëst eng schwéier Zäit fir jiddwereen, a besonnesch fir d’Independanten.
D’Chambre des Métiers ënnersträicht et an hirem Avis: D’Independantë sinn engem ganz héije Risiko ausgesat, finanziell Enkpäss ze kréien an hire Betriber wéinst all de Konsequenzen, déi de Covid säit elo schonns Mäerz 2020 mat sech bréngt.
Dat ass scho bal e ganzt Joer, an deem d’Betriber an domadder och d’Independanten, déi un der Spëtzt vun dëse Betriber stinn, deem Risiko ausgesat sinn. Vill Leit hunn hir Diere missen zoumaachen, vill Leit konnten hir Aktivitéiten net ausféieren, an domadder sinn hir Chiffre-d’affairen an deene leschte Méint net nëmme gefall, se sinn deelweis pulveriséiert ginn, se sinn inexistent.
An da gouf och nach de Mindestloun erhéicht, eppes, wat grondsätzlech eng super Saach ass. Just fir déi eenzel Independanten, déi hir Charge-socialle musse bezuelen a wou et eng Mindestcotisatioun gëtt, déi um Mindestloun berechent gëtt, huet dat indirekt erëm zu e puer Méikäschte geféiert.
Elo kënne mer soen: „Dat sinn e puer Euro!“ Mee all Euro, deen een an enger Kris muss ausginn, deen een net huet, ass en Euro, deen een nach ëmmer net huet, fir auszeginn. Natierlech kann een elo soen: „Och do sinn d’Zënse gestundet ginn, och do hu mer e Gesetz, wat seet, Dir musst dat eng Zäit laang net bezuelen“; mir sollen dat elo nach verlängeren. Mee um Enn vum Dag, déi Sue feelen. An iergendwann, wann ee se erëmbezuele muss an et huet ee se net, majo, dann huet ee se net an et kann ee se net rembourséieren. Ech mengen, dat ass de grousse Problem. An do musse mer definitiv dat ganz opmierksam am A behalen.
Mir hunn hei am héijen Haus schonn e puermol doriwwer geschwat, datt lafend Käschte bei Betriber net pauséieren, wa se hiert Geschäft mussen zoumaachen oder e Service net ubidde kënnen. D’Independantë musse kënnen hir Käschten decken, hir Fournisseurskäschten, hire Loyer, hir Assurance, hir Sozialversécherung a villes méi.
Vill Leit hunn awer scho missen un hiert eegent Erspuertenes goen, fir entweeder hire Betrib covid19-compliant ze maachen, dat heescht Masken ze kafen, Desinfektiounsgel ze kafen oder Plexiglaswänn. An trotz allem konnte se hire Betrib deelweis net weiderlafe loossen.
Grad fir den Horeca huet dat och bedeit, datt se alles kaaft hunn an hinnen du kuerz drop awer gesot ginn ass, datt se trotzdeem nees missten zoumaachen. Esou eppes däerf sech net widderhuelen, léif Kolleeginnen a Kolleegen! Politik muss hei méi previsibel ginn a muss, wa Käschten duerch hir Entscheedungen entstinn, och derfir opkommen. Dës Méikäschte sinn auszegläichen duerch finanziell Ënnerstëtzungen, an dat esou séier wéi méiglech.
Här President, wa mer den Independanten eng Ofsécherung ginn, da séchere mer domadder net nëmmen hir eegen Existenz, mir sécheren domadder och d’Existenz vun hire Mataarbechterinnen a Mataarbechter, déi soss riskéieren, no dëser Pandemie sech ouni Patron erëmzefannen. Well wann de Patron sech et net méi leeschte kann, Patron ze sinn, ma da kann e sech et scho guer net méi leeschten, Leit ze beschäftegen. Finanziell Hëllefe mussen duerfir geziilt a séier un déi Betraffen ausbezuelt ginn. Et geet net drëms, deene puer ze hëllefen, déi nach méi wéi genuch Suen op der Säit hunn, mee deem ze hëllefen, deen ouni eng staatlech Ënnerstëtzung net weess, wéi e sech selwer a scho guer net seng Mataarbechterinnen a Mataarbechter nach kann duerch dës Kris bréngen.
Wéi d’Chambre de Commerce, d’Chambre des Métiers an d’Chambre des Salariés ugemierkt hunn, geet dës finanziell Aide awer net duer, fir den Independanten hir Käschten ze decken. A wann déi dräi Chambere schonn enger Meenung sinn, dann, léif Kolleeginnen a Kolleegen, kéint et sinn, datt se eppes op der Spuer sinn, well esou heefeg kënnt et net vir, datt souwuel d’Patronat wéi d’Salariat enger Meenung sinn.
Duerch dës Kris riskéieren ëmmer nach vill Leit, an d’Aarbechtslosegkeet ze rutschen, wat net nëmmen deen Eenzelne betrëfft, mee och seng ganz Famill. Grad bei Elengerzéiende kann dat besonnesch dramatesch sinn, well se mat hire Kanner nach méi séier an d’Aarmut ofrutsche kënnen.
An dësem Lockdown spiere vill vun eise Matbiergerinnen a Matbierger en immense psychologeschen Drock. D’Angscht, hir Aarbecht ze verléieren, d’Angscht, net méi genuch Suen ze hunn, fir de Loyer oder de Prêt vun hirem Haus ze bezuelen, d’Suerg, net genuch Suen ze hunn, fir d’Kanner gesond a monter duerch de Mount ze kréien, dat sinn omnipresent Suergen, Suergen, déi een owes am Bett wakereg halen an een net méi richteg schlofe loossen.
An dës Suerge léise mir mat dësem Gesetz net oder net genuch. Dës Suerge léise mer och net, andeems d’Regierung weider op Siicht fiert a kengem hei am Land seet, wat se als Nächst wëlles huet. Ech sot et schonn e puermol: Mir brauchen e Stufeplang, dee ganz kloer seet, wéini wie ka säi Beruff ausüben. Well d’Leit wëlle keng Almosen, d’Leit wëlle kënne schaffen an d’Leit wëllen eng Previsibilitéit, ob dat an dräi Wochen ass, ob dat a sechs Méint ass oder bei wéi engen Zuelen. Et geet net nëmmen drëm, eng Drëps op de gliddege Steen ze ginn, well dee Steen hei, deen ass scho rout gliddeg. Et geet
drëm, hinne Previsibilitéit ze ginn.
Här President, dee Minimum, dee wierklech gemaach misst ginn, wär awer d’Aiden opzestocken, se bis Enn des Joers ze verlängeren an net méi op eenzel Prime-uniquen ze setzen. Och dat géif Previsibilitéit schafen! Mir géifen och endlech gäre gesinn, datt et net nëmme bei den Annoncë bleift iwwert d’Vitess vum Ausbezuelen, mee datt mer vläicht déi Zuel, wéi séier ausbezuelt gëtt, och visibel gemaach kréien, net ëmmer nëmmen an de Chamberskommissiounen, mee datt de Ministère, wann en déi Zuel souwisou och erhieft, déi och reegelméisseg publizéiert, datt d’Leit eng gewësse Planbarkeet hunn, wéi laang et dauert, bis hir Suen do sinn.
A jo, Här Minister, ech si ganz frou, datt Der eis an der Chamberskommissioun ëmmer sot, wéi laang et dauert, an och all d’Ministeren, déi heivunner betraff waren, eis ëmmer ganz transparent soen, wéi vill Prozent deelweis hir Aiden net ugefrot hunn. Ech mengen, datt dat e weidere wichtege Punkt ass, datt mer wierklech fir déi Aidë werbe mussen. Mir sollen net esou maachen, just well et eng Drëps op de waarme Steen ass, wéi wann een d’Aide net sollt huelen. Mir mussen also alleguerten zesummen heibannen d’Werbetrommel réieren a mir mussen alleguerten zesummen derfir suergen, datt d’Leit, déi eligibel sinn, och an de Genoss vun hiren Aidë kommen.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, fir eis Piraten – an ech mengen, fir jiddwereen heibannen – ass et wichteg, datt no dëser Kris méiglechst vill Betriber nach iwwerliewen. Mir als Politiker mussen eis Responsabilitéit iwwerhuelen an aktiv deem Zil entgéintschaffen. Mir däerfen net nokucken, wéi Eenzelner an d’Prekaritéit ofrutschen, déi net misst sinn, wann et dës Kris net gi wär.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, dëst Gesetz ass, an eng ganz Rëtsch Virriedner hunn et gesot, eng Drëps op e gliddege Steen. Et ass e Minimum, „de minimis“, kann ee soen. Et ass awer net dat gëllent Ee, et ass net dat Bescht, wat mer hätte kënne maachen. Et ass wierklech e Minimum. Nichtsdestotrotz, wéi ech virdru sot: Wann et op all Euro ukënnt, kënnt et op all Euro un. An duerfir wäerte mer dëst Gesetz trotzdeem matstëmmen.
Ech soen Iech Merci.
- September 28, 2023
- 3:46 pm
- Digitalisatioun & IT, Parlamentaresch Froen, Questions parlementaires
A menger parlamentarescher Fro N°8287 wollt ech wëssen, wéi d’lëtzebuerger Regierung zur sougenannter Chatcontroll steet. Déi europäesch Pläng zur Chatcontroll, déi an der Propose